Mat Vëlo a Wallis an d’Evakuatioun

Kuerz viru Chrëschtdag 1944 ass d’Rundstedt-Offensiv ugaang. Mir si vun Ettelbréck, wou déi éischt Granaten ageschloe waren, mat onse Vëloen an enger Wallis Richtung Méchela geflücht. Do sollte mir bei engem Bauer, dee mäi Papp kannt huet, fir e puer Deeg ënnerdaach kommen. Awer do war schonn alles besat mat Leit aus där Géigend. Mir sinn du weider mat onsem Gepäck op Wahl bei Famill gefuer, déi ons och spontan opgeholl hunn.

Mir waren do während ongeféier sechs Méint an hunn d’Rundstedt-Offensiv vu ganz no erlieft. Mir hunn oft nuets net geschlof an dem Knuppe vun de Kanounen an den Aschléi vun de Granaten nogelauschtert.
E puer Deeg no Chrëschtdag hu mir op eemol gesinn, wéi e puer Zaldoten iwwert d’Feld op d’Haus zoukomm sinn. Si sinn an den Haff erakomm, hir Gewierer viru sech, prett fir all Moment ze schéissen. Meng Tatta huet ons gewarnt, jo nëmmen net erauszegoen. Mir konnte jo net sécher sinn, ob et wierklech Amerikaner waren. Et ass gesot ginn, datt preisesch Zaldoten d’Uniforme vun doudegen Amerikaner géifen undoen, fir sech ze tarnen. Deen éischten huet e Pak Zigaretten aus der Täsch gezunn an huet an där typescher Art a Weis vun den Amerikaner eng Zigarett mat engem Fanger erausgedikst an an de Mond gestach. Du ware mir sécher, wie mer virun eis haten.

Am Schapp virum Haus war eng Kichen an och Schlofgeleeënheeten an do hunn se sech direkt zu siwen oder aacht Mann aquartéiert. Uewen an der Scheier hunn der och geschlof. Déi vun der Kichen hunn ofwiesselnd d’Iesse bei hir Komeroden un d’Front gefouert. Mir Bouwen haten ons no kuerzer Zäit mat deem engen oder aneren vun den Zaldoten ugefrënnt. Awer bei den Offizéier hu mir ons net däerfte weisen.

Wa mueres ons „Frënn“ fortgefuer sinn, hate mer ëmmer Angscht, datt se owends net méi all géifen erëmkommen. Mir hate jo gesinn, datt d’Baatsche vun hire Camionen owends voller Lächer vun de Kugele waren.

8)f- US-Panzer 80
Ons Tatta hat amerikanesch Anoraken, déi si geschenkt kritt hat, op ons Mooss ëmgeännert. Et war net schwéier ze roden, datt déi vun Zaldote waren, déi net méi erëmkomm waren, awer d’Kleeder ware rar. An de groussen Täsche konnte mir ons Cadeauen, wéi Knätschgummi, Schokela an Orangë verstauen. Am Schlofzëmmer, dat ech mat mengem Cousin Lucien gedeelt hunn, stong e grousse Schaf fir ons zwee. Do huet et no e puer Méint ausgesi wéi an enger Epicerie. Nieft de Séissegkeete stongen do och Béchse mat Corned Beef, agemaachtent Uebst a Gebeess.

E puer vun „onsen“ Amerikaner haten och hir Spëtznimm: ee vun hinne war de „Baby-Doctor“. Hie war wierklech e richtegen Dokter, awer nëmmen 1,60 m grouss. Deen anere war de „Coffee Smith“, well e gär a vill Kaffi gedronk huet.

Enges Daags, wéi mer an der Wiss hannert dem Haus gespillt hunn, si mir duerch Motorgeräischer opmierksam ginn. Du hu mer gesinn, datt hannert enger Heck zwee kleng preisesch Spähpanzer ugeréckt waren. Mir sinn an den Haff zréckgerannt fir d’Amerikaner ze warnen. Et sinn och direkt zwee Mann kucke gaang. Si waren awer net virsichteg genuch a kuerz drop haten d’Preisen een dervun erschoss.