D’Schoulschiertech

An de fofzeger Joren ass zu Konstem kee Meedchen ouni Schiertech an d’Schoul gaangen. Souguer fir ze spillen hate mir Meedercher e Schiertech un, awer da méi en aalt. D’Schiertecher waren do, fir déi aner Kleeder ze schounen: d’Pulloveren an d’Juppe ware meeschtens aus Woll, déi net esou dacks konnte gewäsch ginn, well soss wäre se verfilzt.

Fir den éischte Schouldag gouf et en neit Schiertech, dat d’Mamm meeschtens selwer gebitzt hat. Et waren där Schiertecher mat Falen aus karéiertem Stoft. Meeschtens gouf och nach eng Täsch op déi iewes Säit gebitzt, well da konnt een dat gutt Stéck freides a samschdes nach iewentzech undoe fir an d’Schoul, wann et op der riichter Säit knaschteg war.

No der Schoul hu mer ëmmer misse méi en aalt Schiertech undoen, wa mir eis kleng Flichten an der Famill ze erleedegen haten: Eeër ophiewen, Holz aus dem Schapp an d’Haus erandroen, d’Kéi siche goen …

Och deemools ware mir Meedercher houfreg an hate gär schéi Kleeder. Mir hunn äis also op den éischte Schouldag gefreet, wa mir mat eisem neie Schiertech konnten untrieden.

Ech erënnere mech nach ganz gutt, wéi meng Nopesch, d’Betty, mir voller Houfert säin neit Schiertech gewisen huet. Den Dag virum Schoulufank hu mir zu hirer Stufffënster erageluust, fir dat neit „Prachtstéck“ ze bewonneren. Et hung op engem Stull an hirer beschter Stuff, schéi gestreckt, eng Fal wéi déi aner. D’Betty huet sech wierklech gebretzt, well et war net seng Mamm, déi d’Schiertech gebitzt hat, mä eng Tatta hat him et fäerdeg am Geschäft kaaft. Dat war schon eppes ganz „Extraes“!

Wéi ech am zweete Schouljoer war, hat ech eng Kéier Pech. Mir hunn nämlech enges Daags geléiert mat Tënt schreiwen. An all Bänk war e klengt Tëntefaass, wou mir d’Fieder konnten dranzappen. Well ech awer ëmmer zimlech wibbeleg war, hunn ech un deem Fässche gekniwwelt, a, schwupp, ass d’Tënt iwwert d’Bänk erof op mäi Schouss gelaf, a mäi schéint neit Schiertech war voller Tënt! Leider ass d’Tënt an der Wäsch net ausgaangen, an esou war dat schéint neit karéiert Stéck net méi ze gebrauchen. Natierlech war d’Mamm net frou iwwert dësen Akzident: si huet elo erëm missen extra op Ettelbréck fueren, fir neit Stoft ze kafen, hat onnéideg Ausgaben an och nach d’Aarbecht vum Bitzen. D’Stoft vum Réck vum futtisse Schiertech, wou keng Tënt dru war, gouf awer nach gebraucht, fir dem Papp Nuesschnappecher ze maachen, well schliisslech war dat Stoft jo nach wéi nei. Well an de fofzeger Joren gouf net esou séier eppes ewech gehäit!

Och d’Schiertecher si mat der Moud gaangen: déi gefaalten sinn ëmmer méi verschwonnen. D’Fraen aus dem Duerf hu sech d’Schnittmusteren ausgeléint, an op eemol hate mir Meedercher bal all Schiertecher mat Wollangen iwwert der Schëller, an d’Karostoft gouf duerch Blummemusteren ersat. Mäin éischt Wollangeschiertech war aus Stoft mat Kiischten drop, gebitzt. Ech ka mech nach gutt dorun erënneren. D’Geedy am Haus huet awer alt gemengt, laang Äerm wäre besser gewiescht, well da géifen d’Äerm vun de Pulloveren net esou séier knaschteg.

Eng lescht Anekdot ronderëm meng Schiertecher war 1959, wéi ech an d’Pensionnat gaange sinn. Deemools ass d’Tatta Anna, déi Néiesch war, komm, fir menger Mamm ze hëllefen, mäin Pensionnatstrousseau an d’Rei ze setzen. D’Tatta huet mir och en neit Schiertech gebitzt, ee geblummelecht, extra fir den Haushaltscours. Et waren awer net genuch Knäpp am Haus, an dunn ass de Monni Joss mam Auto op Housen gefuer, fir Knäpp ze kafen. Hien huet och eng Fatz Stoft matgeholl, fir déi derzou passend Knäpp erauszesichen. De Monni Joss war ëmmer zu Spiichten opgeluecht, a wéi hien zréckkoum, hat hien e gréngen, e gielen, e bloen, e rouden, e mofen an e wäisse Knapp an enger Tiitchen. D’Tatta huet sech gréng a giel geiergert, awer de Monni war ganz zefridden mat sengem Akaf, well elo hätt ech dach wierklech e „Picasso-Schiertech“, an esou eent hätt bestëmmt soss keent, war seng Ausso. Zu gudder Lescht huet d’Tatta déi verschidde faarweg Knäpp dunn ugebitzt.

Schiertech 1

Schiertech 2