Mëttes huet de Rollesbierg eis gehéiert

Wéi laang läit dat zréck? Mär Déifferdenger Bouwe waren Här a Meeschter um Rollesbierg. Dat awer nëmme mëttes, well an der Krichszäit hate mer muerges vun 8 bis mëttes 1 Auer Schoul, an d’Aarbecht „à ciel ouvert” um Rollesbierg war vu muerges 6 bis mëttes 2. Hate mer dann de more Krichskascht eran, da gong et op de Bierg. „Der Berg ruft”, huet meng Groussmamm gesot.

Wat war dann do esou interessant fir eis Bouwen? Ma um Rollesbierg louch d’Minett bal direkt iwwert dem Buedem an dofir sinn d’Flanke vum Bierg opgerappt an d’Minett erausgesprengt ginn. Dann ass et mat Buggien, déi op engem laange Schinnennetz stungen, direkt mat der Damplokomotiv „Guckuck” op d’Déifferdenger Schmelz „HADIR” gefouert ginn. Muerges huet een nëmmen „gare la mine”, d’Explosiounen, d’Kräische vun de Buggien an d’Gepäifs vum Guckuck héieren, awer mëttes, jo mëttes huet de Bierg eis gehéiert.

Op den opgerappte Flanke vum Bierg si mer geklotert a mer hunn eis virgestallt, et wier de Großglockner, mä d’Haaptattraktioun waren d’Buggien. Déi stungen eidel do a laange Rammen a mär hunn dann dee leschte lassgemaach an da si mer mat Karacho de Bierg erofgerannt bis de Buggi ënnen ausgelaf ass. Da si mer erëm eropgelaf an et ass un den nächste gaangen. Esou eng Operatioun huet bal 20 Minutte gedauert an um Enn stungen eng hallef Dose Buggien do wou se net higehéiert hunn. Mär awer waren doudmidd, well 10 bis 12 mol erop bei den nächste Buggi lafen huet een erbäigeholl.

An dëse Buggien sinn déi Déifferdenger Bouwe mat Karacho de Bierg erof gefuer

An dëse Buggien sinn déi Déifferdenger Bouwe mat Karacho de Bierg erof gefuer

Der kënnt iech virstellen, datt dat den Aarbechter net vill Pleséier gemat huet, well déi Buggien hunn erëm muerges mam „Guckuck” eropgedréckt misse ginn. Et ass och virkomm, dass ee vun eis vun engem Wiechter erwëscht ginn ass an da sinn et der laanscht d’Rëpper ginn. Et huet alles näischt gedingt, de folgenden Dag ware mer erëm derbäi. Heiansdo hunn d’Aarbechter och de leschte Buggi vun enger Ramm aus de Schinne gehuewen a mär Bouwe waren net staark genuch fir en erëm op d’Schinnen ze setzen. Dann hu mer eppes aneschtes misse fannen, a mär hu fonnt!

Op der aner Säit vum Rollesbierg, do war den Tillebierg. Do war eng richteg ënnerierdesch Galerie. War dann um 2 Auer Feierowend, da sinn d’Mineuren aus der Galerie komm a se hunn hir Karbidsluten eidel gemat, dat heescht si hunn dat, wat nach vu Karbid dra war an e grousst Faass gehäit. Dat war eises. Dëse Karbid war nach net ganz verbrannt an deen hu mär da recuperéiert. Mer hunn dëse Karbid an al Bidongen oder a Fläsche geluet, Waasser drop, e Stopp driwwer an da fort. No e puer Minutte sinn dann déi Bidongen oder Fläschen explodéiert. Et war eng ganz geféierlech Saach, mä ganz am Sënn vun der Zäit. An der preisescher Schoul hu mer bal nëmme vu „Bomben und Granaten” héieren.

Nieft dem Fëmme vun „Fëmmholz” gouf et nach e Spaass, dee mer awer net oft probéiert hunn. Déi Aarbechtsbude vun de Grouwenaarbechter haten alleguer en Daach, dee mat Goudron impregnéiert war. Am Summer, wann et ganz wuarm war, huet de Goudron sou an Drëpse vun de Säiten erof gehaang. Mär hunn dann e puermol déi Drëpsen erofgeholl an als … Knätschgummi geknat. Net oft, well et hat een dono esou e komescht Gefill …

Wann ech dat alles esou iwwerleeën, da schéngt et mer wéi e Wonner, datt ech a vill vu menge Komeroden méi wéi 80 Joer al gi sinn an der nach mindestens 20 erwuarden.