D’Rees a Griichenland
Vu Belgard op Belgrad an nach méi wäit – A Jugoslawie bottert et – Chrëschtdag um Balkan – Mir lueden of
Freideg, 18.12.1942
Et gëtt haut Fréibiren. Um 5 Auer musse mir opstoen, eis wäschen, den Tornëschter paken an d’Stuffe botzen. Mat eisem ganze Bagage marschéiere mir dann op d’Gare, wou alles an an op d’Waggone geluede gëtt. Mir huele mat, wat mir als onofhängeg Unitéit brauchen: Handwierksgeschir vu jidder Zort, eng ganz Kichenariichtung, 40 Vëloen, 2 Camionen, 1 Luxusauto, een décke Koup Verfleegung. Alles an allem ginn et 9 Waggone voll: 4 M-Wagen (Mannschaftswagen fir d’Arbeitsmänner), 2 L-Wagen (Langwagen fir d’Autoen an d’Gulaschkanoun), 2 G-Wagen (Gedeckte Güterwagen fir d’Vëloen, d’Handwierksgeschir an d’Verfleegung) an 1 W-Wagen (Wohnwagen fir d’Cheffen). Weiterlesen →