Meng Kannerzäit am Krich – Deel 4: An der Vakanz

De Summer hu mer eis déi meeschten Zäit am Gaart erëmgedriwwen an d’Schoulvakanzen (mäi Papp war jo Schoulmeeschter) si mer mam Zuch op Wanseler gefuer bei menger Mamm hir Leit. Dat war ëmmer eng Expeditioun! Da gouf geplangt an agepaakt a ganz dacks ass mäi Wämper Pätter (mengem Papp säi Papp vun Uewerwampech), deen e ganz praktesche Mënsch war, eng Hand mat upake komm. Et hu misste Walissen op d’Gare geschleeft ginn, eng Poussette, zwee kleng Kanner, Mäntel a Jacketten.

Wa mer dann am Zuch souzen an d’Lokomotiv huet gepaff, gezischt a gedonnert, da ware mer all erliichtert. Ech hunn ëmmer zur Fënster erausgekuckt fir d’Waasser ze gesinn, fir d’éischt d’Sauer, dann d’Woltz.

Zu Kautebaach hu mer msste mat all eisem Gebutteks erausklammen an den Zuch changéieren bis op Wanseler. Et war scho bal eng Weltrees. Heiansdo hate mer keen direkten Uschloss, da si mer nach an eng Wiertschaft gaangen a mir hunn eng Limonad gedronk. Dat war ëmmer eppes Spezielles, dat huet esou schéin an der Strass gekribbelt, wann een eng Schlupp ofgeschléckt huet.

Wann d’Waarden op de Wëltzer Zuch ze laang gedauert huet, hu mer och nach dobaussen am Schiedhaischen niewent der Wiertschaft „picknickt“. Déi Zäit hu mer dat Wuert nach net kannt. Mir hunn eng Schmier giess an en haartgekachtent Ee. Eisem Lisbeth ass den Dueder eng Kéier aus dem Wäissen erausgesprong a jupps op de Buedem an de Stëbs gefall. Hatt huet gekrasch. Eise Pätter huet den Dueder opgehuewen, mat sengem Täschemesser den Dreck erofgeschielt an da gouf weidergiess. De Pätter huet gemengt, et wier gutt gewiescht, datt hien a senger Jugend hätt missen esou vill kleng Grompere schielen, fir d’Fierkelen ze fidderen, dofir kënnt hien och haut nach esou e klengen Dueder schielen.

Wann den Zuch dann endlech koum a mir mat eisem Gepäck an enger Voiture souzen, goung et wieder bis op Wanseler. An dann d’Duerf aus, bis op de Rosskämpchen, wou d’Matti, de Wanseler Pätter an den Is (menger Mamm hire Brudder) op äis gewaart hunn.

D’Vakanzen zu Wanseler ware fantastesch. D’viischt Dier stung ëmmer op. Do gung een an an aus, wann ee wollt. Do goufen et Kazen, Honn, Hénger, Schippelcher, Klucken, Hunnen, Kéi, Uessen a Schwäin. Et gouf vill ze kucken, ze stréilen an ze fidderen. Jee, d’Fräiheet war grouss, just eppes war verbueden: de Pëtz! Et gouf ëmmer gesot: „Bleift ewech vum Pëtz.“ Deemools gouf et nach keng Waasserleitung zu Wanseler. D’Waasser ass mat Eemeren aus dem Pëtz geschäfft, heemgeschleeft an op d’Kichefënster gesat ginn. Et gouf gedronk, wann et frësch vum Pëtz koum, et hung och e Schäffläffel bei Hand, fir d’Waasser aus dem Eemer ze schäffen, wann een Duuscht hat. Mat deem Waasser gouf gekacht, gewäsch, gespullt a gebotzt.

D’Béischte goufen de Summer op d’Baach gedriwwen, fir se ze dränken. De Wanter hunn all Dag den Is an de Kéibouf, Eemeren an Eemere Waasser fir d’Béischten erbäigeschleeft. Déi grouss Wäsch gouf op der Baach geschwenkt, dann hunn d’Leit sech dat Geschleefs vum Waasser gespuert.

De Kascht um Bauerenhaff war och méi fëlleg. De Grompereplättel war héich opgekéipt a voll schéiner, grousser, fetter Gréiwen. Et gouf all dag Fleesch, Eeër, Mëllech, Brach a Botter op der Schmier. Et koum och alt emol en Hong oder eng Kanéngchen op den Dësch. Wann den Is gudden Iddi hat, ass hie fësche gaang. Da goufen et Frellen. A wann d’Juegd op war, war alt emol en Ziwwi am Dëppen.

Et wier eng schéin Zäit gewiescht, wann de Piri, de Kéibouf, och nach do gewiescht wier, mee dee war agezunn, a wäit ewech a Russland, vu wou hien och net méi erëm koum.

Heiansdo hu mir blénkeg Fligeren héich um Summerhimmel gesinn, dann hunn déi grouss Leit eescht Gesiichter gemat. Ech erënnere mech nach, datt ech eemol gefrot hunn: „Wou fléien déi hinn?“ Mäi Papp sot: „An England.“ Ech hunn de Fligeren nogekuckt, wéi si iwwer Grëmmelescht (Grümmelscheid) hanner dem Horizont verschwonne sinn. Ech hu laang gemengt, England léich direkt hanner Grëmmelescht.

Wann d’Gladiolen an d’Asteren am Gaart virum Haus gebléit hunn, da war et Zäit fir erëm anzepaken an da gung d’Rees aus der Duerfwonnerwelt erëm zréck op Ettelbréck.