Kino Geschichten

Mäin éischte Kontakt mat Film a Standbiller

Wéi ech 1947 – ech war 14 Joer al – um Späicher onsem ale verstëbste Filmprojekter „Pathé Baby“ mat Handkuerbel erëm begéint sinn, huet dat mech u meng éischt Kinoserliefnesser erënnert. Dat war virum Krich, wann am Wanter mäi Papp doheem owes an der Stuff  9,5-mm Filmer gewisen huet: Eng verfilmt Parabel mat dem Titel „Der gute Samariter”, een aneren iwwer eng laang dramatesch Liebesgeschicht, mat Happy End, donieft och Reportagen iwwer d’Veräinsliewen an der Par Hamm, déi mäi Papp selwer gedréit hat. Dat war fir ons Kanner e ganz grousst Evenement.

E Pater aus dem Kongo hat am Varäinshaus ee Virtrag mat Diaprojektioun iwwer säi friemartegt Liewen an Afrika gehalen. Mäi Papp huet dee Monsterdiaprojekter geléint an doheem en Diaowend mat de 6×9 cm schwaarz-wäiss exotesche Biller, déi och mol faarweg nogefieft waren, opgezunn.

Mat vill Gedold a Geschéckerlechkeet krut ech de „Pathé Baby” Apparat erëm un d’Lafen. Dat d’Spillgezei huet mech un déi éischt Kannerzäit erënnert, déi elo schonn esou laang geschéngt huet zréck ze leien.

 

Grujeleg Impressiounen

Meng fréi Erënnerung un de Kino ass keng esou eng schéin. Zu Hamm gouf virum Krich muenchmol no der Vesper am Veräinshaus vun de Scouten, Theater oder Kino gespillt. Déi alleréischte Kéier, wéi ech fënnef oder sechs Joer al war, hunn ech op enger vun de Kannerplazen virun der 1. Stullrei gesiess an op dat grousst Projektiounsbild erop gekuckt, wou de Stommfilm „Rintintin und der Raubmörder” oder sou ähnlech gespillt gouf. Wéi de gescheite Wollefshond „Rintintin” vum Raiber mat engem Revolwer an enger onendlech laanger, spannender Filmzeen bedreet gouf, wou et ëm Liewen an Doud gaangen ass, hat ech eng panesch Angscht an Häerzklappen, sou schrecklech, datt et kierperlech wéigedoen huet.  Et war einfach net méi auszehalen an um ultimative Punkt hunn ech d’Aen zou gemat, fir mech virum Kollaps ze retten. Dat war net dat selwecht, wéi bei engem Cauchemar, wou duerch d’Erwächen den uergen  Angschtzoustand verschwënnt. Am Kinossall ass déi grujeleg Situatioun virugaang an och duerch Aenzoudrécken konnt ech dem Rintintin net hëllefen. Spéider hunn ech mer virgeholl, ménge klenge Kanner kee Film mat esou spannenden Zeenen ze weisen.

Eng aner Kéier wou ech bei enger Filmzeen esou eng Angscht hat war 1947 an engem englesche Séikrichsfilm am Marivaux, wou d‘Scouten aus dem ganze Land ageluede waren, fir zesumme mam Prënz Jean (als ieweschte Scoutschef) dee Film gratis unzekucken. Et gouf a laangen Zeene gewisen, wéi am Rettungsboot déi englesch Matrousen an extremer Liewensgefor waren, well si an engem Stéck vun däitsche Fliger beschoss gi sinn an een nom anere getraff goufen.

Eng drëtte Kéier hat ech an engem Krichsfilm, deen eng Situatioun gewisen huet, wou et och erëm op Liewen an Dout gaangen ass, dat Gefill déi psychesch Belaaschtung physesch net kënnen auszehalen. Dat war an der Musterung fir bei d’Militär, wou an enger laanger Filmzeen bewosst de Publikum mat enger Nohkampf-Frontattack konfrontéiert gouf, déi keen Enn wollt kréien a wou bal keen Zaldot iwwerlieft huet.

 

De Kinofilm, seng Roll fir Ënnerhalung an als Kulturkomponent

Déi eenzeg Kéier, wou ech 1939 mat der Mamm eleng als Siwejäregen an d’Stad an de Kino goung, gouf den Disneyfilm „Schneewittchen und die sieben Zwerge” gewisen, deen eemol ze vill schéi war (Dobäi huet spéider mäi Fils fonnt,  datt een de Kanner keng esou grujeleg Geschichten och emol net op Placken ze lauschtere sollt ginn, wou dat onschëllegt Schneewittchen stierft, wat hien ontréischtlech Tréine kascht hat).

An d’Stad an de Kino goen, koum eigentlech net a Fro. Nëmmen eng Kéier, wéi et geheescht huet, de Staadter Canoeclub géif e Film iwwer Wëllwaassersport weisen, sinn ech mat mengem Papp e Sonndegnomëtteg mat de gréissten Erwaardungen an de Café du Commerce (am Krich hat en en anere Numm) de wäide Wee vun Hamm op d’Plëss getrëppelt. An dat zwee Mol, well no stonnelaangem Waarden huet et all Kéier geheescht, de Film wier net ukomm;  ech sinn du mat der allergréissten Enttäuschung erëm heem gaang. Ech duecht, et wier duerch d’Schicksal net gewollt, datt fir mech esou eng grouss Erwaardung dierft an Erfëllung goen, well ech mech vläicht vill ze vill op deen abenteuerleche Naturfilm gefreet hat. Eng drëtte Kéier huet et onerwaart dach geklappt an all meng Virfreed gouf net enttäuscht: Spannend Kanoefahrten duerch Schluchten, Zelte bei Lagerfeier, Kenteren bei besonnesch geféierleche Waasserstrudelen … Et war immens!

Am Krich hat mäi Papp e 16-mm Filmprojekter mat Motor ugeschaaft. Dobäi waren e puer Filmer iwwer d’Robbejuegd op Grönland, e Schlaangekampf an een Zirkusfilm „Akrobat, schööön!”  Zwee Mol hate mer Filmer aus dem Bremer Filmleihversand bestallt. Ech hu Reklamm bei der Hämmer Jugend gemaach an Entréesbilljeeën zu 50 Pfenneg geschriwwen. De Succès war net ausbliwwen an ons Stuff war eigentlech ze kleng. An der Stuff war extra en Duerchbroch an der Mauer, eppes ewéi e klenge Passe-plats gemaach ginn, fir de Projekter vum Atelier aus ze bedéngen. Do stoung och ech muenchmol fir den Apparat mam Filmoflaf ze iwwerwaachen; do konnt ee witzegerweis och op der lafender 16 mm-Pellicule d’Filmhandlung am Miniformat nokucken.

 

De Film als politescht Propagandaelement

Dat lescht Jor am Krich si mir um 10 Auer mat der Klass ze Fouss, zwee an zwee  der Rei, op de Lampertsbierg d’Propaganda-Ausstellung „Das Sowjetparadies” mat engem Film iwwer déi réckstänneg  Zoustänn a Russland mat sengen „Untermenschen”, bewosst schrecklech duergestallt, kucke gaangen. Mir waren och zwee Mol an de Kino „Korso“ („The Yank”, dee virum Krich „L’Ecran” geheescht huet an deen d’Preisen ëmgedeeft haten), wou eng spannend Wochenschau an ee grousse Propagandafilm ze gesi waren. Mee déi leschte Kéier gouf et ënnerwee beim Rousegäertche Fliger-Voralarm. Wéi et op der Neier Bréck Großalarm ginn ass koum et net méi a Fro an de Kino ze goen. Et huet missen no engem „Luftschutzraum” gekuckt ginn. Deen nächste privaten Ënnerstand deen offiziell ausgewise war, war de Keller vum Bëschhofspalais beim Park. Do goung vu baussen eng géi Trap erof an de Keller, wou bei vill Duercherneen an déckem Geschnadders ons Klass sech versammelt huet. Geschwënn hu mer erausfonnt, datt vun hei aus weider beliichte Gäng an d’Kasematten vum Péitrusdall geféiert hunn. Déi all auszespähen war e gudden Zäitverdreif, besonnesch well et keng Entwarnung wollt ginn (Normalerweis gouf schonn no kuerzer Zäit duerch e laang ugehalenen Sirenentoun gemellt, datt d’Bombergeschwader eriwwer gezu waren). Iwwer Mëtteg gouf – o Wonner – e ganze Koup rationéiert, lackelecht Wäissbrout erbäi bruecht a jiddferee krut en halwe Läif fir ze knabbelen. Bis wäit no 2 Auer huet dat Abenteuer an de Kasematte gedauert.