Zu Ouljen

All Duef hat an der Zäit säin typische Profil. Zu Ouljen, am Syrdall, war dat net aneschters. Do war en zolitte Mënscheschlag usässeg, deen sech nach fest mat der „Scholl“ verbonne gefillt huet. Eescht an oprecht sinn d’Leit hirer Aarbecht nogaangen, an zéi a verbassen hunn se een Zil verfollegt: et am Liewen, op eng éierlech Aart a Weis, zu eppes ze bréngen.

Dobäi hunn se sech iewer net vergruede gelooss, mä versicht, dem Liewen och déi schéi Säiten ofzegewannen. A wa gefeiert gouf, waren se um Dill. Et gouf der esouguer, déi ëmmer derbäi waren, wann eng Kaz geschleeft gouf. An doraus ass dann alt emol déi eng oder aner Hänk entstanen.

Hunn da Stëmmen sech gerouert, déi vu „versoffener Band“ gestéchelt hunn, huet de Gréiwe Feeschen, deen sech längst als leidenschaftleche Musiker am Duerf profiléiert hat, sech als Porte-Parole opgespillt, verschmiizt mat den A gezwinkert a spëttesch gesot: „All Mënsch schwätzt vun isem Soff, iewer kee vun isem Duuscht!“

An domat hat et sech. Keen huet méi gepippst an iwwer déi „versoffe Geschicht“ war erëm geschwë Gras gewues.

Den Duerfcharakter huet sech och besonnesch krass am Verhale vun den erwuessene Jongbauere gewisen. Si hunn no verierfte Prinzipie gehandelt a si sinn hire riichte Wee gaangen, ouni no lénks an no riets ze kucken, wann et gegollen huet, hir eege Rechter ze verdeedegen an déi materiell a moralesch Wäerter vun hirer Famill ze schützen.

Déi Astellung huet sech schonn an der Tatsaach gewisen, dass d’Hausdiere vun de Bauerenhäff ni gespaart waren, och net nuets. Mä et war duerfir sécherlech net méi einfach an esou e Gebai anzebriechen, wéi wann alles fest verrigelt gewiescht wier. Well hannert dem Bett hat de Jongbauer säi Juegdgewier stoen, an et muss een dervun ausgoen, dass et och geluede war. Et wier op jidde Fall kengem ongebiedene Gaascht unzerode gewiescht, nuets an esou engem Schlofzëmmer opzedauchen. A wierklech vun engem Abroch huet een déi Zäit ni eppes héieren.

Dee riichten stolze Charakterzug haten déi deemoleg Bauerejonge vun hire Virfahren iwwerholl. Well schonn zwou bis dräi Generatioune virdrun hunn d’Bauere mat Läif a mat Séil un hirer Scholl gehaangen an hiert erierfte Land, als Basis vun hirer Existenz, méi wäertvoll gehalen, wéi déi interessantst materiell Verlockungen. Si hu stur op hire Grond a Buedem gesat.

Nëmmen esou ass et ze verstoen, dass an der Mëtt vum virege Jorhonnert déi deemoleg Grondbesëtzer der Eisebunnslobby, déi d’Streck Lëtzebuerg-Tréier baue sollt, hiert Land net ofgetrueden hunn, fir dass déi néideg Infrastruktur fir de Bau vun enger Gare mat allem Drum und Dran hätt kënne geschafe ginn.

Och zu Menster gouf d’Eisebunnsgesellschaft ofgewisen. An esou blouf soss näischt iwwreg, wéi d’Gare op Rued/Syr ze bauen, dat deemols bei wäitem déi klengst Uertschaft an der Géigend war, iewer nom Bau vun der Gare wéi eng Kochel aus dem Buedem geschoss as.

En etlech typesch Individualisten hunn sech zu Ouljen, grad wéi och an aneren Uertschaften, an der Duerfgemeinschaft profiléiert a sinn duerch dës oder déi Partikularitéit opgefall.

De Millerjoss

Do war z.B. de Millerjoss, dee vu Liewesfreed iwwergeschaimt ass an doduerch dacks seng Matbierger mat  virugerass, se iewer och duerch seng extra Possen ameséiert huet.

Hie war e Mënschefrënd par excellence an op der Mille stung d’viischt Dier weidenhaffen op an all Mënsch war wëllkommen. De Millejoss an och seng Fra waren iwweraus mëtschgieweg, a méi wéi eemol gouf do eng gehalen an de Schnorri ass räichlech gefloss.

Den Zierden Albert

Ganz jonk schonn hat den Zierden Albert seng Jalongen am Duerf gesat an hien ass vun ugangs der 30er Joeren net méi aus dem Duerfliewen ewechzedenken. Well hien eng extra Begabung an eng aussergewéinlech Freed fir dat Musikalescht hat, huet hien de Posten als Dirigent vum Ouljer Gesangveräin iwwerholl.

Desweideren huet den Albert, als Chef vun engem Bauerenhaff eng wichteg Roll am Genosseschaftswiese vum Duerf gespillt, wou hien ëmmer eng dreiwent Kraaft war. Hien huet och eng Agentur vun der Raiffeisekeess opgemaach an zwar an engem Raum vu séngem Bauerenhaff, wou e vill Leit a finanzielle Froen eng wäertvoll Hëllef war.

Ech hat mech, mat en etlech vun menge Klassekomeroden, am 4. Schouljoer och bei den Albert an de Gesank gemellt. Mir haten iewer vum Sangen nach net vill Ahnung. Duerfir huet den Albert eis alt heiansdo eleng an de Veräinsbau geruff, fir extra mat eis ze prouwen.

Hie wollt och aus deeër duerchdriwwener Band, wéi mir Kärelen dacks am Duerf betitelt goufen, akzeptabel Sänger maachen. Mä dat war net einfach! Well mir haten eis Gedanke meeschtens méi bei de Spiichten, wéi beim Albert sengen Nouten. An dacks hu mer gekickelt an heemlech matenee gepëschpert.

Du ass op eemol dem Albert de Kolli geplatzt an hien huet gejaut: „Haalt de Bak a sangt!“

Soubal den Albert seng Opfuerderung eraus hat, hunn déi mutwëlleg Sänger sech bekuckt a sinn dunn erausgeplatzt mat Laachen. Och den Albert gouf vun deeër allgemenger Laazechkeet ugestach an hien huet haart matgelaacht, well seng widderspréchlech Ausso him och op eemol droleg virkoum.

D’Situatioun war gerett a mat neiem Äifer si mir erëm un d‘Aarbecht gaangen.

De Kiercheschwäizer

Ee Mann, deem een ni zougetraut hätt, dass en sech eng Kéier am Duerf kënnt profiléieren, war de Wilgés Joss. Hie war e rouege Mann, deen senger Aarbecht nogoung an an der Ëffentlechkeet ni opgefall war, bis et dem Paschtouer Zeimes gelonge war, hien ze motivéieren, de Posten als Kiercheschwäizer unzehuelen.

Den Här Zeimes war en energëschen an dynamësche Paschtouer, deen iwwerzeegt war, dass e pronkhaften Zeremoniell an der Kierch seng Wierkung op seng Parkanner net géif verfeelen. An den Erfolleg, deen d’Aféierung vum Schwäizer-Posten bruecht huet, war evident, souwuel fir d’Kierchebesucher wéi fir den neien Amtsträger selwer.

Fir d’éischt emol gouf d’Disziplin an der Kierch besser. Et war kaum nach een esou kéng, virun der Kierch stoen ze bleiwen, wann d’Klacke fir d’Sonndesmass ofgelaut haten. Och déi sougenannte Stéiplazen hannen an der Kierch sinn eidel bliwwen, sou laang genuch Sëtzplazen an de Bänke waren. An d’Drückeberger, déi ëmmer an der däischterer Ducksallstrap an der Massenzäit beienee stungen an sech déi neiste Witzen erzielt hunn, waren ewéi vum Erdbuedem verschwonnen.

Mir Kanner souzen an eise Bänken op de Knéie wéi kleng Helleger an hu mat groussem Respekt op déi stattlech Gestalt vum Schwäizer gekuckt, wann deen a vollem Ornat a mat sengem gëllene Staf an der Hand, würdevoll duerch de mëttelste Kierchegank getrëppelt ass a säi strenge Bléck iwwer hir Käpp ewech schwiewe gelooss huet.

Neen, dat do war fir d’Bouwen nët méi de Wilgés Jhoss, neen dat do war eng kiirchlech Autoritéit! Déi ganz Erscheinung huet d’Bouwe vill ze vill un de Bëschof vu Lëtzebuerg an un de Kleesjen erënnert, fir dass se de Kiircheschwäizer nët hätten eescht sollen huelen.

A ganz sécher war de Schwäizer selwer vun senger Wichtegkeet iwwerzeegt, wat sech natierlech an sengem „zivile Liewen“ gënschteg op seng Perséinlechkeetsentwécklung ausgewierkt huet.