Bouneweger Geschichten

Zu Bouneweg, an der Pierre-Krier-Strooss steet eng schéi Villa, eng aussergewéinlech Architektur. Do hat an de 50er Joren den Dr. Schmit seng Praxis an hien huet och do gewunnt. Hie war e ganz beléiften Dokter, besonnesch bei den Dammen, well hie war jovial an huet sech vill Zäit fir seng Patiente geholl. Dobäi war hie Jonggesell an huet extra gutt ausgesinn. Och meng Mamm ass nëmme bei den Dokter Schmit gaang a wa meng Tatta vu Paräis an d’Vakanz komm ass, hat si ëmmer e Bobo fir sech bei dem Bouneweger Dokter tréischten an heelen ze loossen.

Onst Haus an der Pierre-Krier-Strooss zu Bouneweg, mat onsem Auto virun der Dier

Onst Haus an der Rue des Romains zu Bouneweg, mat onsem Auto virun der Dier

An der Pierre-Krier-Strooss war och en Zeitungsbuttek. Et war d’Joffer Juttel mat hirer Mamm, déi dat Geschäft haten. Do gouf et niewent Zeitungen, Hefter a Schreifartikelen och Genaschels an eng Leihbibliothéik. Do ass meng Mamm sech hir Romane siche gaang. Am léifsten hat si eppes fir d’Häerz, fir den Alldag ze vergiessen. Déi Zäit waren d’Bicher vun der Hedwig Courths-Mahler ganz beléift. Och fir mech ass et emol e Kannerbuch ginn. Wéi ech esou 11-12 Joer al war, du hat d’Joffer Juttel op eemol näischt méi fir mech. Ech war ze grouss fir Kannerbicher an nach ze kleng fir e Roman. „Hatt ass elo an engem dommen Alter.“, huet si zu menger Mamm gesot. Doriwwer war ech richteg beleidegt. Wisou war ech op eemol an engem dommen Alter? Wat sollt dat heeschen? Si war domm, an iwwerhaapt, hire ganze Buttek huet mech net méi interesséiert. Meng Mamm huet mir vun do u Bicher kaaft, déi fir mäin Alter ubruecht waren an als Kado hunn ech vu jidderengem e Buch geschenkt kritt. Et waren der op eemol esou vill, datt mäi Papp mir e schéint Bichergestell aus Holz gezammert huet fir un d‘Mauer vu menger Zëmmer. Et gouf déi Zäit och nach zwou Epicerien: de Reiff um Eck vun der Pierre Krier- an der Duployé-Strooss. Weider erop an der Izegerstrooss hat d’Joffer Marichen hir Epicerie, wou ech schrecklech gär gaang sinn. Ech hunn et heemeleg fonnt mat deem niddrege Plafang an et war ëmmer e bëssen däischter dobannen. Awer besonnesch wéinst deene grousse gliesene Kamelle-Behältere mam Schrauwendeckel sinn ech gär mat akafe gaang. Wa meng Mamm Schwäizerkéis kaaft huet, ass d’Joffer Marichen e Stack méi déif dat grousst Rad Kéis siche gaang an huet gekäicht, datt se engem bal leed gedoen huet. Et war flott, hir nozekucken, wann se op der Wo déi blénkeg Gewiichter zu enger Säit gestallt huet, bis datt den Zeiger schéin an der Mëtt stoebliwwen ass. Si war eng léif Fra, déi d’Kanner gär hat an duerfir ass et och ëmmer eng Kamell oder e klengt Stéck Schokela extra ginn.