13/11/2017
photo mariette leuck

Hei ass Radio Lëtzebuerg …

… Gong …

Hei ass Radio Lëtzebuerg op Mëttelwellen 208 Meter 1439 Kilohertz

… Gong …

Dës Uso huet nom Krich fir esou munnech Familljen de Feierowend agelaut. Well deemools huet de Radio nach net de ganzen Dag gesent. Ëm 6 Auer owes goufen et Neiegkeete vun heiheem an aus der Welt. Eng laang Zäit koumen duerno Suchmeldungen, d. h. et si laang Lëschte gelies gi mat Nimm vu vermëssten Ëmgesidelten oder Jongen, déi nach a Russland hätte kënne sinn. Esou munchereen huet och vu wäit ewech geschriwwen, fir gewuer ze ginn, wou seng Leit vun heiheem dru wieren. Op déi Manéier konnte Familljen erëm zesummefannen, oder si wossten, datt se sech hu misse mat enger grousser Enttäuschung aussernee setzen. Mir Kanner konnten net esou vill domat ufänken, mä mir hunn dach gespiert, wéi eescht déi Saach war. No an no goufen déi Lëschte méi kuerz an hu sech vum selwen opgeléist. Weiterlesen

22/09/2017
Findel

America, America, God shed His Grace on thee …

In den Nachkriegsjahren war Amerika nicht nur in seiner Nationalhymne, sondern auch in den Augen der meisten Europäer ein begnadetes Land. Noch gingen Briefe hin und her zwischen ganzen Familien und so manchem Befreier, mit dem sie sich angefreundet hatten … falls die Sprachenbarriere überwunden werden konnte. Wenn nicht, war es auch nicht schlimm, denn die Kinder erinnerten sich an Schokolade, Kaugummi und an die Jeeps mit oft recht flotten „Boys“. So manches Mädchen träumte davon, die Enge der Nachkriegswelt an der Seite eines GIs in Richtung „Neue Welt“ zu verlassen. Dies zumindest so lange, bis hier die braunen Babys nachdunkelten oder junge Bräute in Briefen – verhalten – berichteten, dass auch jenseits des Ozeans nur mit Wasser gekocht werde. Weiterlesen

18/09/2017
Hëlze Bud 1957

D’Hëlze Bud

Wéi ech 1951 mäi Militärdéngscht gemaach hunn, si mer heiansdo, wa mer fräi haten, an d’Hëlze Bud een huele gaangen. Eng „Bud“ am Quartier de la Gare, dat kléngt wéi wann et eppes louches gewiescht wier, si war awer ganz harmlos. Weiterlesen

12/11/2016
Iwwerschrëft

Ons Kachschoul

Ech si vun 1959-1963 um Verluerekascht an d’Ecole Ménagère et Professionnelle Ste Marie an d’Schoul gaang. Am Volleksmond ass si nëmmen d’„Haushaltungsschoul“ oder d’„Hartmanns-Schoul“ genannt ginn, well de Grënner Hartmann geheescht huet. Et ware Schwësteren, awer och Professorinnen, déi Schoul gehalen hunn. Mir haten och eng „Mutter Oberin“, déi awer guer net wéi eng Oberin ausgesinn huet. Si war eng kleng, onscheinbar Persoun, ëmmer frëndlech, déi éischter am Hannergrond agéiert huet. Den Direktor war den Här Chanoine Wagner, de „big Boss“ vun der Schoul. Weiterlesen

17/10/2016
Kiischteschiertech Memories

D’Schoulschiertech

An de fofzeger Joren ass zu Konstem kee Meedchen ouni Schiertech an d’Schoul gaangen. Souguer fir ze spillen hate mir Meedercher e Schiertech un, awer da méi en aalt. D’Schiertecher waren do, fir déi aner Kleeder ze schounen: d’Pulloveren an d’Juppe ware meeschtens aus Woll, déi net esou dacks konnte gewäsch ginn, well soss wäre se verfilzt.

Fir den éischte Schouldag gouf et en neit Schiertech, dat d’Mamm meeschtens selwer gebitzt hat. Et waren där Schiertecher mat Falen aus karéiertem Stoft. Meeschtens gouf och nach eng Täsch op déi iewes Säit gebitzt, well da konnt een dat gutt Stéck freides a samschdes nach iewentzech undoe fir an d’Schoul, wann et op der riichter Säit knaschteg war. Weiterlesen

03/10/2016
Hurt Portrait

Aus dem Liewe vun enger Infirmière

Wéi mir 1945 aus der Evakuatioun vu Lëntgen heem op Waasserbëlleg komm sinn, war eist Haus mam Geschäft, wéi och vill aner Haiser, verbrannt. Och déi zwou Brécke waren zerstéiert.

Schonn 1950 war d’Aweiung vun der neier Bréck tëschent Waasserbëlleg a Waasserbëlleg-Bréck. Et war déi éischt, déi nom Krich erëm opgebaut ginn ass. Dat selwecht Joer huet och d’Pont de Verkéier mat Oberbëlleg (D) nees opgeholl. Weiterlesen

25/01/2016
Reh

Ein eigenes Poesiealbum hatte ich nicht

Zwischen dem 5. – 6. Schuljahr und den ersten Lyzäumsklassen, etwa bis zum Passageexamen, kursierten in den Mädchenklassen Poesiealben, in denen sich die Freundinnen verewigten.

An einem schulfreien Nachmittag brütete ich über einem solchen Album und konnte nicht viel damit anfangen. Was schrieb man da hinein? Ich blätterte es von hinten nach vorne durch. Da waren über zwei Seiten Vergissmeinnichte gemalt und dazwischen stand: „Rosen, Tulpen, Nelken, diese Blumen welken, nur die eine nicht und die heißt Vergissmeinnicht.“ Weiterlesen

09/10/2015
Joss

Et war schéin der Mamm hir Stëmm ze héieren

Ech war vun 1952 bis 1955 zu Iechternach am Kolléisch an och an der Bullett. Wann ech mengen Elteren telefonéiere wollt – mir koumen z.B. tëscht dem Schoulufank an Allerhellgen net heem – sinn ech zu Iechternach an d’Post gaangen. Do hunn ech dann d’Nummer vun der “Thommessen”, enger Familljen an eiser Noperschaft zu Wooltz gefrot, déi “d’Kabinn” hat. Weiterlesen