Den amerikanesche Kleeschen

… De Kaploun Wolff sot e puer Wierder op Lëtzebuergesch zu de Schwësteren, déi d’Amerikaner frëndlech ugekuckt an diskret mam Kapp gewénkt hunn. Als Äntwert op hir Begréissung hunn och de Brookins an de Burton kuerz gewénkt.

„Wann dir prett sidd, hëllefen d’Schwësteren an ech Iech mam Gezei“, sot de Kaploun an huet op en Zëmmer déi aner Säit vum Gank gewisen.

„Jo, sécher, vu mir aus.”

„Ech waarden dann hei”, huet de Burton gegrinst an op ee vun deene groussen, geschnëtze Still am Gank gewisen.

„Feigling”, huet de Brookins him iwwer d’Schëller zougepëspert, ier en dem Geeschtlechen an de Schwësteren an dat anert Zëmmer nogaangen ass.

„Hei ass alles”, sot de Kaploun Wolff an huet op den Dësch an der Mëtt vum Raum gewisen. Do louchen e laange wäisse Surplis, dee mat Spëtzt besat war, an e Chouermantel aus schwéierem Brokat mat gëllene Stären an enger gëllener Bordür. Donieft louchen eng Bëschofsmitra, e Puer wäiss Händschen an eppes, wat ausgesinn huet wéi en fatzegt Seel.

„D’Schwësteren hunn alles virbereet. Si hëllefen Iech elo“, sot dee Geeschtlechen an ass mat der Hand iwwer déi gëlle Stäre gefuer, déi extra fir dës Geleeënheet ugebutt gi waren. „Ech muss nach eppes an d’Rei maachen a kommen erëm, wann Dir fäerdeg sidd.”

“Ok. Thanks, Father”, sot de Brookins.

Wéi de Kaploun fort war, huet den Amerikaner sech gefrot, wéi hie sech mat de Schwëstere verstännege géif. Si hu keen Englesch verstanen, hie kee lëtzebuergesch. Mat deem bëssen Däitsch, dat hien nach aus der Schoul kannt huet an nees an Europa opgefrëscht hat, sinn déi dräi awer eens ginn.

De Brookins huet dee wäisse Surplis iwwer seng Uniform ugedoen. En huet aus zwee Deeler bestanen, béid aus ganz liichtem Léngent. Dat éischt Stéck, dat ënnendrënner gedroe gouf, war ganz einfach. Den zweeten Deel war e bësse méi kuerz, opwänneg mat roudem a gëllenem Stofft besat an hat vir eng reng Spëtz. D’Schwësteren hunn dem Brookins gehollef, dee schwéiere Chouermantel unzedoen, dee wéi eng Pellerin iwwer d’Schëllere geluecht gouf. Vir ass d’Gewand nëmme bis an d’Taille gaangen, awer hanne war et vill méi laang an ass iwwer de Buedem geschleeft.

Wéi de Brookins fäerdeg ugedoe war, huet eng vun de Schwësteren him déi fatzeg Kludder ginn, déi um Dësch louch. Elo réischt huet de Brookins erkannt, datt dat säi Baart sollt sinn. Natierlech, huet hie geduecht, wat wier de Kleeschen oder de Santa Claus ouni säi wäisse Baart? D’Schwësteren hunn de Baart mat engem Stréckel hanner sengem Kapp festgebonnen. En huet dem Brookins bis op d’Broscht gehaangen, an der Mëtt war e Lach erausgeschnidde fir de Mond.

05-AmStNick priest 1944-2

Dunn huet nach just d’Bëschofskap gefeelt. D’Schwësteren hu probéiert, dem Brookins se unzedoen, awer se war ze kleng an ass net sëtze bliwwen. Hien huet d’Mitra geholl a lues um bannenzege Band gezunn, fir d’Material méiglechst weit ze maachen, ouni et ze zerrappen. No e puer Minutten hat hien et esou auserneegezunn, datt d’Schwësteren him d’Kap opsetze konnten. Se war enk, ganz enk, mä méi hätt een net méi drun zéie kënnen. Grad dee Moment goung d’Dier op an de Kaploun Wolff koum hannescht, zesumme mat zwee klenge Meedercher vun aacht oder néng Joer.

„Wat wier de Kleeschen ouni seng Engelcher“, sot hien. „We have little angels for you. Si sinn hei aus dem Pensionat, et sinn déi bescht aus der Klass. Dëst ass d‘Liliane Wampach an hei ass d‘Jeanny Schleimer. Si hëllefen dem Kleeschen.“

D’Meedercher hate wäiss Räck un, mat wäisse Strëmp a Schong. Hir stofften Engelsflilleke ware mat engem Band befestegt, dat vir zu engem Putsch gebonne war. Si haten och e wäisst Band ëm de Kapp, dat en Hellegeschäin duerstelle sollt. Mat verwonnerten Aen hu si op dee grousse Mann gekuckt. De Brookins huet hinne gelaacht, awer näischt gesot, well si hie souwisou net verstanen hätten.

Eng vun de Schwësteren huet dem Brookins dunn de Bëschofstaf ginn, deen allerdéngs am Krich gebrach war a mat Tafta zesummegehale gouf. Hien huet seng wäiss Händschen ugedoen an de Staf geholl.

„Solle mir goen?”, huet de Kaploun Wolff gefrot.

De Brookins huet sech de Staf nach eng Kéier ugekuckt a jo gewénkt. D’Meedercher si fir d’éischt erausgaangen, de Brookins an d’Schwësteren hannendrun. Wéi si an de Gank koumen, ass de Burton vu sengem Stull opgesprongen an huet de Brookins ugegrinst.

„Kee Wuert vun dir“, sot de Brookins an huet sengem Frënd zum Spaass mam Bëschofsstaf gedreet.

„Den Hellegen Nikolaus héchstperséinlech?”, huet de Burton gestëppelt.

„Du hues Chance, datt Kanner hei sinn, soss géif ech dir de Bengel um Kapp zerschloen.“

„Ech dinn zur Sécherheet da léiwer mäin Helm un“, huet de Burton gekontert an d’Dier fir eraus an den Haff opgehalen. Hien huet sech direkt hanner d‘Steier vun der Jeep gesat an de Motor ugemaach…

Extrait aus dem  Buch « American Saint Nick » vum Peter Lion