De Karschnatz – 2. Deel: Et gëtt gedresch

Deemools haten déi déck Baueren – dat waren déi, déi op d’mannst 5 oder 6 Päerd am Stall stoen haten – eng Manege an deeër eng „mechanesch“ Dreschmaschinn amenagéiert war a vun engem Päerd a Beweegung gesat ginn ass. Dat Ganzt huet een un e Karussell erënnert. An dat aremt Päerd, dat fir déi Aarbecht virgesi war, huet missen, gedëlleg wéi e Schof, am Krees ronderëm goen. D’Dreschen an der Manege war zwar nach eng Gedoldsaarbecht, mä géintiwwer dem Dresche mam Fléiwel a mat der Maschinn, déi mat Muskelkraaft ugedriwwe gouf, war et dach e gewaltege Fortschrëtt.

An trotzdem hunn deemools d’Baueren agesin, dass se sech missten zesummendin, fir hir Aarbecht méi séier a méi kamoud kënnen ze maachen. Duerfir sinn déi Zäit praktesch op all Duerf „Lokalveräiner“ entstanen. Op déi Manéier wollten d’Baueren hir Kräften an hir finanziell Mëttel zesummendin, fir sech déi landwirtschaftlech Maschinne kënnen unzeschafen, déi et du scho gouf, mä schrecklech deier waren. Esou ass op eemol eng technesch Revolutioun an den Dierfer ausgebrach, besonnesch wat d’Aarbechte vum Karschnatz ugoung. Geschwënn gouf d’Fruucht mam Binder geméit, eng fir déi Zäit formidabel Maschinn, déi net nëmmen d‘Éie geméit, mä och zu Gaarwen zesummegebonnen huet, an esou goung d’Aarbecht da vill méi séier vun Hand.

D’Meeschterleeschtung vum Ouljer Lokalveräin iewer war d’Uschafe vun enger gewalteg grousser Dreschmaschinn, déi nom Karschnatz vun engem Bauerenhaff zum anere bruecht gouf. Fir dat Ongeheier a Betrib ze setzen, gouf de Feesche mat sénger Seemaschinn engagéiert. Dorun hat hien e Schwongrad, un deem eng Pulli montéiert war. Mat engem laange Rimm gouf d’Verbindung mat der Dreschmaschinn hirgestallt. An da konnt et lassgoen.

Ee schéine, sonnege Septembermoie war d’hallef Duerf op de Been. Et gouf an engem Bauerenhaff gedresch. Aus all Bauerebetrib, dee Member vum Lokalveräi war, war e staarke Mann delegéiert, fir ze hëllefen. D’Dreschmaschinn war esou gestallt, datt se mam hënneschten Deel an der Scheierpaart stong.

De Feeschen as geschäfteg ëm seng Maschinn erëm getrëppelt an huet déi lescht Preparative getraff. Endlech huet en de Motor ugekéiert, deen sech mat vill Kaméidi a Getëffs a Beweegung gesat huet. Wann en dann op Toure war, huet de Feeschen dee laange Rimm mat engem Hiewel vum Leerlauf op d’Aarbechtspulli eriwwergedréckt a mat engem déiwe Brummtoun huet déi gewalteg Mechanik vun der Dreschmaschinn ugefaangen sech ze beweegen. Dee Moment huet de Feeschen aus senger Maschinn erausgeholl, wat an er stouch. De Motor huet gehault a gepouft, wéi wann e Long a Liewer misst erëmginn! Mä en huet et gepackt a geschwënn huet e konstanten, hellen Toun, deen duerch Muerch a Schank goung, verroden, dass déi ganz Maschinnerie géng prima funktionéieren. De Feesche war zefridden an huet eng Päif gestoppt.

Déi ganz Aarbechtskolonn as iwwerdeems an Aktioun getrueden. Uewen op der Genn stong en zolitte Kärel mat enger Gafel am Grapp, fir d’Gaarwen erof an de Scheierdenn ze geheien. Vun do aus huet en zweeten d’Gaarwen op d’Dreschmaschin eropgereecht, wou en drëtten se mat der Hand geholl huet, a bei den Agank vun der Dreschariichtung gereecht huet. Do souz en aneren op de Knéien an huet mat engem kromme Messer d’Seeler vun de Gaarwen duerchgeschnidden. E weideren Aarbechter, an engem gewësse Sënn e Spezialist, huet mat Fangerspëtzegefill déi lassen Éien schéi verdeelt an d’Maschinn eragelooss. Do goufen se vun Eisenäerm, déi gedréit hunn, erfaasst an zerzaust an d’Käre sinn aus den Éien erausgeflunn. En agebaute Wann huet Loft produzéiert, an de Kuerf mat ewechgeblosen deen zur Säit vun der Dreschmaschinn erausgeschoss koum, wou en op e Koup gedriwwe gouf. D’Kären, déi méi schwéier sinn, sinn no ënnen an d’Maschinn erofgefall, wou se um Enn a Säck dirigéiert goufen, déi hannn un der Dreschmaschin festgemaach waren.

Do stonge gewéinlech déi zwéi stäerkst Maansleit an hunn d’Säck iwwerwaacht, fir dass alles säi richtege Wee sollt goen. Wann e Sak voll war, gouf e mat enger Ficelle zougestréckt an dann huet ee vun deenen zwéin Herkulen déi schwéier Ball op de Bockel gehuewe kritt. An ouni ze zécken an zoen ass en da bis op de „Fruuchtspäicher“ am Bauerenhaus eropgaangen, wou d’Kären ausgeschott verspreet goufen, fir dass se kënnten dréchnen, éier se an d’Mille gefouert goufen. Do sinn se zu Miel, Oots a Krësch verschafft ginn.

Déi eidel Éien sinn op enger Zort Holzraster, deen sech ruckarteg an der Maschinn beweegt huet, „ausgestouss“ ginn, wou se an e Stréibinder gefall sinn. Doranner war e Knelen Bindeschficelle, déi sech duerch d’Beweegungen vum ganze Mechanismus lues a lues ofgewéckelt huet. Wa genuch Stréi am Binder louch, huet, o Wonner, eng Automatik d’Ficelle zesummegeknëppt an ofgepëtzt an déi fäerdeg Gaarf gouf vum Binder ausgescheet. Derniewent stong nees e Mann mat enger Gafel an huet déi gebonne Gaarf op en Heeleederwon eropginn, wou erëm en „déngschtbare Geescht“ d’Gaarwe konschtgeriecht openee getässelt huet. Wann de Won voll war, gouf en op d’Wiss gefouert, wou d’Gaarwen ofgelueden an zu engem immense Kaascht opgebaut gi sinn.

Well et bei der Dreschmaschinn ëmmer fatzeg gestëbst huet, sinn den Drescher hir Strassen dacks dréche ginn wéi eng Äschekaul. Duerfir gouf vun Zäit zu Zäit, op Uerder vum Feeschen, d’Seemaschinn, an domat och d’Dreschmaschinn gestoppt. De Bauer, bei deem gedresch gouf, gung elo mat der Branntewäinsfläsch an engem Glas rondrëm an huet jidderengem, dee gehollef hat, eng Drëpp erausgeschott. Déi gouf dann, ouni dass de Mann mat de Wimpere gezuckt hätt, mat engem Coup d’Strass erofgekippt.

Dann huet e mat raschteger Stëmm gehemmst an de Bauer huet eng zweet Drëpp an de Gubbeli geschott a gesot: „Dajee, huel nach eng, op engem Bee kann ee jo net gutt stoen!“

No deeër wierklech verdéngter Paus ass d’Aarbecht dann nach eng Kéier sou gutt gewach.