Déi Hämmer Jonge gi liichten

Liichtmëssdag: scho laang gouf sech op dësen Heeschendag gefreet. Mir hunn d’Liichtebengele preparéiert: eng Ficelle, déi am flëssege Käerzewues gezappt war, gouf dofir uewe ronderëm e Bengel gewéckelt. Muerges no der Schoulmass hat de Paschtouer eis mat zwou Käerzen iwwerkräiz den Hals geseent. Am Nomëtteg sinn ech mat mengem Brudder a mat Kosengen op den Tour gaangen. Et war nach hell, wéi mer den Äppelwee erof getrëppelt sinn.

Foto Tony Krier, Photothèque de la Ville de Luxembourg

Foto Tony Krier, Photothèque de la Ville de Luxembourg

Bei der Barrière huet d’Barrièresfra, d’Madame Braun, et besonnesch gutt mat ons gemengt a jiddwerengem eng grouss Tut Fuesendsbréidercher an den Aarm gedréckt. Si hat onst Lidd: „ Hei sinn déi Hämmerjongen, si kommen hir gesprongen, si heesche Fuesendsbréidercher, ee Pond, zwee Pond …“ wuertwiertlech geholl. O jeminee, wat war ech domadder gehäit; de ganzen Owend um laangen Tour dee Pak musse matschleefen! Hei koum jo net mäi grousse Koseng Odems Jos, mam dräiriedrege Vëlo mam Broutkuerf virdrop laanscht. Hien huet amplaz vun engem anere Koseng Theisens Josy – deem säi Papp Hary Theisen Bäcker zu Bouneweg war – de Brouttour um Cents fir en Drénkgeld gemaach. Ech hunn hien ugebiedelt, sech dach menge Fuesendsbréidercher ze erbaarmen. Ech hu mech wéi den Hans im Glück gefillt an him villmools Merci gesot, wéi hien d’Tut bei déi laang Fënnefpënneger an de Kuerf gestach huet. Hien huet wierklech net onglécklech doriwwer geschéngt ze sinn. Allebéid ware mir frou iwwer dee gudden Handel.

Wéi mir de Baueschbierg, de Schlittebierg erop gaange sinn, koum nom Haus „a Bruchs“ (hire Fils, de Robert Bruch, hat ech spéider als Klasseprofesser am Lycée) déi éischt Prüfung. De Café „a Bauesch“ hu mir ni vu banne gesinn, eng komplett friem Welt fir mech. Déi grouss Kosengen hu kommedéiert: „Déi Kleng vir!“ Nom Sange vum Léiwer Härgottsblieschen sollt ech mat dem Berri an der Hand bei d’Gäscht am schummelege Liicht an niwweleger Tubaksatmosphär heesche goen. Do géif et Mënz! Ech war ganz genéiert, fir bei deene bruckege Gesellen, déi do ronderëm d’Dëscher mat hirem Humpe souzen, d’Kap opzehalen; mä et huet musse sinn.

Um Cents ass et vun Haus zu Haus weider gaang. Et gouf schonn däischter. Ëmmer déi selwecht Geschicht: duerch de Virgäertche bei d’Viischtdir, do d’Liichtebengelcher ugefaangen, geschellt an eréischt wann d’Dir opgaangen ass, hu mer gesongen:

Léiwer Hergottsblieschen, gëtt ons Speck an Ierbessen, ee Pond, zwee Pond, dat anert Joer da gitt der gesond, da gitt der gesond, loosst déi jonk Leit liewen an déi al Leit stierwen, kommt der net bal, eis Féiss ginn ons kal, kommt der net gläich, da gi mer op d’Schläich, kommt der net gewëss, da kritt der e Schouss voll Nëss.

Da krut jiddwereen eng bis dräi Kamellen an oft och nach e puer Su an de Säckelchen. Merci, bis dat anert Joer a vive bei d’nächst Haus.

Bei Wagnesch duerfte mer an déi waarm Stuff sange goen. Dann huet hire lëschtege Papp ganz ordinär matgesongen: „… da kritt der eng ferm op d’Schnëss!“ Dat lescht Haus um Cents war beim Dokter Knaff. Seng Villa louch an engem groussen däischtere Park. Virun der Paart an der laanger Mauer ronderëm d’Haus hu mer geschellt an ech hu gehofft, déi géif net opgemaach, well hannendrun hu rosen Honn grujeleg gebillt.

Am Kéibierg, eigentlech scho Grënnesche Bezierk, waren déi dräi lescht Wiertschaften, an Zeutzius, a Bisdorffs a beim Hubert, e frëndleche Wiert mat engem klenge Bauerebetrib, wou mer am Summer schweesswaarm fir eng Limonad d’Hee op der Genn getrëppelt hunn, dat mat dem Heebléiser erop geblose gouf. Hei hätte mir haut net gären déi Grënnesch Liichteband begéint, wat wuel net ouni Sträit ausgaange wär.

Duerch den Äppelwee goung et dann zréck op heem zou. An der waarmer Stouff vun onse grousse Kosengen gouf de Boz gedeelt. Mir Kleng krute Kamellen an déi Grouss d’Mënz. Mir waren dees zefridden a frou fir mat dem Neelchen an den Hänn a Féiss endlech heem ze kommen an do gläich déi erkaalte Glidder a kaalt Waasser ze strecken. Et war iewer schéin, a mir hunn net dru geduecht, d’nächst Joer net méi liichten ze goen.