Meng Kannerzäit am Krich – Deel 11: An der Schoul zu Woltz

Ech sinn dunn zu Woltz an d’Schoul gaangen. Déi éischt Deeg ass mäi Papp mat mir gaangen, fir mir de Wee ze weisen. Hien huet op enger ganz anerer Plaz Schoul gehalen, well zu Woltz d’Bouweschoul an der Offensiv verbrannt war. Ech hu vill nei Kanner kennegeléiert, déi mech ausgelaacht hunn, well ech den Ettelbrécker Akzent hat. Ech hu mech séier dru gi fir ze schwätze wéi si, z. B.: Mooren flikt de Koob dem Hoas no, dee mat der Noas iwwert de Woas leeft durrich de Goort.

Wéi ech méi kënneg war, sinn ech selbständeg an d’Schoul gaang. Ech als „i-Butz” hat e wäite Schoulwee. Vun doheem aus gung et d’Industriestrooss erop, da laanscht de Kierfecht, de Kräizermécher, de klenge Park am Neidierfchen bis bei d’Schlottesch Schmëtt. Da gouf et zwou Méiglechkeeten: entweder no riets, da koum ee laanscht déi lang Dännebamsheck beim ënneschte Lambertshaus an deem klenge Park, déi aner Säit vun dem ieweschte Lambertshaus. An deem Park hu mir als Schoulkanner Neeljesblummen a Schnéiballe vun de Traisch erofgerappt, se mat an d’Schoul geholl an der Schwëster Agnes iwwerreecht. Si huet domat déi Nidderwëltzer Kierch gerëscht a mir krute vun hir e Bild. Duerno koume mer laanscht den Zinema (Ciné du Nord), wou mer d’Biller vun de Stare gekuckt hunn, déi grad an de Filme vun der Woch matgespillt hunn. Da si mer laanscht d’Villa gaangen, wou den Dr Bastian gewunnt huet, a mir hu säin neiesten Auto bewonnert. Da gung et laanscht d’Post a laanscht de Café Muller. Elo ware mer op der gewonnener Säit, well et gung nëmme méi biergof.

D’Meederchers-Schoul stung am hallwe Schoulbierg. Et war en aalt Gebai, et hat an der Offensiv zimlech gelidden, mee et war nach gutt genuch, fir datt Schoul konnt gehal ginn. D’Trapen hu gekréckelt an d’Schoulschwësteren hunn eis gedoen, ëmmer laanscht d’Maueren ze goen. Si hu gefaart, wa mer all duerch d’Mëtt vun de Gäng gingen, géifen déi asacken. D’Schoulschwësteren hunn och an deem baufällege Gebai gewunnt.

D’Toilettë vun der Schoul louchen hannert dem Gebai. Et huet ee missten aus dem Gebai eraus, laanscht de Giewel goen, dann eng Trap of an do stungen zwou Reie Cabineten. Wann een huet missten, huet ee fir d’éischt all Cabinetsdier opgemeet, fir déi propersten Toilette ze fannen. Si goufen zwar gebotzt, awer nëmmen eemol d’Woch. Et waren, wat d’Fransousen  „cabinets turcs“ nennen. Ech wëll mech net weider iwwer de Geroch an „d’Versteinerungen“ am Wanter, wann et gefruer war, ophalen, mee déi Zoustänn verfollege mech nach haut a menge schlechten Dreem.

Déi zweet Méiglechkeet vum Schoulwee war bei der Schlottesch Schmëtt lénks erof, laanscht de „Gare-Piedchen”, riets laanscht déi gesträifte Lambesch-Villa mat dem Gelänner an der héijer Mauer. Da war do lénks de Clarens, e Grosist, deen dacks Kaffi geréischtert huet, datt et fantastesch an der ganzer Géigend no Kaffi geroch huet. Derniewent war d’Villa Hames, weider laanscht den Zinema Métro, iwwer d’Plaz, wou am Summer d’Kiermes war, an dann de Schoulbierg erop. Munchmol, wa riets d’Paart vun der Simons-Villa opstung, hu mer eng Ofkierzung geholl. Da si mer duerch de Simonspark gelaf, op den Zéiwespëtzen, fir nëmme kee Kaméidi ze maachen, a  koumen am halwe Schoulbierg eraus. Mir haten Häerzklappen, well ee vun deenen zwee Simonsbridder hätt jo mol kënnten op der Dier stoen.

De Wanter, wann et sou glat war, datt ee kee Fouss behalen huet, an dat koum dacks vir, huet meng Mamm mir al Huese vu mengem Papp iwwer d’Schung gestrëppt a mech domat op de Schoulwee geschéckt.

Mäi Papp huet sech Blecher (mir hunn se „Spacken” genannt) un d’Schungsuele geschrauft an dann hu mär eis lues a virsichteg op de Wee gemeet. Méi spéit am Mueren ass e Camion mat Salz laanschtgefuer, wou zwéin Aarbechter ofwiesselnd eng Schëpp Salz op d’Strooss gehäit hunn. D’Salz koum vun der „Ideal-Liederfabrik”. Domat waren d’Hait agesalzt, wann se aus der Belsch geliwwert goufen.

Wa Schnéi louch, krut ech eppes eraus. All Schoulbouf huet profitéiert, fir mech mat Schnéiklatzen ze geroden oder mech mat Schnéi anzeseefen, well ech jo dem „Pir” (dem Schoulmeeschter) säint war; well jidderee gemengt huet, e wär iergendeng Kéier ongerecht behandelt ginn oder aus Spaass un der Freed, fir mech fäerten ze dinn. Sou frou, wéi ech war fir mam Schlitt ze fueren oder Schnéimännercher ze maachen, sou frou war ech awer och, wann de Schnéi erëm ofgung, da war ech aus dem „Schnéiklatzeschneider”.

Ech denken nach dacks un d’Schoulkanner vun deemools, déi aus all deenen entleeëne Quartieren hu misse bei Reen a Wand an Äis a Schnéi an d’Schoul kommen: vun der Wanselerstrooss, aus dem Neie Wee, vun Aaneschbaach, aus der Driicht, vum Quetschebierg, aus der Gaass, vum Äisknippchen, vu Wegdecher, vum  Knupp, aus dem Wolewee, vun der Lee, vun der Ettelbrécker Strooss, vu Rulljen a vu wou nach? Ech denken och nach un dee Klengen, deen aus der Spillschoul heemgung a laudenhaart, matzen an der Strooss, gekrasch huet. Eng Fra huet hie gefrot, firwat hie géif kräischen. Du sot hien: „Ech muss heemgoen an et ass nach esou wäit!”

Iwwerhaapt, an där Zäit waren d’Schoulen dorëmmer a ganz Woltz verspreet. Mir Meedercher waren an der Meederchersschoul am Schoulbierg. D’Jongeschoul, déi méi héich erop am Schoulbierg louch (wou haut d‘Streikdenkmol steet), war an der Offensiv verbrannt a huet missen ofgerappt ginn. Op där Plaz goufen direkt no der Offensiv niddreg hëlze Buden opgeriicht (vu Schwäizer, déi heihinner delegéiert gi waren, fir ze hëllefen). Et waren eestäckeg Chaleten mat je zwee Säll. De Summer ass een dran erstéckt an de Wanter erkaalt. Aner Klasse waren am Schlass oder am ale Spidol ënnerbruecht. Well néierens e Schoulhaff war, sinn d’Jongeklassen an der Paus alleguer durch de Burrewee op d’Kiermesplaz gepilgert. Duerno erëm an hir respektiv Schoulsäll. An enger Wullkëscht hunn ech zwou Fotoe fonnt aus dem Joer 1945.

1945: Déi Wëltzer Meedercher mat hire Léierinnen a Schoulschwëstere virun der aler Meederchersschoul, déi an der Rundstedt-Offensiv vill gelidden hat.

1945: Déi Wëltzer Meedercher mat hire Léierinnen a Schoulschwëstere virun der aler Meederchersschoul, déi an der Rundstedt-Offensiv vill gelidden hat.

1945: Déi Wëltzer Bouwen mat hire Léierinnen a Schoulmeeschteren virun de Ruine vun der verbrannter Jongeschoul

1945: Déi Wëltzer Bouwen mat hire Léierinnen a Schoulmeeschteren virun de Ruine vun der verbrannter Jongeschoul

Op där enger sinn d’Kanner aus der Meederchersschoul mat de Schwësteren a Léierinnen. Op där anerer gesäit een d’Schouljonge mat hire Schoulmeeschteren, jeweils virun den sinistréierte Schoulen. Déi Fotoe waren gemeet gi vun engem offizielle Fotograf, dee säin ominösen Apparat op engem Stativ virun der Schoul opgeriicht hat. Hien hat äis gewisen, wuer mer misste kucken fir de Villchen ze gesinn. Dunn ass hie mam Kapp ënner e schwaarzt Duch gekroch. Wéi hien erëm erauskoum, hat keent vun äis de Villche gesinn.

Fir Chrëschtdag hat all Kand vun der amerikanescher Associatioun „Care” e Cadeau krut. Et war eng Këscht mat allerlee klenge Spillsachen. A menger ware kleng Pëppercher, eng Miniaturpoppestiffchen, Bläistëfter, Faarwen, Knäpp … an … an …

Et gouf eng nei Schoul gebaut am Schoulbierg, wou all Schoulklassen ënnerdaach koumen. Wann ech mech net iren, ass déi nei Schoul 1951 opgaang.