Zum Herunterladen

 

Damit alle Bücher der Editions RBS dem Publikum zugänglich bleiben, finden Sie hier zum Herunterladen und/oder Ausdrucken diejenigen Ausgaben, die vergriffen sind.

———————————————————————————————————————————-

1.Band

Et war een deemools net méisseg

Al Beruffer a Broutverdéngschter Band 1

An dësem éischte Band gi méi wéi 70 Beruffer a Broutverdéngschter beschriwwen, déi et net méi gëtt oder bei deenen d’Aarbechtsweis sech stark verännert huet. D’Beruffer gi fir d’éischt allgemeng beschriwwen, duerno presentéieren Zäitzeien Iech hir perséinlech Erënnerungen.

Editions RBS, 2009

ISBN 978-2-9599721-5-7

———————————————————————————————————————————

 

Muller

Erënnerungen aus engem beweegte Jorhonnert

E Liewen tëschent Beruffstätegkeet, politeschem Engagement a Benevolat

D’Julie Muller-Barthélemy ass 1921 zu Miersch gebuer. Hir Elteren haten de Café op der Barrière an duerno den Hotel Barthélemy. An dësem Buch verzielt d’Julie Muller-Barthélemy aus hirem Liewen, vum Liewen an Amerika an zu Miersch, vu Krich an Ëmsiedlung, vun hirem politeschen an éirenamtlechen Engagement. Perséinlech Erënnerungen, déi iwwert e ganzt Jorhonnert reechen.

Editions RBS, 2009

ISBN 978-2-9599721-3-3

————————————————————————————————————————————

144856_RBS_LIVRE_COUV.indd.ps

Déi Gefiller sinn net ze beschreiwen!

Erënnerungen un d’Liberatioun 1944/45

An dësem Buch, dat vum Biographiegrupp vum RBS zesummegestallt ginn ass, erzielen 52 Zäitzeien, wéi si d’Liberation 1944/45 vum Naziterror erlieft hunn. Et komme Leit zu Wuert, déi net d’Gewunnecht hunn, mat hiren Erënnerungen un d’Ëffentlechkeet ze trieden, an deenen hiert Wëssen an hir Andréck vun deenen dramateschen Ereegnesser no an no verluer gaange wieren. D’Buch gëtt sécher e Stéck Geschicht erëm, awer net déi vun de Politiker an den Autoritéiten, mä déi vun de „klenge“ Leit. Op deeër enger Säit gëtt den Alldag vum Vollek beschriwwen, op deeër anerer Säit awer och d’Lous vun eenzelne Fraen a Männer, Jugendlecher a Kanner, déi ongewollt an dat „Grousst“ eragezu si ginn, a gestruewelt hunn, fir dervun ze kommen. D’Temoignagë sinn op lëtzebuergesch, däitsch oder franséisch.

Editions RBS, 2005

ISBN 2-9599796-7-2

Hinterlasse eine Antwort

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind markiert *

Du kannst folgende HTML-Tags benutzen: <a href="" title=""> <abbr title=""> <acronym title=""> <b> <blockquote cite=""> <cite> <code> <del datetime=""> <em> <i> <q cite=""> <strike> <strong>