Meng Kannerzäit am Krich – Deel 12: Mam Pätter op Baastnech

Et muss kuerz nom Krich gewiescht sinn, am Wanter 1946. Eise Pätter, dee just pensionéiert gi war, koum nawell dacks bei äis op Besuch an hien ass dann och e puer Deeg bliwwen. Mir Kanner waren ëmmer begeeschtert. Hien huet äis Tricke gezielt a mir hunn eis futti gelaacht. A wann hie gelaacht huet, hu mir säin eenzegen Zant, deen hien nach am Mond hat, gesinn, an d’Haut op senger plakeger Kopp huet sech a Fale geluecht. Dat hu mir ëmmer witzeg fonnt.

Een Dag sot hien zu menger Mamm, si soll äis gutt undoen, hie ging gär mat äis op Baastnech fueren, hie wéisst gär, wéi et elo do ausgeséich.

Meng Mamm sot: „Zu Baastnech ass et ëmmer kal.” Also si mir ugedoe ginn, wéi wa mir a Sibirien géife fueren. Laang Strëmp, e wollent Leifchen, eng wollen ënnescht Box an uewendriwwer eis nei brong „Bleyle”- Kostümer, déi mer grad vum Kleesche kritt haten. Et war och net vu Muttwëll, well eist aalt Gezei, dat meng Mamm äis am Krich zesummegebutt a gestréckt hat, war a Fatzen. Déi Kostümer hu bestanen aus enger Box, engem Pullover an enger Mutz a Moulen aus déckem donkelbronge wollenen Trikot (echt schwäizer Qualitéit). Dobäi hu mer nach eis nei orange Mäntel ugedoen an eis nei héich Schung mat „Specksuelen”, den neiste Cri nom Krich.

Sou ausstafféiert si mer mëttes nom Iessen op d’Gare getrëppelt a mir hunn den „Autorail” Woltz – Benonchamp geholl. (Déi Zäit ass d’Ligne „Wiltz-Bastogne” nach  gefuer ginn.) Den Autorail war eppes wéi e roude Bus, deen op Schinne gefuer ass. E war gutt gefiedert an et ass ee gutt gejutschelt ginn. Zu Benonchamp hu mer missten ëmklammen, do huet ee belschen Autorail, „eng Micheline”, gewaart. E war gring an en huet e fiirchterleche Kaméidi gemeet. Mir sinn drageklommen, d’Sëtzer waren aus Holz, a wéi mer äis gesat haten, hu mer e Gezidders am ganze Kierper gespuert, vun den Zéiwen bis zur Kopp aus. Op eemol ass e gefuer, mee de Kaméidi an dat Gezidders huet gedauert, bis mer do waren. An der „Gare du Nord” huet e stallgehalen an de Motor ausgemeet. Ech hat d‘Gefill, datt meng Ouere erëm eppes géifen héieren. Mir sinn erausgeklommen, uff, ei, wéi gutt.

Mir sinn dunn a Baastnech eraspadséiert. Wat war et do kal! Et huet eng ganz rau Loft geblosen. Ee Gléck, datt eis Mamm eis esou waarm ugedo hat.

Wéi huet et zu Baastnech ausgesinn! An der ganz laanger, „rue du Sablon” war keen Haus méi ganz. Aschléi an de Fassaden, keng Diech méi op den Haiser oder mat Blecher oder Baatschen zougedeckt, d’Fënsteren an d’Diere mat Brieder zougeneelt. Virun all Haus ee grousse Koup Grësch, Zillen, Steng, Gips a Stëbs um Trottoir. Op den zougeneelten Dieren a Fënsteren ware grouss faarweg Plakate gepecht, wou drop stung, „Le Roi reviendra” oder „Le Roi ne reviendra pas! Baudouin pour Roi”. Ech konnt dat zwar scho liesen, mee verstanen hunn ech et net. Eise Pätter huet äis dat iwwersat an ech war ganz erstaunt, datt déi Belsch e Kinnek hätten, deen se net méi wëllten. A menger klenger Welt goufen et nëmme Kinniken a Prënzen an de Märercher, an déi waren all glécklech a beléift … a wa se net gestuerwe sinn, da liewen se nach haut.

Mir si weidergetrëppelt bis ënne bei d’Kierch an do si mer eragaangen. Dobanne war et ganz hell. Et ware lauter duerchsichteg gliese Fënsteren, wouriwwer ech ganz paff war. Bis dohi war ech nëmmen a Kierche mat fuerwege Fënsteren. Et war och kal an der Kierch a wann ee geschwat huet, koumen Otemwolleken aus dem Mond.

Mir sinn erëm déi aner Säit vun der Strooss, iwwer den Trottoir, rondërem d‘Schrottkéip eropgetrëppelt. Ech hunn haut nach d’Impressioun, wéi wa keng Leit ënnerwee gewiescht wieren an och kee Gefier. Uewen um Eck, wou een op d‘Plaz kënnt, wou den „Sherman Tank” steet, do war awer eng Boulangerie-Pâtisserie op.

Eise Pätter huet sech d’Fënster ugekuckt (déi war scho gefléckt) an du si mir eragaangen. De Pätter huet franséisch mat der Bäckesch geschwat an hien huet op e puer Kichelcher gewisen. D’Fra huet d‘Kichelcher agepaakt, mäi Pätter an d’Fra hu palavert, si huet ganz traureg gekuckt an an eng Richtung gewisen. Et gouf bezuelt a mir ware rëm dobaussen an der Keelt. Et huet sech erausgestallt, datt de Bäcker säi „Salon de Consommation” nach net an der Rei hat, duerfir huet d’Bäckesch äis op „d’Gare du Sud” geschéckt, do wier e gehëtzte Wartesall an do kréische mer och eppes ze drénken.

Am Buffet vun der Gare war et schéi waarm. De frëndleche Mann hannert dem Comptoir huet äis Kanner e Schockelaskaffi gekacht an dem Pätter eng Taass Kaffi gemeet. Mir hunn och Tellere kritt fir eis Kichelcher, déi de Pätter äis ausgedeelt huet. Ech hat eng Frangipanstäertchen erwéscht. Ech hunn déi mat Andacht giess, si huet esou gutt no Marzipan geschmaacht. Ech mengen, déi Täertche war en „Highlight” a mengem klenge Liewen. Nach haut, wann ech emol an eng Pâtisserie ginn, wielen ech mir eng Frangipanstäertchen.

Et war däischter  wéi mer erëm mam Zuch heemgefuer sinn. Ech froe mech nach haut, wéi meng kleng Schwëster, dat eréischt tëschent dräi a véier Joer hat, deen Ausfluch gepackt huet ouni ze soueren oder ze kräischen.