Ech si vun 1959-1963 um Verluerekascht an d’Ecole Ménagère et Professionnelle Ste Marie an d’Schoul gaang. Am Volleksmond ass si nëmmen d’„Haushaltungsschoul“ oder d’„Hartmanns-Schoul“ genannt ginn, well de Grënner Hartmann geheescht huet. Et ware Schwësteren, awer och Professorinnen, déi Schoul gehalen hunn. Mir haten och eng „Mutter Oberin“, déi awer guer net wéi eng Oberin ausgesinn huet. Si war eng kleng, onscheinbar Persoun, ëmmer frëndlech, déi éischter am Hannergrond agéiert huet. Den Direktor war den Här Chanoine Wagner, de „big Boss“ vun der Schoul. Lire la suite →