Am Meedercherslycée

1933 ware mir zu 3 Meedercher aus eiser Klass vun Diddeleng, déi den Aufnahmeexamen fir an de Meedercherslycée an der Stad um Lampertsbierg gemaach hunn. Mir hu muerens de Schülerzuch geholl, mir hate keng Ahnung, wou dee Lycée wier a sinn einfach deene méi eelere Schülerinnen nogaangen. Déi waren awer nomëttes fräi. Mëttes konnte mir am Lycée iessen. No 4 Auer huet d’Madeleine gemengt, wa mir no Süde géngen, misste mir d’Gare fannen.

Vicky op septième

Op der 7ème waren 3 Klassen, A, B an C, zu je 26 Schülerinnen. U sech war dat eng kleng Klass, well am Kolléisch war mäi spéidere Mann nach zu 60 Schüler an enger Klass op 7ème. Op der 5ème ware mir nëmmen nach zu zwou Klassen. Wann een am Passageexamen no der 5ème eng Moyenne vun 2 hat, konnt een op 4ème op d‘Sektioun latine goen. Et gouf och eng Sektioun moderne an eng Sektioun professionnelle (hautzudags Economie), wou een no der 3ème en Diplom kritt huet.

8 Stonnen d’Woch Latäin waren oft batter. Op 3ème gouf schonn den Cäsar „De Bello Gallico“ iwwersat. Op 2ème stung Titus Livius an Horaz um Programm. Wéint dem „scandéieren“ hu mir do latengesch Verse missen auswenneg léieren. Zum Trouscht hunn ech festgestallt, dass d’Latäin mir fir déi franséisch Sprooch a spéider och fir déi italienesch Sprooch eng Hëllef war.

Op der Première ware mir nach zu 16, d’Sektioune latine a moderne zesummen an enger Klass. Ënner eis waren zwou Jüdinnen. Esou oft muss ech nach un deenen hiert Schicksal denken. Mam Charlotte Hertz, dat zu Hollerech gewunnt huet, sinn ech oft vun der Gare zu Fouss an de Lycée gaangen. Nëmme wann et gereent huet, hu mir den Tram geholl. D’Charlotte hat mech och eemol an hir Synagogue matgeholl. Et war déi Synagogue, déi spéider während der Besatzung am Krich gesprengt gouf. Mat sengen Elteren a sengem klenge Brudder, deen deemools 9 Joer hat, konnte si no Montélimar flüchten. Leider waren si am Frankräich och net méi sécher. Si koumen an d’Kazett a goufen zu Auschwitz vergaast. Dat hat eise Reliounsprofesser Pierre Elcheroth erausfonnt.

D’Marion Jacks war 1933 mat sengen Eltere vu Stettin no Lëtzebuerg komm. „Weh dem, der keine Heimat hat“, huet et deemools gesot. Schnell huet et sech ugepasst an huet séier ouni Accent lëtzebuergesch geschwat. D’Marion a seng Elteren, eist Land war schonns längst vun den Däitsche besat, haten déi Chance nach mam leschte Schëff, dat no New York gefuer ass, an Amerika ze kommen. Einfach war dat fir si net, well no laangem, laangem Waarden huet de Kapitän endlech d’Erlaabnis kritt, fir an den Hafe vun New York ze fueren. Speziell seng Mamm war deemools verzweifelt, ewéi et eis nom Krich bei engem Konveniat zu Bréissel erzielt huet. Säi spéidere Mann war hinnen deemools um Schëff eng grouss Hëllef. An Owescoursen huet d’Marion an Amerika Psychologie studéiert. Ier et an Amerika gaangen ass, hat et eis invitéiert an huet jidderengem e Buch aus senger Bibliothéik geschenkt. D’Josette, wat deemools scho bestuet war, krut hir Bitzmaschinn, wat am Fong fir déi Zäiten illegal war. Ech gesinn nach dem Marion säi Papp, dee fréier méi korpulent war. Hie war nach ewéi e Stréch a sot: „Sehen Sie, was sie aus uns gemacht haben.“

Net nëmmen op Konveniaten, mee och e puermol d’Joer si mir regelméisseg op Kaffiskränzercher zesumme komm. Vun deene 16 op der Première liewe mir nach zu 3. D’Triny am Konviktsgaart. D’Gilberte an der Fondatioun Pescatore an ech zu Diddeleng a menger Heemechtsstad. Gären huelen ech un den Aktivitéite beim RBS an am Club Senior zu Diddeleng deel a freeë mech, mat 10 Enkelkanner a 14 Urenkelkanner muench schéi Stonnen ze verbréngen.