13/03/2015
pathébaby

Kino Geschichten

Mäin éischte Kontakt mat Film a Standbiller

Wéi ech 1947 – ech war 14 Joer al – um Späicher onsem ale verstëbste Filmprojekter „Pathé Baby“ mat Handkuerbel erëm begéint sinn, huet dat mech u meng éischt Kinoserliefnesser erënnert. Dat war virum Krich, wann am Wanter mäi Papp doheem owes an der Stuff  9,5-mm Filmer gewisen huet: Weiterlesen

25/02/2015
Zigrang

Zu Ouljen

All Duef hat an der Zäit säin typische Profil. Zu Ouljen, am Syrdall, war dat net aneschters. Do war en zolitte Mënscheschlag usässeg, deen sech nach fest mat der „Scholl“ verbonne gefillt huet. Eescht an oprecht sinn d’Leit hirer Aarbecht nogaangen, an zéi a verbassen hunn se een Zil verfollegt: et am Liewen, op eng éierlech Aart a Weis, zu eppes ze bréngen. Weiterlesen

03/11/2014
Schwäin

Schluechtlatäin

All Joer hunn um Duerf missen eng ganz „Kompanie“ Schwäin dru gleewen, dat heescht, si goufe geschluecht. Zu Oulje war dat och esou Usus. D’Bauereleit alleguer an déi meescht kleng Leit waren an der Zäit, wat d’Fleeschbeschafung ugeet, Selbstversuerger. Sou ass et liicht ze verstoen, dass d’Duerfmetzler dacks geklot an e ganz markante Sproch vum Stapel gelooss hunn: „De Summer sch… d’Mécken äis op eist Fleesch, an de Wanter d’Baueren.” Weiterlesen

30/09/2014
Getreide

De Karschnatz – 2. Deel: Et gëtt gedresch

Deemools haten déi déck Baueren – dat waren déi, déi op d’mannst 5 oder 6 Päerd am Stall stoen haten – eng Manege an deeër eng „mechanesch“ Dreschmaschinn amenagéiert war a vun engem Päerd a Beweegung gesat ginn ass. Dat Ganzt huet een un e Karussell erënnert. An dat aremt Päerd, dat fir déi Aarbecht virgesi war, huet missen, gedëlleg wéi e Schof, am Krees ronderëm goen. D’Dreschen an der Manege war zwar nach eng Gedoldsaarbecht, mä géintiwwer dem Dresche mam Fléiwel a mat der Maschinn, déi mat Muskelkraaft ugedriwwe gouf, war et dach e gewaltege Fortschrëtt. Weiterlesen

06/08/2014
Sauerdall bei Léifreg "Um Stee" ëm 1958, Photo Nicolas Feider

Deemools op der Sauer, ier et de Stauséi gouf

Ech si vu Léifreg an hunn nach Erënnerungen aus der Kanner- a Jugendzäit, wéi et deemools op der Sauer war. Den Dall war fréier e ganz schéinen Dall, an ass vill opgesicht ginn, haaptsächlech vu Fëscher. Fir aner Leit war en e bëssen entleeën, et hat net jiddwereen en Auto, et huet ee misse mam Vëlo fueren oder den ëffentlechen Transport huelen. Den Dall war och dofir sou schéin, well en ofgeleeë war vun alle gréisseren Uertschaften a keng grouss Strooss derduerchgaangen ass. Weiterlesen

15/05/2014
Bertha Poiré in ihrer Arbeitsdienstuniform

Ein ereignisreiches junges Leben

Ostern 1924

Meine Eltern, Anna Streitz und Charles Poiré, heirateten am 20. Mai 1920. Meine Mutter war eine tüchtige Näherin, aus diesem Grunde hatte sie erst später geheiratet. Mein Vater war Bauunternehmer. Er arbeitete mit zwei Arbeitern aus dem Nachbarsdorf. Heute steht noch immer ein Haus in Senningerberg, welches mein Vater gebaut hat.

Mein Vater arbeitete öfters in Frankreich, denn damals wurde noch nicht so viel in unserm Land gebaut. Er und sein Schwager Mathias Grethen beschlossen, für ein Jahr ganz nach Frankreich arbeiten zu gehen. Jeden Monat schickte Vater meiner Mutter das Geld zum Leben. Mein Bruder Jean-Pierre war damals erst zwei Jahre alt. Als aber wieder mehr Arbeit in Luxemburg war, kamen sie zurück nach Hause.

Weiterlesen