Meng Kannerzäit am Krich – Deel 1: Meng fréi Kandheet
1939, wéi ech gebuer gouf, war bei äis am Land d’Welt nach zimlech an der Rei, obschonn den Hitler mat senge Panzere schonn seng ëstlech Nopeschlänner iwwerrannt hat. Den 10. Mee 1940 sollte mir, déi westlech Nopeschlänner, un d’Rei kommen. Wéi si sech dunn hei am Land installéiert haten, sollt villes anescht ginn.
Mäi Papp war Schoulmeeschter zu Woltz an der Jongeschoul an zwar de Jéngsten, dat heescht deen, deen am leschte genannt gi war. Lire la suite
