Menger Mamm hiren Néieschatelier

Et war ëm 1925, wéi meng Mamm sech nom fréien Doud vu mengem Papp zu Esch, op der Norbert-Metz-Plaz, e Bitzatelier ageriicht hat, wou si zäitweis zwee Meedercher beschäftegt huet.

Ech hu mech, als klenge Bouf, ëmmer missen no beim Atelier ophalen, fir datt meng Mamm mech an den Ae konnt behalen. Wann ech es genuch hat, fir mat mengem klengen Dräirad iwwer de Palier vum Stack, vun engem Zëmmer an dat anert ze jauwen, hunn ech mech mat engem zolitte Magnéit ameséiert. Domat sinn ech iwwer de Buedem gefuer an hu mech wéi e Geck gefreet, wann d’Spéngelen aus den Ecken an de Foue vum ,,Plancher” oder hannert engem Dësch oder Stullbeen mat aller Vitesse erfort geschoss koumen an u mengem Zaubereisen hänke bloufen.Neieschatelier

An engem Schneideratelier ëm 1925

An engem Schneideratelier ëm 1925

 

Heiansdo hunn ech iewer och den Néiesche bei hirer Aarbecht nogekuckt, wa se eppes Extraes geschafft hunn. Eent vun de Meedercher huet e grousst Blat Pabeier – e sougenannte Patron – op de Bitzdësch geluecht. Mat engem gezackte Riedchen ass et dann iwwert dat grousst Blat gefuer, op deem e richtegen Duerchernee vu punktéierten, gestréchelten, fortlafende Linnen opgezeechent waren. Hatt huet natierlech misse gutt oppassen, fir ëmmer der virgeschriwwener Linn nozefueren. Um Enn war dann e richtegt Schnëttmuster um Pabeier kopéiert. Dat ass ausgeschnidden an op e Stéck Stoff geluecht ginn, wou dann d’Konture mat Schneiderkräid agezeechent goufen.

Zum Schluss huet d’Patronne mat enger grousser Schéier de Modell erausgeschnidden, sief et dat Viischt, de Réck, en Aarm oder soss e Stéck vun engem neie Kleed. Dës Stécker si fir d’éischt vun der Bitzjoffer unenee gefooscht an duerno vun der Patronne op der Bitzmaschinn – déi deemools nach mat de Féiss betätegt gouf – definitiv zesummegebutt ginn.

Dat zweet Meedchen huet un engem Rack geschafft, deen un enger liewensgrousser ,,Umoosspopp” houng, déi ganz distinguéiert ,,Mannequin” genannt gouf. D’Bitzjoffer, déi ëm hiren Hals e flexibelen ,,Zentimeter” hänken hat, huet d’Ofstänn gemooss, wou d’Knäpplächer komme sollten an op déi Plaze Spéngele gestach. Mä d’Knäpplächer an de Stoff ze schneiden, huet d’Meedchen der Patronne iwwerlooss, grad ewéi d’Strecke vum fäerdege Kleed. An dat besonnesch, wann et sech ëm delikat Stëfter gehandelt huet, wéi Seid, Satin, Crêpe-Georgette oder Crêpe de Chine.

 

Extrait aus dem RBS-Buch „Et war een deemools net méisseg“, Al Beruffer a Broutverdéngschter, Band 1