Am Houseker sengem däischtere Sak

Bei eis ass ëmmer Wäert op Niklosdag geluecht ginn. Dat war fir d’Kanner dat grousst Event. Mir kruten nëmmen – haaptsächlech aus finanzielle Grënn – Saachen déi meng Eltere selwer gemaacht haten. Maï Papp dee war Woner an hat ganz geschéckerlech Hänn. Hien huet dann esou Weenercher gebaut, Baukasten och selwer gemaach. Meng Mamm huet gebak, allerlee Kichelcher mat schéine Glasuren drop. Si huet sech eng onwahrscheinlech Méi ginn.

Ech war bekannt als duerchdriwwenen Hond. Ons Nopesch Eugenie war eng Wiertsfra, déi mat all Waasser gewäsch war, grouss a staark. Si wousst alles wat ech gestëpst hat an si huet dann de Houseker gespillt. Deen huet och mat de Kette gerabbelt, wann en era komm ass. Dat war fir eis ganz impressionnant.

Eng Kéier hat den Houseker et fäerdeg bruecht, mech an de Saak ze stiechen an huet mech gedroen bis an den Ausgank vum Duerf bei e Bësch wou e mech lafe gelooss huet. Mir war et net méi egal, sou laang an deem daïschtere Sak an ech war frou, wéi ech nees doheem ukomm sinn.

NiklosdagKrier3

Photo Tony Krier, Photothèque de la Ville de Luxembourg

 

Chrëschtdag ass natierlech e Chrëschtbeemche gemaach ginn a mir hu Chrëschtlidder gesong, awer et ass net esouvill gefeiert ginn. Et war ee jo schonn eng Éiwegkeet an der Kierch a mir haten es duerno genuch.

Och Ouschterdag war et e bëssen ze vill. Déi Mass huet dann bis zu 3 Stonne gedauert.