Spillgeschichten

Ech sinn vum Joergank 59. Mir, dat sinn meng Mamm, mäi Papp a meng grouss Schwëster, hunn zu Betten op der Mess gewunnt. Meng Elteren haten do um Kiem e klengt Reienhaus mat engem schmuelen, awer laangen Haff hannendrun. Vun der Kichen ass een direkt an den Haff komm. Esoubal schéi Wieder war, stoung d’Kichendier grouss op. Mir hunn déi meeschten Zäit do hannert dem Haus am Haff verbruecht.

Meng Schwëster ass schonn an d’Schoul gaang. Dann hunn ech mech missten eleng beschäftegen. Dat war awer ni schlëmm, well ech hu vill mat Poppe gespillt.

Meng allerléifste Popp, dat war mäint Lou. D’Lou ass eng donkel Popp mat laangen, schwaarzen Hoer. Mam Lou hunn ech vill Coiffeuse gespillt. Ech hunn der Popp hir Hoer ëmmer mat menger Mamm hire pickege Bigoudien ageluecht. Dat goung och ganz gutt. Just beim eraushuelen vun de Bigoudien huet d’Popp ëmmer voll Hoer verluer. Trotzdeem steet si haut nach bei mir doheem an enger Vitrine.

Meng Mamm hat dem Lou e Rack gestréckt

Meng Mamm hat dem Lou e Rack gestréckt

Vum Kleeschen hat ech eng kleng Kachmaschinn kritt. Et konnt ee richteg drop kachen. Meng Mamm huet e klenge Cube (eng Zort Zip) dra geluecht an dee mat engem Fixspoun ugefaang. Da konnt ech menge Poppen Spigeleeër an esouguer Nuddele kachen.

Meng Schwëster an ech hate vill Freed mat engem Plackespiller, deen eis de Monni Albert geschenkt hat.

De Plackespiller ass mat Batterië gaangen an et konnt een en iwwerall mat virun huelen. Mir haten eng etlech Märerchers-Placken geschenkt kritt. Am beschten huet mir d’Geschicht vun der „Prinzessin auf der Erbse“ gefall. Dat Märchen hunn ech alt e puermol hannerteneen gelauschtert. Dann ass et menger Mamm awer ze vill ginn, an ech hu séier eng aner Plack opgeluecht.

Frigo

De Frigo aus der Poppekichen

RackWäschmaschinn