Den éischten Nationalfeierdag nom Krich

Wochelaang virdru schonn hate mir an der Schoul auswenneg geléiert a geprouft, den 22. Januar woar et sou wäit: an der Salle Baldauf zu Réimech ass grouss gefeiert ginn. Virum Portrait vun der Grande-Duchesse Charlotte stonge mir zu fënnef um Podium, am sonndesse Gezei, mat rout-wäiss-bloe Fändelcher an der Hand.

An der éischter Rei de Buergermeeschter, den Här Marold mat de Scheffen, den Här Deche Ries mat de Kapléin, dann d’Léierpersonal an all Schoulklassen. Den Här Maas aus der Oberprimär huet d’Gäscht begréisst an du hu mir eist Gedicht opgesot.

„Mir sinn déi Jéngst vu Lëtzebuerg,

ma Lëtzebuerger duerch an duerch“

Dat woar de Refrain, deen hunn ech fir ëmmer verhal.

Riede si gehal ginn, iwwer Fräiheet an Onofhängegkeet. Duerno hu mir all zesumme gesong: „Zwee Kinnekskanner, déi trei sech léif …“ Als Ofschloss si mir opgestan fir d’Heemecht: „Looss viru blénken d’Fräiheetssonn …“

Mir woare Kanner, awer mir hunn et gespiert: dat do ass eppes ganz Wichteges.

Owes woar Fakelzuch mat alle Veräiner. Mir Kanner haten e Lampion. D’Musek huet de Feierwon gespillt an d’Haiser woare beflaggt, rout-wäiss-blo a mam roude Léiw.

Den aneren Dag, ëm 11 Auer hunn d’Klacke feierlech fir den Te Deum gelaut wéi de Buergermeeschter an de Gemengerot mat Frack, Schärp an Dunn de Cortège an d’Kierch geféiert huet. D’Veräiner, d’Douane an d’Gendarmerie am Gala woaren derbäi a mir Schoulkanner. D’Musek huet e Marsch geblos.

D’Leit sinn an déi beliichte Kierch gestréimt. Iwwerall hu Käerze gebrannt, am hellste virun der Muttergottes an hirem schéinste Kleed: „O Mamm, léif Mamm“ huet d’Uergel gespillt. Op en Zeeche vun der Schwëster Cyrille hu mir all mat gesong mam Kierchegesang.

Um Altor stung den Här Deche mat de Kapléin, a goldene Gewänner an d’Massendénger a roude Räck mat wäissem Surplis. Et huet gutt no Weihrauch gericht. Alles ass opgestan: „Te Deum laudamus te“ Nom Seegen hu mir nach eng Kéier gesong: „O du do uewen deem seng Hand …“

Ni méi, an all deene Joren duerno ass esou iwwerzeegt gebiet an esou dankbar gesong ginn, wéi dësen éischte Gebuertsdag nom Krich.

D’Gemeng huet e Patt zum Beschte ginn, an a „Brouder“ woar Danzmusek. Nomëttes huet meng Mamm Nonnebréidercher gebak, déi éischt am Joer.