Viru 75 Joer: Evakuatioun vun Diddeleng

Den 10. Mee 1940. Et war de Freide viru Päischten. Mäi Papp hat sech scho Gedanke gemaach, wat mir Päischten ënnerhuele kënnten. Den traditionellen Tour zu Fouss vun Diddeleng op Zoufftgen, dann iwwer Kanfen no Volmerange-les Mines koum säit der Deklaratioun vum Krich den 3. September 1939 net méi a Fro, well d’Awunner vun deene franséischen Dierfer ware wéinst der Maginotlinn evakuéiert an d’Grenzen zu Diddeleng waren zou.

Déi „drôle de guerre“, esou genannt, war fir Lëtzebuerg den 10. Mee 1940 eriwwer. Och d’Englänner konnten hiert Lidd vergiessen: „We are hanging our linen on the Siegfriedline“. D’Fransousen haten d’Maginotlinn, déi Däitsch déi Säit eiser Grenz haten d’Siegfriedlinn.

Ech war den 10. Mee um 5 Auer op fir meng Geschichtsprüfung ze widderhuelen, mee deen Dag hunn ech selwer Geschicht erlieft. D‘Gebrumms vun Fligere muerens fréi war fir mech rätselhaft. Wéi ech spéider géint 7 Auer ënnerwee war fir de Schülerzuch no Lëtzebuerg ze huelen, koume mir Leit entgéint a soten: „Et fiert keen Zuch. D’Preise sinn am Land“. Wéi ech méi spéit op offene Geländeween déi däitsch Zaldote mat den ugeschloene Gewierer gesinn hunn, hu meng Bee geziddert.

En däitsche Gäertner, deen um Bricherhaff ugestallt war, huet sengem Patron spéit owens verroden, dass géint 3 Auer d’Wehrmacht an eist Land géing erafalen. Dorobber hin huet den Här gläich versicht un eis Regierung ze kommen. Den Ausseminister Joseph Bech war op enger Receptioun an der franséischer Ambassade. Esou konnt d’Grande-Duchesse Charlotte mat hirer Famill an och d’Regierung quasi nach a leschter Minutt iwwer d’Grenz fueren.

Fir den Unterrichtsminister Nicolas Margue mat senger Famill war et schonn ze spéit. Si goufe spéider ëmgesidelt.

De Jemp Schaeffer vun Diddeleng huet zu Villerupt an de Minièrë geschafft. Hie war nach muerens fréi den 10. Mee mam Tram bis op Esch komm. Du war hie gezwongen zu Fouss iwwer Audun-le-Tiche op seng Aarbecht ze goen. Mee wéi erstaunt war hien, ewéi hien zu Audun e lëtzebuerger Auto gesinn huet mat der Immatrikulatiounsnummer CD2. Doranner souzen de Maréchal de la Cour Guillaume Konsbrück, den Ierfgroussherzog Jean an och d’Prinzessinne Marie-Gabrielle an Alix. Hien hat awer keng Ahnung firwat.

Schonn am fréien Nomëtten den 10. Mee ass Geschéiss zu Diddeleng lassgaangen, well entretemps war franséisch Militär an Diddeleng erageréckt. Engersäits däitsch Zaldoten um Gehaansbierg, anersäits franséisch Militär op der Schmelz an um Roudebierg.

Souwuel den Ingenieur Joseph Petit, deemools 1. Scheffe vun Diddeleng, wéi och den Nic Biever, spéider Minister, hu mat de franséische Grenzposte verhandelt, dass wéinstens daagsiwwer d’Grenz fir déi Diddelenger Leit op wier, déi schonn den 10. Mee no Frankräich geflücht sinn. Mat Recht ass den Nic Biver mat senger Famill 4 Joer a Frankräich bliwwen. Den Deputéierte Jean Fohrmann koum leider ze fréi heem. Hie gouf mat Frau a Kanner ëmgesidelt a war och nach am Kazett.

D‘Nuecht vum 10. op den 11. Mee hu mir zu 3 Familljen zesummen am Keller vun der Villa Ulveling verbruecht. Déi war vis-à-vis vun eisem Haus an der Blummestrooss. Géint 10 Auer owens konnte mir héieren ewéi d’franséisch Militär den Zoufftger Tunnel gesprengt hunn. Schlofe konnt een net. Dat Geschéiss war onheemlech.

Verschidden Awunner vun Diddeleng hunn hiert Liewen an deenen Deeg verluer, vu Rakéiten oder Splitter getraff. D’Schicksal vun enger Frëndin aus der Parkstrooss ass mir besonnesch nogaangen. Eng Granat ass an der Nuecht vum 10. Mee an den Haff hannert hiert Haus gefall. D’Kellerfënsteren sinn an de Keller geflunn. D’Marie-Thérèse gouf vu Splittere getraff an huet ënner anere Blessuren dat recht An verluer. Nodeem den Dr Jacoby aus der Noperschaft hatt verbonnen hat, koum et mat der Gemengecamionnette an d’Spidol a gouf och mam Spidol no Frankräich evakuéiert.

Och mir hunn eis mat villen Diddelenger muerens den 11. Mee op de Wee „via France“ gemaach. Den Dr Hentzen hat mäi Brudder, deen am Internat an der Stad war, den 10. Mee am Auto mat no Diddeleng bruecht.

Eise Papp, mäi Brudder an ech haten eis Vëloe mat Gezei vollbelueden a sinn dernieft gaangen. Meng Mamm hat eng Kannerpoussette mat Léngent a Sëlwercouverte vollgestoppt. Mir sinn deen Dag zu Fouss iwwer Volmerange-les-Mines bis op Trieux komm. Do hu mir owens an enger Scheier op Hee mat villen Diddelenger geschlof.

Päischtsonndeg konnte mir mat eise Vëloen op Les Baroches fueren. Meng Mamm a Familljen aus der Noperschaft sinn an engem Auto dohinner transportéiert gi mat all dem Gepäck.

Zu Les Baroches hate mir déi Chance, anstatt am Hee, mat zwou anere Familljen op Matrassen an der Salle-à-manger vun der Famill Richard ze schlofen. Dat Entgéintkomme vun de franséische Leit war ze bewonneren.

Den 22. Mee géint 2 Auer an der Nuecht huet en Zuch eis no Vertuzey gefouert. Do hate mir d’Chance an engem Bett ze schlofen an hunn net ëmmer brauchen an d’Kantin iessen ze goen. Wa meng Mamm mol gekrasch huet, sot mäi Brudder, deemools 14 Joer al: „Et ass dach Sport.“

Den 30. Mee souze mer erëm am Zuch, dee vu Sorcy nach an der Nuecht fortgefuer ass. Wéi mir muerens géint 8 Auer zu Mirecourt ukomm sinn, hu mir an der Gare Café, Brout, Pâté, an déi kleng Kanner Mëllech kritt. Ganz oft, wann den Zuch an de Gare stung, hunn d’Leit de Kanner Schockela duerch d’Fënster eragereecht.

Iwwer Dijon, Paray-le-Monial ware mir endlech zu Roanne (département Loire) ukomm. Vu Roanne hu Busser eis 18 km ewech no Ambierle gefouert. Ongeféier 400 Awunner aus Diddeleng waren endlech um Zil ukomm.

Ambierle, Saint-Haon-le-Vieux, Saint-Haon-le-Châtel an Ëmgéigend si mir bei Leit oder an eidel Haiser placéiert ginn. Den éischten Dag si mir vun de franséische Familljen op e Mëttegiessen invitéiert ginn. D’Chance war erëm op eiser Säit. Anstatt an e verloossent Haus méi wäit ewech ze kommen, hu Grandju, bei deene mir invitéiert waren, mat hirer Familljen telefonéiert. Déi haten zu Ambierle e Weekend-Haus. Si selwer haten eng Pâtisserie zu Roanne. Dat war ideal, matten am Duerf, net wäit vun enger Epicerie an och der Kierch ze wunnen. D’Famill Pixius vun Diddeleng haten eng Schlofzëmmer a mir déi aner. An enger gemeinsamer Kiche gouf gekacht.

Mat Remorquen hannen um Vëlo hu mir eis de 26. Juli 1940 mat der Famill Pixius op de Wee no heem gemaach, deelweis mat de Vëloe laanscht de Canal du Centre a vun Dijon no Metz mam Zuch.

Den 30. Juli koume mir zu Diddeleng un. An engem Autocar ass eis Mamm spéider heemkomm. Déi meeschte Leit hu gewaart bis si rapatriéiert goufen.

Déi Frëndschaft mat Ambierle huet bis elo ugedauert. D’Blanche Grandju koum bei eis an d’Vakanz, an ech gouf vun hinnen invitéiert.

Neijorsdag45

Bal 5 Jor duerno, bei der Liberatioun, hate mir en amerikaneschen Zaldot, den „Dick“ bei eis logéiert. Hei eng Foto vun Neijorsdag 1945, ech sinn déi zweet vu lénks an den Dick steet ganz riets

 

Erklärung zum Lidd: „We’re Going to Hang out the Washing on the Siegfried Line“

Wir trocknen uns’re Wäsche an der Siegfried-Linie

On ira pendre notre linge sur la ligne Siegfried

Dëst war e beléift Lidd, dat déi britisch Truppe während dem 2. Weltkrich gesongen hunn, fir sech selwer Mutt ze maachen an hir Moral ze stäerken. D’Musek ass vum Michael Carr an den Text vum Jimmy Kennedy, deen deemools Captain an der britescher Arméi war.

“Siegfried-Linn” war den Alliéierten hir Bezeechnung fir de Westwall, dem Hitler säi 600 km laangt Verteidigungssystem, mat iwwer 18.000 Bunkeren, Stollen a Panzersperren, dat vun der däitsch-hollännescher Grenz bis an de Schwarzwald verlaf ass.

Am engleschen Text gëtt d’Sigfried-Linn spëttesch mat enger Wäschléngt verglach, op déi d’Alliéiert hir knaschteg Wäsch géifen hänken, nodeems si mat de Preisen ofgerechent hätten.

Mother dear I’m writing you from somewhere in France,

Hoping to find you well,

Sergeant says I’m doing fine, a soldier and a pal

Here’s a song that we don’t sing, this’ll make you laugh.

We’re going to hang out the washing on the Siegfried Line.

Have you any dirty washing, mother dear?

We’re gonna hang out the washing on the Siegfried Line ‚cause the washing day is here.

Als Reaktioun op dat englescht Lidd hunn d’Preise mat dëser Parodie gekontert:

Ja mein Junge, das hast du dir gar zu leicht gedacht

Mit dem großen Wäschetag am deutschen Rhein.

Hast du dir auch deine Hosen richtig voll gemacht,

Brauchst du gar nicht traurig sein.

Bald seifen wir dich gründlich ein Von oben und von unter her.

Wenn der deutsche Waschtag wird gewesen sein, Mensch, da brauchste keine Wäsche mehr.