06/01/2016

Meng Kannerzäit am Krich – Deel 11: An der Schoul zu Woltz

Ech sinn dunn zu Woltz an d’Schoul gaangen. Déi éischt Deeg ass mäi Papp mat mir gaangen, fir mir de Wee ze weisen. Hien huet op enger ganz anerer Plaz Schoul gehalen, well zu Woltz d’Bouweschoul an der Offensiv verbrannt war. Ech hu vill nei Kanner kennegeléiert, déi mech ausgelaacht hunn, well ech den Ettelbrécker Akzent hat. Ech hu mech séier dru gi fir ze schwätze wéi si, z. B.: Mooren flikt de Koob dem Hoas no, dee mat der Noas iwwert de Woas leeft durrich de Goort.

Wéi ech méi kënneg war, sinn ech selbständeg an d’Schoul gaang. Ech als „i-Butz” hat e wäite Schoulwee. Vun doheem aus gung et d’Industriestrooss erop, da laanscht de Kierfecht, de Kräizermécher, de klenge Park am Neidierfchen bis bei d’Schlottesch Schmëtt. Weiterlesen

20/11/2015

Den amerikanesche Kleeschen

… De Kaploun Wolff sot e puer Wierder op Lëtzebuergesch zu de Schwësteren, déi d’Amerikaner frëndlech ugekuckt an diskret mam Kapp gewénkt hunn. Als Äntwert op hir Begréissung hunn och de Brookins an de Burton kuerz gewénkt.

„Wann dir prett sidd, hëllefen d’Schwësteren an ech Iech mam Gezei“, sot de Kaploun an huet op en Zëmmer déi aner Säit vum Gank gewisen.

„Jo, sécher, vu mir aus.”

„Ech waarden dann hei”, huet de Burton gegrinst an op ee vun deene groussen, geschnëtze Still am Gank gewisen.

„Feigling”, huet de Brookins him iwwer d’Schëller zougepëspert, ier en dem Geeschtlechen an de Schwësteren an dat anert Zëmmer nogaangen ass.

„Hei ass alles”, sot de Kaploun Wolff an huet op den Dësch an der Mëtt vum Raum gewisen. Do louchen e laange wäisse Surplis, dee mat Spëtzt besat war, an e Chouermantel aus schwéierem Brokat mat gëllene Stären an enger gëllener Bordür. Donieft louchen eng Bëschofsmitra, e Puer wäiss Händschen an eppes, wat ausgesinn huet wéi en fatzegt Seel. Weiterlesen

18/11/2015

Meng Kannerzäit am Krich -Deel 10: Nom Krich zu Woltz

Wéi d’Schoul de September 1945 rëm ugefaang huet, ass mäi Papp zréck op Woltz op seng al Plaz als Schoulmeeschter komm. Hien huet zu Wanseler bei eiser Famill logéiert an ass all Dag mam Vëlo op Woltz an d’Schoul gefuer. Meng Mamm a mir zwee Kanner sinn nach zu Ettelbréck bliwwen, bis mäi Papp eng Wunneng fonnt hat. Dat war net einfach, well zu Woltz hate vill Haiser es béis matkritt.

Bis Chrëschtdag 1945 sinn ech zu Ettelbréck an d’Schoul gaange bei d’Schwëster Martha. Ech erënnere mech nach gutt, datt meng Mamm ëmmer gesot huet: „Géi iwwer den Trottoir, dass de ënner keen Auto kënns.“ Dat hunn ech och gemeet. Weiterlesen

22/07/2015

Meng Kannerzäit am Krich – Deel 9: De Krich ass eriwwer

Eng Kéier, d’Klacken hunn zu Haf gelaut, do koum eisen Noper eis Kellertrap erop an huet eis an de Keller geruff. Hien huet eis Kanner e rout-wäiss-bloe Lampion ginn, mat enger klenger Käerz dran, déi am Keller ugefaange gouf. Elo stunge mir erëm am Keller, wou mer higelaf sinn, wann d’Fligere koumen. Déi grouss Leit hunn e „Vaterunser” gebiet an duerno d’Heemecht gesongen. D’Christiane, eist Nopeschkand an ech, mir hunn eis Lampionen hin an hir geschwenkt an op eemol sinn se a Brand gaangen. Weiterlesen

08/07/2015

Viru 75 Joer: Evakuatioun vun Diddeleng

Den 10. Mee 1940. Et war de Freide viru Päischten. Mäi Papp hat sech scho Gedanke gemaach, wat mir Päischten ënnerhuele kënnten. Den traditionellen Tour zu Fouss vun Diddeleng op Zoufftgen, dann iwwer Kanfen no Volmerange-les Mines koum säit der Deklaratioun vum Krich den 3. September 1939 net méi a Fro, well d’Awunner vun deene franséischen Dierfer ware wéinst der Maginotlinn evakuéiert an d’Grenzen zu Diddeleng waren zou. Weiterlesen

22/06/2015

Den éischten Nationalfeierdag nom Krich

Wochelaang virdru schonn hate mir an der Schoul auswenneg geléiert a geprouft, den 22. Januar woar et sou wäit: an der Salle Baldauf zu Réimech ass grouss gefeiert ginn. Virum Portrait vun der Grande-Duchesse Charlotte stonge mir zu fënnef um Podium, am sonndesse Gezei, mat rout-wäiss-bloe Fändelcher an der Hand. Weiterlesen

10/06/2015

Der Fetschebuer

Der Fetschebuer in Hamm,  eine begehrte Wasserstelle weit und breit, die Lebensader für die wenigen Bewohner des Äppelweg und er gab der Umgegend des Hammertälchens den Flurnamen.

Noch bis nach dem 1. Weltkrieg war es die einzige Trinkwasserstelle für die wenigen Anwohner, wie Gärtner Schosseler, Bauer Jeck, meinen Großvater, Wollweber Dumont sowie Bahnwärter Ewen im Baueschbierg. Weiterlesen

06/05/2015

Meng Kannerzäit am Krich – Deel 8: Erëm heem op Ettelbréck

Wéi d’Amerikaner d’Preisen definitiv „heim ins Reich” gejot haten, ass et am Land méi roueg ginn, a mäi Papp huet sech zu Fouss mam Rucksak um Réck op de Wee gemeet, fir heem op Ettelbréck. E puer Deeg drop huet hien äis e Mann mat engem Auto geschéckt, deen eis siche komm ass. Et war e schéinen, mee kalen Dag mat bloem Himmel. Et war meng éischt Rees an engem Auto. Op eemol ass e klenge wäiss a schwaarzen Hond äis virun den Auto gelaf. De Chauffeur huet versicht em auszewäichen. Mee, ze spéit, de Mupp huet eng Kéier gejingst, a wéi mir zu der hënneschter Fënster erausgekuckt hunn, louch hien op der Strooss. Hien huet keng Oder am Leif méi gerouert. „Nach een, deen de Krich net iwwerlieft huet,” sot de Chauffeur. Weiterlesen