Et war schéin der Mamm hir Stëmm ze héieren

Ech war vun 1952 bis 1955 zu Iechternach am Kolléisch an och an der Bullett. Wann ech mengen Elteren telefonéiere wollt – mir koumen z.B. tëscht dem Schoulufank an Allerhellgen net heem – sinn ech zu Iechternach an d’Post gaangen. Do hunn ech dann d’Nummer vun der « Thommessen », enger Familljen an eiser Noperschaft zu Wooltz gefrot, déi « d’Kabinn » hat.

Wann déi sech gemellt hunn, hunn ech gefrot, ob ee meng Mamm kënnt op den Telefon ruffe goen. A wann direkt een disponibel war – bis bei eis heem war et e gudden hallwe Kilometer, hin an hier also ee Kilometer – a wa bei eis een doheem war, huet et eng gutt Véierelstonn gedauert, bis meng Mamm oder mäi Papp an der Kabinn waren a mir kuerz dat néidegst matenee schwätze konnten. Et war jo och schéin, d’Mamm, oder d’Mamm hire Jong emol erëm eng Kéier ze héieren. Apaart, well et jo och d’Zäit war, wou dee jonke Studentchen esou lues an de Stëmmbroch koum.

Dertëschent goufen natierlech och Bréiwe geschriwwen; a wann déi Weide-Waliss mat de frësch gewäschenen, gefléckten a gestreckte Kleeder vun doheem an der Bullett ukoum, war ëmmer grouss Freed. Da louchen tëschent den Hiemer a Boxen alt emol e Glas Hunneg, eng bescht Zossiss, e puer Äppel an och heiansdo e Stéck Schokela, wann Namens- oder Gebuertsdaag war. D’Bréiwen, déi meng Mamm mer geschriwwen huet, versuergen ech nach haut a menger eise Kassett aus der Studentenzäit.