Aus dem Liewe vun enger Infirmière

Wéi mir 1945 aus der Evakuatioun vu Lëntgen heem op Waasserbëlleg komm sinn, war eist Haus mam Geschäft, wéi och vill aner Haiser, verbrannt. Och déi zwou Brécke waren zerstéiert.

Schonn 1950 war d’Aweiung vun der neier Bréck tëschent Waasserbëlleg a Waasserbëlleg-Bréck. Et war déi éischt, déi nom Krich erëm opgebaut ginn ass. Dat selwecht Joer huet och d’Pont de Verkéier mat Oberbëlleg (D) nees opgeholl.

„D’Spatz“ ass den déifste Punkt am Land, do lafe Baachen a Flëss zesummen, do leeft d’Sauer an d’Musel. 1953 huet op der Spatz e Bagger am Gestrëpp e Sarkophag fräigeluet. Mat menger Frëndin sinn ech kucke gaang. Et war keen Deckel méi drop, awer bannenan am Sarkophag louch e Skelett a guddem Zoustand. Se soten et wier aus der Merowengerzäit (5.-8. Jh). Sou Saachen hu mech faszinéiert.

No menger Primärschoul-Zäit zu Waasserbëlleg war ech um Fieldgen. Wéi d’Clinique Sacré Coeur 1957 hir Dieren opgemat huet, hunn ech als Interne do meng Léier fir Infirmière ugefaang. Nieft der Schoul hu mir praktesch Erfahrunge mat de Patiente gemat, Stage an der Röntgen, der Polyclinique, am OP asw.

1959/60 hunn ech mäin Exame gemat: ech war elo diploméiert Infirmière.

Meng éischt Ustellung hat ech 1960 um Fëschmaart a St. Joseph (vis-à-vis vu St. François). Mir haten do vill Aarbecht, wéineg Personal a wéineg Fräizäit, awer d’Aarbecht huet mir Freed gemat.

Ech war 6 Joer a St. Joseph, duerno war ech am Ausland: Lausanne, Paräis, Nanzech, Royan, La Rochelle, Pau, Aix-les-Bains, Annecy, Salanches, Grenoble, Le Puy, Cannes.

Als Chef d’unité an der Orthopédie sinn ech 1976 am Centre Hospitalier agestallt ginn. Mat all deenen Erfahrungen, déi ech am Ausland gesammelt hat, hunn ech beim Opbau matgeschafft. Am Februar hu mir ugefaang Patienten opzehuelen. Ech war do bis zu menger Pensioun 1992.

 

An der Infirmièresschoul, 1958

An der Infirmièresschoul, 1958

Virun der Clinique St Joseph um Fëschmaart, 1960

Virun der Clinique St Joseph um Fëschmaart, 1960