D’Stäckmécher

D’Holz war deier. Duerfir huet de Fierschter deene Leit, deenen hire Portemonni net esou déck war, d’Erlaabnis ginn, d’Holz vum Stack vun engem ofgeseetene Bam ze huelen. Dat war extrem gutt Feierholz, mee d’Wuerzele vun esou engem Bam si meterdéif an de Buedem gaangen, an et war eng Knachenaarbecht fir dat Holz eraus ze huelen. Elo war et am Minett esou, datt bal all drëtten an der Galerie geschafft huet, folglech also och Zougang zu Sprengstoff hat.

Staark Männer si mat allerlee Geschir an de Bësch gaangen, fir „Stäck ze maachen”. Fir d’éischt gouf de Buedem ronderëm de Stack mat Pioche a Schëpp ewech geholl. Dann ass den Expert, de Galeriesmann, mat engem décken Handbuer an Aktioun getrueden. Genee op der richteger Plaz huet hien e Polferlach bis an d’Mëtt vum Stack gebuert, eng ustrengend Aarbecht, déi Stonne gedauert huet. Dann huet hien, vu jiddwerengem bewonnert, ganz delikat de Sprengstoff „Luxite” an d’Buerlach gestoppt. De gréissten Zukunftswonsch vun eis Bouwe war deemools net Pilot, Lokomotivführer oder soss eppes ze ginn, neen, Sprengmeeschter fir e Stack an d’Lut ze joen.

Duerno ass dat Ganzt mat enger Wick a mat engem Détonnateur verbonne ginn, an d’Buerlach fest mat Buedem zougestoppt ginn. Endlech de sakralen Akt! Den „Offiziant” huet sech eng Zigarett gedréint an d’Zigarett an d’Wick ugefaangen. „Gare la Mine”, huet e geruff an alleguer si mer 30 bis 40 Meter hannert e Bam eis verstoppe gaangen. No der Explosioun sinn d’Fatze vun de Wuerzelen a vum Stack duerch d’Lut geflunn an et gouf ganz roueg am Bësch, kee Villchen huet sech méi geréiert.

Da sinn d’Männer virsichteg bei de Stack kucke gaangen an hunn opgepasst, op net en Aascht vun engem Bam kéint eroffalen. De Stack, deen nach gedämpt huet, war ausenaner gerass, an d’Wuerzele meterdéif aus dem Buedem gerappt. Elo ass am Fong geholl déi schwéier Aarbecht eréischt ugaangen. De Stack selwer huet sech zimlech liicht mat der See zerklengere gelooss. D’Wuerzele par contre ware steenhaart an et huet Deeg gedauert, bis dat Ganzt an handlech Stécker geschnidde konnt ginn.

Mär Bouwe waren entretemps scho mam Handweenchen erbäi komm, an dann ass dat wäertvollt Holz am Triumph heemgefouert ginn. Et huet schonn e puer Luedunge gebraucht, bis dat ganzt Holz sécher am Keller oder hannert dem Haus war. E gudde Stack huet bal eng Kouert Feierholz duergestallt, Holz, dat eng vill besser Qualitéit wéi dat gewéinlecht Holz hat. Et huet näischt kascht, mee et war mat vill Arbecht a vill Schweess verbonnen. Mär Bouwen hunn deemools och gesinn, wéi schwéier eis Pappen hu misse schaffen, fir datt d’Mamm Holz hat, fir d’Kachmaschinn ze hëtzen. Esou hu mär schonn e bëssen um richtege Liewen deelgeholl, an et deet mer nach haut, wou ech scho Grouspapp sinn, net leed.