De Liewensretter

Den Heentz, mäi Stéifpapp, war zu Ouljen eng gewësse Perséinlechkeet, hie war nämlech Bannpréiter a seng uniformähnlech Kleedung, déi en am Déngscht gedroen huet, huet him de néidege Respekt abruecht.

Hie war och ni e Spillverdierwer a war dacks derbäi, wann et an engem Wiertshaus héich hir goung. Ass et him iewer ze bont ginn, dann ass säin Temperament mat him duerchgaangen. An da war hien amstand een oder méi Onroustëfter mam Schlawittchen ze huelen a virun d’Dier ze geheien. Déi kämpferesch Oder huet him de Numm „Rausschmeisser“ abruecht a vill hunn e gefaart.

Mä mäi Stéifpapp hat trotz senger rauer Schuel dach e mëlle Kär an hien huet gehollef, wou Nout um Mann war.

D’Roudemer Baach as just virun eisem Haus erduerchgelaf, grad dass d’Strooss fir op Roudemer erop, nach tëschent dem Waasser an dem Häffche vum Haus louch. Déi genannte Baach war am gewéinlechen e ganz gedëllegen, souguer romantesche Waasserlaf, dee bal wéi eng Amsterdamer Gracht en miniature mattsen duerch d’Duerf geschlendert ass.

Um Enn vum Wanter, wann déi éischt Fréijoersstierm iwwert d’Land gejot sinn, ass déi friddlech Roudemer Baach zu engem wëlle Floss ginn, dee bal net ze bändege war.

Enges Dags, wéi d’Baach erëm mutwëlleg war a gedreet huet, all Moment an d’Strooss ze klammen, huet de Néckel mam mir an der Strooss bei der Baach gespillt. Dat war fir den Néckel eppes Neits. Sou vill Waasser huet hien net dacks gesinn, well hien uewen am Duerf op der Betzder Strooss gewunnt huet.

Mir zwee Bouwen hunn esou flott gespillt bis … jo bis den Néckel ausgerëtscht an an dat héicht, brongt Waasser gefall ass. Dem Menn goung e Stéch duerch d’Häerz, wéi e säi Frënd an deem héie Waasser gesinn huet dreiwen an hien huet gebrëllt: „Hëllef, hëllef, den Néckel ass an d’Baach gefall!“

Den Heentz, dee grad op der viischter Dir stong, hat d’Situatioun gläich erfaasst an huet kee Moment gezéckt fir ze hëllefen. Esou séier hat ech mäi Stéifpapp nach ni gesi lafen. An engem Nu hat hien eng laang Staang, déi grad do laanscht d‘Gaardemaierche louch, ze pake kritt an ass „wat gëss de, wat hues de“ der Baach nogelaf, wou den Néckel nach just mam Kapp ze gesi war.

D’Staang an d’Waasser reechen a jäizen: „Hal dech un der Staang fest, mäi Jong!“ war eent an dat selwecht. Ee Gléck, den Néckel huet eenzock reagéiert an sech un d’Staang ugeklamert. An den Heentzepapp huet gezunn sou fest e konnt.

Ech sinn, wéi ech mäin éischte Schreck iwwerwonnen hat, och dohi gelaf an hu gehollef zéien. Zu zwéin hu mer et fäerdeg bruecht, den Néckel op d’Strooss eropzekréien. Den Onglécksvull war gerett!