Schluechtlatäin

All Joer hunn um Duerf missen eng ganz „Kompanie“ Schwäin dru gleewen, dat heescht, si goufe geschluecht. Zu Oulje war dat och esou Usus. D’Bauereleit alleguer an déi meescht kleng Leit waren an der Zäit, wat d’Fleeschbeschafung ugeet, Selbstversuerger. Sou ass et liicht ze verstoen, dass d’Duerfmetzler dacks geklot an e ganz markante Sproch vum Stapel gelooss hunn: „De Summer sch… d’Mécken äis op eist Fleesch, an de Wanter d’Baueren. »
D’Schluechten doheem war iewer net esou einfach. Et huet een eng ganz Rëtsch Handgrëffer missen am f.f. kennen. An déi Schluechtspezialisten waren och um Duerf zimlech rar.
Wa bei eis am Heentzenhaus geschluecht gouf, ass ee vun deene Spezialiste geruff ginn. An dat war keen aneren, wéi de Knepjes Leo. Wann hie säin „Handwierksgeschir“ bis ausgepaakt hat, gouf net méi laang gefackelt an de Leo ass gläich duergefuer. An enger gudder Stonn hung d’Schwäin op der Leeder ouni Geträips an ouni Kapp, mä schéi propper „de Baart“ gemaach.

Zu Äischen gëtt geschluecht. Foto Archiv André Hausmann

Zu Äischen gëtt geschluecht. Foto Archiv André Hausmann

Da goung de Leo mat mengem Stéifpapp an d’Stuff, fir de Branntewäin ze schmaachen, well dat zum Schwäischluechte gehéiert huet a well et dobausse verdäiwelt kal war. No e puer Drëppen ass de Leo vill méi gespréicheg ginn an hien huet seng Schluechtgeschichten zum beschte ginn. „Mir ass et nach ni geschitt“, huet en dann an engem feierlechen Toun ugefaangen, „wéi deenen um Nopeschduerf. Déi haten jo net d’Schwäi gestach an hu gemengt, si hätte gutt Aarbecht geleescht. Mä wuer haten si et gepickt? »
De Leo huet sech de Bauch ugehale vu Laachen. A genësslech huet en da virun erzielt. „Du sinn déi Schluechtexperten an d’Haus gaangen, fir eng Koppel Drëppen ze schnauwen. Mä, wéi se erëm erauskoumen, war kee Schwäin méi wäit a breet ze gesinn. Nu rot emol, wou et war? » An de Leo huet iwwer d’ganzt Gesiicht gegrinst.
„Well déi Haulien de Béischt, anstatt an d’Häerz ze stiechen an d’viischt Ham gepickt haten, ass d’Schwäin erëm geschwënn zou sech komm an ass fortgelaf. A wësst der wuer? Et war, well den Deckel net zerguttst drop loug, an d’Zetär gefall! Prost!“ An de Leo huet d’Drëpp op ee Coup d’Strass ofgeschott.
„Schëtt roueg nach eng eraus“, sot en duerno, „an dann erzielen ech iech nach séier eng, déi wierklech, net wäit vun hei, geschitt ass an da muss ech heemgoen!“
An um Enn huet en ëmständlech ugefaangen, seng aussergewéinlech Schluechtgeschicht ze zerwéieren.
„Wësst der, et war eng versoffe Geschicht a jidderee vun der Band hat de Kächer gutt voll, wéi op eemol een, scho laang no Hallefnuecht, op déi formidabel Iddi koum, si sollten all mat him heemgoen, fir do en Hunn ze schluechten. Soss misst hien en eleng dout maachen. Si sinn natierlech all mat deem „Hännes“ heemgaangen.
Mat Ach a Krach hu se den Hunn am Héngerjuck gefaange kritt an hunn en an d’Kiche geschleeft. Zu zwéin hunn se deen onglécklechen Hunn ugehalen, an deen drëtten huet versicht dem Béischt mat engem Schluechtmesser de Kapp erofzeschneiden. Mä, wéi d’Saach ausgoung, dat wësst der natierlech net!?“
„Abee, op eemol gesouchen déi versoffe Spezialisten, dass ee vun deenen zwéin, déi den Hunn ugehalen hunn, schwaach gefall ass. De Schluechtexpert hat em d’Hand hallef erofgegarrelt. Dem Hunn war näischt geschitt, hahaha!“
„Gesitt der“, sot de Leo ganz houfreg, „esou eppes ass mir a mengem ganze Liewen nach net virkomm!“
A stolz wéi Oskar léisst en déi allerlescht Drëpp mat Genoss d’Guergel eroflafen.