Léierin um Duerf

Wann ech, op engem sonnegen Nomëtteg, hei uewen am Éislek iwwer d’Koppe fueren, bewonneren ech stéits di schéin a modern Regionalschoulen. Mir gëtt dann ëmmer méi bewosst, wéi grondleeënd sech d’Liewe vun der Duerfléierin, vu mengem bescheidenen Ufank zu Boukels op der Sauer, bis haut verännert huet.

Vum Gemengerot vu Géisdref gouf ech 1950 eestëmmeg als Léierin an d’Primärschoul vu Boukels ernannt.

Majerus2

Mat menger Klass 1950 zu Boukels. Et sinn nëmme 5 vun den 12 Kanner op der Foto well grad d’Waasserpouken an der Schoul waren. D’Schoul war dat fréiert Kaplounshaus.

Sou kleng a bescheiden, wéi meng Duerfschoul woar, sou einfach a bescheide woar och mäi Liewen, als Escher Meedchen, hei uewen an engem vun deene klengsten Dierfer aus dem Land.

Meng Dingschtwunneng woar nach an deem Zoustand, wéi si no der Rundstedt-Offensive ausgesinn huet, si ass erischt spéider bewunnbar gemat ginn. Ech woar also fir d’éischt an enger Baurefamill ënnerbruecht. Ech hat et gutt geroden. Ech woar bei feinen a frëndleche Leit, a schonns no kuerzer Zäit hunn ech zum „Haus“ gehéiert. Ech gouf der ganzer Famill virgefouert an och op all Fester an der Famill agelueden. A wier ech emol net mat op d’Kiermes, de Kanddaf oder d’Kommioun gaangen, ech hätt eng faméis Bloder an der Famill gemat.

Well meng Kummer am Wanter zimlech kal woar – Heizung haten d’Leit deemools nach keng – hunn ech meng Schoulaarbecht, wann net an der Schoul, an der wiertesser Stuff am Haus erleedegt. Dës Stuff hunn ech awer nomëttes mam Pätter aus dem Haus gedeelt. De Pätter huet an der Fotell bei der Fënster getompt an ech hunn um ronnen Dësch verbessert, virbereet oder gemoolt. Munchmol huet de Pätter gemengt, ech sollt dach net esou vill a laang schreiwen an huet mer e puer Schnoken aus aler Zäit verzielt.

Deemools hat nach net all Haus en Telefon, a wann, dann ass all Verbindung an der „Cabine Publique“ weidergeleet ginn. D’Cabine woar a mengem Kaschthaus. Wann d’Fra vum Haus d’Gissercher an d’Schwäi gefiddert huet an ech an der Stuff woar, hunn ech alt déi Verbindunge ginn.

Meng éischt grouss Uschafung woar e Vëlo, dofir hunn ech zwee Méint Gehalt geaffert. Doriwwer laachen äis jong Leit vun haut, well si kafe sech an där Plaz e flotten Auto. E Vëlo woar an där Zäit eng Mussesaach. Busverbindunge fir aus dem Duerf op d’Giewelsmillen gouf et nëmme samschdesowes, sonndes a méindesmuerges. All aner Deeg woar een op de Vëlo ugewisen, wann een net wollt dee laange Wee bis op d’Gare zu Fouss trëppelen, well en Auto oder soss e Gefier ass engem ënnerwee ni begéint. Ganz rar ass emol de Veterinaire mat senger aler Opel oder den Toodler Paschtouer mat senger Anglia laanscht gefuer. Keen eenzegen am Duerf hat zu där Zäit e Motor, en Auto oder en Trakter. Dës Gefierer koumen een, zwee Joer méi spéit.

A mengem Kaschthaus hunn ech och nach erlieft, wéi d’Madame Tibesar gerompt a Botter gemat huet. Angelduerf hat nach keng Molkerei, d’Laduno huet erischt e puer Joer méi spéit funktionnéiert. Ech denken nach haut gären un déi gutt Schmiere vu frëschem Brout mat frësch geromptem Botter zeréck, dat woar vläicht e Genoss! Et koum alt emol vir, datt Drock am Haus woar, dann hunn ech dee frësche Botter an d’Epicerie gefouert an hu vum Erléis aner Liewensmëttel fir an de Stot matbruecht.

Ech woar net nëmme Léierin am Duerf, ech krut no an no nach esou kleng Chargen. Eemol am Joer koum de Gemengebuet mam Formulaire fir d’Ländererhebung. Ech hat dann eng Woch Zäit fir bei all Bauer ze passéieren an dës Ziedelen auszefëllen. Dorun hunn ech dat éischt Joer béis geknat! Als Escher Meedche woar ech net gewinnt a friem Haiser ze goen an dann och nach oft mat de Leit Kaffi ze drénken.

Hat ech dat dann iwwerstanen, da koum d’Collecte fir d’Rout Kräiz. Dat gung da schonns besser. A spéidere Jore woar dat „Pilgeren“ vun Haus zu Haus eng léif Gewunnecht ginn.

Eppes wat een als Léierin um Duerf jo nëmmen net duerft vergiessen, woar sech beim Paschtouer virzestellen. Dee Besuch am Poarhaus zu Géisdref hat et dunn alt erëm a sech. Um Heemwee fir op Boukels hunn ech mer iwwerluecht, wéi ech der neier Charge gerecht géif, eng Grupp Jong Meedercher (L.J.M.) ze leeden. Als fréier Guide-Cheftaine misst ech dat schonns iwwer d’Ronne bréngen, di Meedercher woare bal a mengem Alter.

Nieft engem klenge spirituelle Programm gouf et vrun allem Praktesches. Duerch de Krich woar hei villes zerstéiert, verbrannt oder verschleeft ginn. Well jong Meedercher zu allen Zäiten houfreg sinn, louch et op der Hand fir ze bitzen, ze strécken an ze heekelen. De Stoff, de Kotteng an d’Woll woare bëlleg am Vergläich mat der Konfektioun, an d’Geld an äisen Dierfer woar nach ganz knapp. E Moudejournal woar am Haushaltsbudget net virgesinn, duerfir hunn ech mäin Burda-Journal an d’Femmes d’Aujourd’hui an d’Versammlunge matbruecht. Mir hu Modellen erausgeschnidden, Stréckmusteren entziffert, Ales nei opgepäppelt an zesummen Neies fabrizéiert. Dat woar eng gelleg Freed an eng kreativ Zäit, well Zäit hate mer déi Wanterméint vëlleg, et gouf jo nach keng Televisioun.

Fir e bëssche méi Liewen an di Wanterméint ze bréngen, an och emol eng kleng Veräinskees ze schafen, hu mer Theater gespillt. Dat woar vläicht lëschteg an do koum munch verstopptent Talent op d’Tapéit.

Dingscht an der Kierch woar deemools och nach eng Saach vun der Joffer. Boukels hat kee Kierchechouer. Mat engem Meedchen aus dem Duerf, dem Christine, hu mer fir de Gesang an der Mass gesuergt. Dat woar net ëmmer einfach, et goung och alt emol derniewent, besonnesch beim Alleluja an der Oktavmass oder beim „dies irae“ an der Doudemass, mä mer hunn ni opginn.

Wat mer am Ufank vill Häerzklappe verursaacht huet, woar de Gebrauch, dass bei all Kanddaf, Kommioun oder Begriefnes de Schoulmeeschter an d’Léierin op d’Iessen oder de Kaffi geruff goufen. All dës Gebräicher si mat der Zäit verschwonnen.

Wéi ech a meng Dingschtwunneng geplënnert sinn, woar dëst déi Plaz, wou munchereen ëm Rot froe koum, di eng mat engem Stréckjournal, di aner mat der franséischer Gebrauchsanweisung vun enger Maschinn oder mat engem Rezept. Sou koum eng Kéier meng Nopesch mat engem Medikament, wat hir Schwéiesch partout net wollt anhuelen. Et woar schonns komesch, awer guer net fir ze laachen. Di aarm Krank sollt eppes schlécken, wat als Ovule geduecht woar a wat si hir am Téi opgeléist ze drénke ginn hat.

Stress an Hektik woaren net op menger Dagesuerdnung. Et woar eng roueg Zäit. Mäi Liewen woar einfach, mä Kreativitéit an Iddie goufe gefrot.