Deemools op der Sauer, ier et de Stauséi gouf

Ech si vu Léifreg an hunn nach Erënnerungen aus der Kanner- a Jugendzäit, wéi et deemools op der Sauer war. Den Dall war fréier e ganz schéinen Dall, an ass vill opgesicht ginn, haaptsächlech vu Fëscher. Fir aner Leit war en e bëssen entleeën, et hat net jiddwereen en Auto, et huet ee misse mam Vëlo fueren oder den ëffentlechen Transport huelen. Den Dall war och dofir sou schéin, well en ofgeleeë war vun alle gréisseren Uertschaften a keng grouss Strooss derduerchgaangen ass.

Sauerdall vu Lëlz aus gesinn mat Sauerbréck a Strooss Richtung Léifreg (1958), Foto Nicolas Feider

Sauerdall vu Lëlz aus gesinn mat Sauerbréck a Strooss Richtung Léifreg (1958), Foto Nicolas Feider

Duerch de Stauséi sinn en etlech lokal Verbindungen ënnerbrach ginn, haaptsächlech déi tëschent Ënsber a Léifreg, déi fir eis ganz wichteg war. D’Strooss ass vu Lëlz erofgaangen an den Dall, no lénks goung et dann erop op Ënsber an no rechts op Léifreg a Richtung Wooltz resp. op Béiwen an op Bauschelt. Fréier war e ganz groussen Echange zwëschen den Dierfer op béide Säite vun der Sauer : Déi Léifreger Leit sinn op Ënsber  op d’Kiermes gaang an ëmgedréit, a si sinn och soss vill duerchernee gaang. Mir hate Lännereien op der Ënsber Säit, déi Ënsber hate Lännereien op der Léifreger Säit, dertëschent louch d’Léifreger Millen, déi huet zu Léifreg gehéiert, war awer zu Ënsber an der Por. D’Baueren hate vill mateneen ze dinn, si hate Véi an dann ass zum Beispill dem Bauer vu Léifreg seng Sau bei dem Bauer vun Ënsber säi Béier geféiert ginn, oder och ëmgekéiert, fir gedeckt ze ginn.

Meng Mamm ass op d’mannst eemol d’Joer op d’Sauer wäsche gaang. Dann ass d’Päerd ugespaant ginn, et ass alles op de Won oder den Teimer geluede ginn an da si mer bei d’Sauer gefuer. Et ass de ganzen Dag gewäsch ginn. Mir als Kanner si matgaang an hu profitéiert fir mat de Féiss an d’Waasser ze goen an Ellercher ze fänken.

Mir haten am Sauerdall e puer  Wisen, wou mer Hee gemaach hunn. Mir sinn  och dacks an der Léifreger Mille passéiert. Dat ware ganz frëndlech Leit an d’Technik vun der Mille war immens interessant fir eis. Wou ech mech erënnere kann, gouf an der Léifreger Mille just Miel gemuel. Awer an der Zäit virdrun gouf hei och Stroum gemaach. Léifreg an Ënsber hate laang virun  aneren Dierfer aus der Géigend Stroum, well d’Millen e Generator hat an och si mat elektreschem Sroum beliwwert huet. Dëse Generator huet net déi ganz Zäit geschafft, hie gouf an der Nuecht ausgemaach. Wann de Miller dann de Stroum ausschalte wollt, dann huet hie fir d’éischt e puer Mol aus- an ugemaach fir dass d’Leit sollte wëssen, dass de Stroum elo fortgeet. 1929/30 huet d’Cegedel, wéi iwwerall am Land, och hei déi systematesch Elektrifizéierung iwwerholl.

D'Léifreger Millen (1958) gouf ofgerappt an du vum Waasser vum Stauséi iwwerschwemmt. Photo Nicolas Feider

D’Léifreger Millen (1958) gouf ofgerappt an du vum Waasser vum Stauséi iwwerschwemmt. Photo Nicolas Feider

An der Karwoch, beim Rubbelen – sou hu mir d’Klibbere genannt – si mir Muerges als éischt bei d’Mille gaang, et waren der zwou, nieft der Léifreger Millen och nach d’Loutschmillen. Mir sinn ëm 6 Auer opgestanen fir mat Zäiten do ze sinn well et gouf eng Rivalitéit zwëschen eis an deenen Ënsber Kanner. Ware mir déi éischt oder si? Dat gouf da géint eis ausgespillt wa mer d‘Eeër oprafe gaang sinn: „Oh, déi Ënsber waren awer sou dacks méi fréi hei wéi dir.“

An engem Säitendall vun der Sauer, dem Béiwener Dall, louch d’Loutschmillen. Hei hate mir eng Wiss a Bridder vu mengem Grousspapp haten do eng Larei, wou gegierft ginn ass. Eis Wiss war agekeilt: déi eng Säit war d’Strooss an déi aner Säit d’Béiwener Baach, déi an d’Sauer gelaf ass. Just no uewen an no ënnen hinn hu mer missten oppassen, wa mer d’Kéi gehitt hunn, dass ons keng fortgelaf ass. Déi ganz Summervakanz si mäi Cousin an ech mat de Kéi gefuer. Eisen Haff louch e bësse méi héich am Duerf ewéi hiren. Ech war also deen éischten a wann ech mat eise Kéi laanscht hiert Haus komm sinn, da sinn och hir Kéi aus dem Stall komm an hu sech ugeschloss. D’Kéi wossten dass et elo géng an den Dall goen an hu sech och verdroen. De ganzen Nomëtteg bis Owes hu mir op der Wiss verbruecht. Mir hunn op d’Kéi opgepasst, sinn an der Larei an an aus gaang, hu Milleriedercher gemaach, sinn an d’Baach gaang, hunn eis naass gemaach an ech weess net wat nach alles. Déi Wochen am Summer hate mir nomëttes ëmmer déi selwecht Aarbecht. Et war flott an d’Erënnerung ass dofir nach ganz lieweg.

Eis Wiss an der Béiwent mat der Larei am Fong (1958), Photo Nicolas Feider

Eis Wiss an der Béiwent mat der Larei am Fong (1958), Photo Nicolas Feider

D’Famill Cohen, Proprietaire vun der „Maison Moderne“ an der Stad, haten ënnen am Dall, op der Léifreger Säit vun der Sauer, e Weekendhaischen. Dat ware ganz léif Leit. Si hate keng Kanner an d’Famill Brahms huet hiert Geschäft spéider iwwerholl. Nach virum Krich hunn si am Wanter, wa vill Schnéi war, ugefaang mat hire Frënn Sonndes hei Schi ze fueren. Si hunn natierlech missen zu Fouss de Bierg erop goen a sinn da vun do erof gefuer. Mir sinn als Kanner kucke gaangen. De Jong vun der Léifreger Millen, den Emile Peiffer, huet sech du och Schi zougeluecht an huet matgemaach.

E Wanter am Krich, wéi vill Schnéi louch, huet mäi Monni dem Peiffesch Emile seng Schier geholl an ass domat bei eisen Duerfschräiner gaang. Hien huet Holz matgeholl vun engem Eschebam an du krut ech dovun e Puer Schier  gemaach op de Modell vum Emile sengem Original, awer ouni déi komplizéiert Arichtunge fir d’Féiss uerdentlech ze halen. Ech hu mech mat deene primitive Schier geplot, an hu mat engem Streckeisen Wues vun enger Käerz dropgemaach fir dass se besser sollte rutschen. Ech sinn och eng Kéier domat op Esch/Sauer an d’Schoul gefuer, dat war eng laang Faart ginn, et wier vill méi einfach gewiescht zu Fouss. Dës Plazen aus menger Kandheet gëtt et haut net méi awer ech denken och elo nach ganz gären dorun zréck.