Ons Kachschoul

Ech si vun 1959-1963 um Verluerekascht an d’Ecole Ménagère et Professionnelle Ste Marie an d’Schoul gaang. Am Volleksmond ass si nëmmen d’„Haushaltungsschoul“ oder d’„Hartmanns-Schoul“ genannt ginn, well de Grënner Hartmann geheescht huet. Et ware Schwësteren, awer och Professorinnen, déi Schoul gehalen hunn. Mir haten och eng „Mutter Oberin“, déi awer guer net wéi eng Oberin ausgesinn huet. Si war eng kleng, onscheinbar Persoun, ëmmer frëndlech, déi éischter am Hannergrond agéiert huet. Den Direktor war den Här Chanoine Wagner, de „big Boss“ vun der Schoul.

Si haten och en Internat, wou déi Meedercher gewunnt hunn, déi aus allen Ecke vum Land an d’Schoul komm sinn. Ganz vill waren aus dem Éislek. Ech hat d’Chance zu Bouneweg ze wunnen a konnt ganz bequem zu Fouss dohi goen. Dat war natierlech flott mat e puer vu menge fréiere Spill- a Primärschoulkomerodinnen de Wee ze maachen.

Et ass, wéi den Numm et sot, alles geléiert ginn, wat eng jonk Fra fir hire spéidere Stot huet misse wëssen: Kachen, Bitzen a Strecken. Ausserdeem goufen et Klasse vum „Commerce“, also fir spéider op engem Büro ze schaffen. Do huet een Dactylo, Stenographie, Arithmetik, däitsch a franséisch Korrrespondenz a Comptabilitéit geléiert. Fir ons war de Beruff vun der Sekretärin d’Zil vun allen Dreem, well als Sekretärin hat een de Ruff vun enger moderner, gebilter an eleganter Damm. Dat hate mir och schonn an esou vill Filmen vun där Zäit gesinn. Also hunn ech mech, wéi e puer vu menge Frëndinnen, entschloss, Karriere an deem flotte Beruff ze maachen. Duerfir hu mir ons op „Commerce“ ageschriwwen.

Eng gutt Renommée hat och hir Klass vum „Froebel“, dat waren déi Meedercher, déi eng Ausbildung als Kindergärtnerin gemaach hunn.

D’Wierklechkeet huet ons awer ageholl, wéi mir dat éischt Trimester geschmaacht haten. Et war net nëmme ganz ustrengend, awer fir all Klass war 1 mol an der Woch Bitzen a Strecken ugesot an de Kichendéngscht, d.h. Kachschoul. Wéi mir gegrommelt hunn, krute mer gesot et wär och wichteg herno e Stot kënnen ze féieren. Et war eng Selbstverständlechkeet datt ee Meedchen, wat sech bestuet huet an da Kanner krut, säi Beruff un den Nol gehaang huet, fir dann nëmmen nach Hausfra a Mamm ze sinn.

D’Kachschoul ass ofwiesselnd gehale gi vun enger Joffer a vun enger Schwëster. Déi zwou ware ganz léif mat ons, wat d’Saach eenegermoossen acceptabel gemaach huet.

Beim Kachen ass dat blot Schoulschierteg géint e wäisst getosch ginn an och ëm de Kapp hate mir e wäisst Duch wéinst der Hygiene. Dann ass vill gekikkelt ginn, well mir hunn ausgesin wéi Novizinnen.

Dat Schlëmmst waren awer déi grouss, schwéier Dëppen. Et ware richteg Hotel-Restaurantsdëppen an deene grouss Quantitéite gekacht gi sinn. Well alles, wat an der Kachschoul preparéiert gi war, ass am Internat servéiert ginn. Duerfir ass op eng ganz

gutt Qualitéit gehale ginn. An all Kachstonn ass duerno ordentlech alles an en Heft geschriwwe ginn. Et sinn och Punkten um Kache ginn, wéi bei all deenen anere Fächer.

Wann alles fäerdeg war, hu mir zesummen an der Kachschoul un engem laangen Dësch giess. Den Hit war eng Geméiszopp wou ënnen an de Komp Ram an een Eegiel komm ass. Dat duerchernee geréiert huet esou gutt geschmaacht, datt mir et net Ramzopp, mä „Dramzopp“ genannt hunn.

Duerno ass gespullt ginn. De Spulldéngscht war sou opgedeelt, datt all Woch eng aner Grupp un der Rei war. Selbstverständlech huet och missen alles gebotz ginn. Wéi hunn ech dat gehaasst! Da sinn ech och nach vun der Schwëster gehänselt ginn: „Jo Meedchen, do geet et fir den Neellack“. Si huet net gär gesinn, datt ech heiansdo d’Neel rosa gefierft hat.

Spéider, wéi d’Schoulzäit eriwwer war, hunn ech awer ganz oft no mengem Heft gegraff an eppes Guddes doraus gekacht. Ech hunn agesin, datt dat alles vu groussem Notze war, well bei menger Mamm doheem hätt ech bestëmmt ni fräiwëlleg kache geléiert, och wann si dat oft probéiert hat. De Bewäis: mäi Schoulkachbuch steet nach haut e mengem Schaf an ech huelen et ëmmer nach wann ech mol eppes Einfaches kache wëll, wat meeschtens jidderengem schmaacht. Souguer mengen Enkelkanner.

Kachbuch