Bibliographie

 

Fifties2 Cover

Eis fofzeger Joren

Eng Gesellschaft am Wandel

A perséinlechen Temoignagë gräife mir Themen op, déi sech mat de Verännerungen an der Gesellschaft befaassen. No den Aschränkunge vun de Krichsjoren gouf no vir gekuckt, déi Jonk hunn sech ëm eng gutt Ausbildung beméit, a besonnesch bei de Meedercher hunn sech d‘Perspektivë fir Studium a Beruff däitlech erweidert. Duerch den Ausbau vum ëffentleche Verkéier an de Boom um Autosmarché sinn d’Leit méi mobil ginn, si konnten sech Aarbecht ausserhalb vun hiren Uertschafte sichen an hunn dës bei grousse Firmen an neien Industrië fonnt. Den Interessi ass och iwwer d’Grenze vum Land erausgaangen an déi europäesch Institiounen hunn sech hei etabléiert.

D’Buch huet 176 Säiten a gouf zesummegestallt vum Biographiegrupp vum RBS. RBS-Shop


 

Blank book cover template.

Eis fofzeger Joren

Eng nei Zäit: Wunnen, Iessen, Moud

Mir hunn eis zréckversat an d’Zäit nom Krich an där sech esou vill verännert huet an esou vill Neies opkomm ass.

An dësem éischten Deel vun eiser Serie iwwer d’50er Joren fänke mir do un, wou jiddereen sech am beschten auskennt: Doheem. Dëse Band handelt also vun der Wunnsituatioun an där Zäit, vun der Ariichtung an den Haiser an deene villen neien Apparaten, déi eis d’Liewe méi einfach gemaach hunn, vum Iessen, dat nees méi vëlleg do war a vun der neier Moud, déi Fra a Mann begeeschtert huet.

 D’Buch huet 112 Säiten a gouf zesummegestallt vum Biographiegrupp vum RBS. RBS-Shop


 

Blank white book on white

American Saint Nick

Den amerikanesche Kleeschen

Nodeems d’Amerikaner den 10. September 1944 Lëtzebuerg befreit haten, gouf a villen Uertschafte gefeiert. Wat dee Moment kee wousst, war datt dem Éislek mat der Ardennenoffensiv nach déi batterst Episod vum ganze Krich bevirstoung. Och déi amerikanesch Zaldoten, déi am November 1944 zu Wooltz stationnéiert waren, konnten dëst net virausgesinn. Si hu vun der friddlecher Stëmmung profitéiert, fir sech ze erhuelen an op neien Uerder ze waarden.

Ee vun dësen GIs, den Harry Stutz, huet Frëndschaft geschloss mat Weeltzer Leit, déi him iwwer lëtzebuergesch Traditiounen erzielt hunn, déi leider ënnert der preisescher Besatzung verbuede waren.  Doraus ass d’Iddi entstanen, zesummen eng Niklosfeier ze organiséieren. De Corporal Richard Brookins huet de Kleeschen gespillt an déi lëtzebuerger Kanner mat Schockela a Knätschgumm beschenkt. Nom Krich ass de Richard Brookins nach dacks op Lëtzebuerg zréckkomm, fir Niklosdag mat deene Weeltzer ze feieren.

De Peter Lion huet déi Episod am Krich, wéi amerikanesch Zaldoten de Kleeschen zu Wooltz gespillt hunn, an Amerika publizéiert. Den RBS huet dëst Buch, mat ville Fotoe vu fréier, op Lëtzebuergesch erausginn. RBS-Shop


 

Kandheet BuchCD

 

Wéi mir Kanner waren an de 40er Joren

Si waren nach kleng, sinn an d’Primärschoul, d’Oberprimärschoul oder de Lycée gaangen : 28 Auteuren erzielen aus hirer Kannerzäit, vun doheem an aus der Schoul, Alldagsgeschichten awer och speziell Erliefnesser, spannend, lëschteg oder eescht.

D’Buch huet 312 Säiten a gouf zesummegestallt vum Biographiegrupp vum RBS. RBS-Shop

Um Audio-CD (mp3-Format) fannt Dir déi meescht Geschichten aus dem Buch, virgelies vun de Membere vum Biographiegrupp a Schüler aus dem Wëltzer Lycée. RBS-Shop

Hei en Text vum Joss Scheer, “Jick a Jick ass zwäerlä”, deen der am Buch an och um Audio-CD fannt:


 

Beruffer1an2

Et war een deemools net méisseg

Al Beruffer a Broutverdéngschter

An dësen, vum Biographiegrupp vum RBS zesummegestallten zwee Bicher ginn eng ronn 120 Beruffer a Broutverdéngschter beschriwwen, déi et net méi gëtt oder bei deenen d’Aarbechtsweis sech stark verännert huet. D’Beruffer gi fir d’éischt allgemeng beschriwwen, duerno presentéieren Zäitzeien Iech hir perséinlech Erënnerungen. RBS-Shop

De Band 1 ass leider vergraff. Dir fannt en awer an den ëffentleche Bibliothéiken oder Dir kënnt et hei eroflueden.


144856_RBS_LIVRE_COUV.indd.ps

Déi Gefiller sinn net ze beschreiwen

Erënnerungen un d’Liberatioun 1944/45

An dësem Buch, dat vum Biographiegrupp vum RBS zesummegestallt ginn ass, erzielen 52 Zäitzeien, wéi si d’Liberation 1944/45 vum Naziterror erlieft hunn. Et komme Leit zu Wuert, déi net d’Gewunnecht hunn, mat hiren Erënnerungen un d’Ëffentlechkeet ze trieden, an deenen hiert Wëssen an hir Andréck vun deenen dramateschen Ereegnesser no an no verluer gaange wieren. D’Buch gëtt sécher e Stéck Geschicht erëm, awer net déi vun de Politiker an den Autoritéiten, mä déi vun de „klenge“ Leit. Op deeër enger Säit gëtt den Alldag vum Vollek beschriwwen, op deeër anerer Säit awer och d’Lous vun eenzelne Fraen a Männer, Jugendlecher a Kanner, déi ongewollt an dat „Grousst“ eragezu si ginn, a gestruewelt hunn, fir dervun ze kommen. D’Temoignagë sinn op lëtzebuergesch, däitsch oder franséisch.

Editioun RBS, 2005, ISBN 2-9599796-7-2

D’Buch ass leider vergraff. Dir fannt et awer an den ëffentleche Bibliothéiken oder Dir kënnt et hei eroflueden.


Bim copy

De Vëlo ass mäi Liewen

Dem Bim Diederich seng Erënnerungen, opgeschriwwe vum Emil Angel

An dësem, mat ville Fotoen an Zeitungsausschnëtter illustréierte Buch erzielt de Bim Diederich aus senger Kandheet, Jugend an vu senge groussen Exploiten als Coureur, wéi hie mat Vëloslegende wéi Rik van Steenbergen, Fausto Coppi a Louison Bobet zesummen am Peloton ëmmer virop ze fanne war. RBS-Shop


COUVERTURERosalie

Ewechgeblosen ass ons Suerg, Vive roude Léiw vu Lëtzebuerg

Rosalie Monceau, Gedichter aus der Krichszäit

D’Rosalie Monceau hat zu Rëmeleng eng kleng Papeterie. Hire Papp war Minnebesëtzer. Während dem Krich huet si heemlech Gedichter zu de politeschen Evenementer an der Situatioun am Land geschriwwen. D’Hefter mat de Gedichter goufe spéider op engem Späicher erëmfonnt. Hei sinn dës Gedichter, ongekierzt an an der Rosalie Monceau hirer Originalsprooch. RBS-Shop


cover_Biergaarbechter copy

Deemools am Minett

Dräi Familljegeschichten

Mathias Franzen, Lisa Kirscht-Kayser, Nicolas Kohl

Eise Minett huet grouss Perséinlechkeeten ervirbruecht an eist Land nohalteg geprägt. An dësem Buch geet et awer net ëm déi allgemeng bekannte Fakten an Detailer, mä ëm d’Liewen am Alldag. Déi dräi Auteuren erzielen hir perséinlech Erënnerungen, lëschteg awer och traureg Erliefnësser aus hirer Kandheet a Jugend. Si molen eis e Bild vum Liewen am Minett wéi et fréier war. 3 Liewensgeschichten, vum Minett, Eisen a Stol zesummegehal. RBS-Shop


cover_gescannt_Thillens

Dem Liewen ofgelauschtert

Gedichter vum John Thillens

De John Thillens ass 1921 zu Nidderwooltz “op der Lann” gebuer, do wou dem Michel Rodange säi Renert entstanen ass. Fir d’Musek a besonnesch fir den Jazz huet de John gelieft. Ma d’Poesie war  seng heemlech Léift. A senge Gedichter spiere mir seng grouss Sensibilitéit, seng déif Mënschekenntnis a säi feinen Humor. D’Illustratioune vum Ger Maas, Gab Weis an Emile Kirscht sinn dem Charakter vun den eenzelnen Themekreesser ugepasst. RBS-Shop