Kinosverbuet war déi schlëmmste Strof
An de fofzeger Joren war et eng Traditioun, sech samsdesowends oder sonndesnomëttes bei engem schéine Film ze entspanen. Mir hate jo nach keng Televisioun. Soubal ech al genuch war, hu meng Eltere mech sonndes mat an de Kino geholl. Fir d’éischt waren et Kannerfilmer, do stong an der Fënster „Für Kinder erlaubt“ an da waren nach verschidden Altersgrenzen gesat „ab 12 Jahre“ oder „ab 16 Jahre“. Duerno dann déi nëmme fir Erwuessener. Lire la suite