03/07/2020

Camping hei am Land

Esch/Sauer war an de 50er Joren, nieft der Buerschtermillen a Veianen déi meescht besichten Uertschaft vum Tourismus hei am Land. Besonnesch de Camping war beléift. An der grousser Vakanz si mir och op de Camping gaang mat enger Roulotte, déi mäi Papp zesumme mat engem Frënd, dee vu Beruff Carrossier war, selwer gebaut hat. Weiterlesen

16/10/2017

Op der Buurschter Millen

Mam Monni Joke an der Tatta Suzanne um Camping an de 60er Joeren

Mir hunn zu deene Leit gehéiert, déi nach keen Auto haten. Mir hunn och selwer kee Camping gemaach. Eis Noperen awer, de Monni Joke an d’Tatta Suzanne, dat ware grouss Camping Frënn. Si haten alles, wat ee fir de Camping gebraucht huet. An der grousser Vakanz hunn si mech fir 8 oder mol 14 Deeg mat op de Camping geholl. Fir mech war dat ëmmer eng schéin Zäit. Weiterlesen