08/02/2021

Héichwaasser zu Réimech am Dezember 1947

 

„Ech brauch Gummisstiwwele fir an d’Schoul ze goen. D’Musel steet scho bei Gretsch-Bertuys um Eck.“

No der Schoul um 12 Auer, a virun der Schoul um 2 Auer ass alles bei d’Waasser gelaf. Dat woar net wäit, well d’Musel stong um Moart. An se ass nach ëmmer geklomm, bis se virun der Bréck zesumme gelaf ass! Den Héchststand. Lire la suite

23/11/2020

De Kleesche kënnt geschwënn

Bei eis doheem zu Betteng/Mess stoungen d’ Kierch, d’Schoul, eng Wiertschaft an de Buttek an der Mëtt vum Duerf. All Freiden ass meng Mamm an den Buttek akafe gaang. Grouss Akafszentre goufen et nach keng.

Wann da freides um 4 Auer d’Schoul aus war, sinn ech eriwwer an de Buttek gaang. Meng Mamm huet do op mech gewaart fir dann zesummen heem ze goen. Lire la suite

23/10/2017

Meng Vakanz fréier

Ronderëm d’Vakanz dréit sech haut eng ganz Mediewelt. Zentimeterdéck Broschüre lackelen mat deene schéinste Verspriechen, fir de Lieser derzou ze bréngen, seng Wallis ze paken a sech am Schnéi oder an der Sonn ze entspanen, ze erhuelen, sech verwinnen ze loossen an de Stress vum Alldag ze vergiessen. Fluch- a Schëffsreesen op déi entleeënst Plaze vun der Welt sinn in.

Fréier, virum zweete Weltkrich, ass net vill rieds gaang vun Entspanung oder Erhuelung. Weltreese waren net fir gewéinlech Leit, duerfir hate si kee Geld. Lire la suite

13/03/2017

Im Waisenhaus « Op der Rumm »

Nach dem Tod meiner Mutter im Juli 1927 verwahrlosten wir Kinder zusehends. Ich war 10, meine beiden Brüder 7 und 4 Jahre alt.

Ende November 1928 fielen zum ersten Mal die Worte: „Wanns de virun esou frech bass, da kënns de op d’Rumm“. Der Briefträger hatte einen Brief mit der Aufschrift: „Sozialamt der Stadt Esch/Alzette“ abgegeben! Am Neujahrstag 1929 brachte man mich und meinen Bruder ins Waisenhaus auf dem Rahmplateau in Luxemburg, der jüngste Bruder folgte erst sechs Monate später. Damit endete eine schlimme Periode meines noch jungen Lebens, die ich bis heute nicht vergessen kann. Lire la suite

17/10/2016

D’Schoulschiertech

An de fofzeger Joren ass zu Konstem kee Meedchen ouni Schiertech an d’Schoul gaangen. Souguer fir ze spillen hate mir Meedercher e Schiertech un, awer da méi en aalt. D’Schiertecher waren do, fir déi aner Kleeder ze schounen: d’Pulloveren an d’Juppe ware meeschtens aus Woll, déi net esou dacks konnte gewäsch ginn, well soss wäre se verfilzt.

Fir den éischte Schouldag gouf et en neit Schiertech, dat d’Mamm meeschtens selwer gebitzt hat. Et waren där Schiertecher mat Falen aus karéiertem Stoft. Meeschtens gouf och nach eng Täsch op déi iewes Säit gebitzt, well da konnt een dat gutt Stéck freides a samschdes nach iewentzech undoe fir an d’Schoul, wann et op der riichter Säit knaschteg war. Lire la suite

19/09/2016

Am Meedercherslycee

1933 ware mir zu 3 Meedercher aus eiser Klass vun Diddeleng, déi den Aufnahmeexamen fir an de Meedercherslycée an der Stad um Lampertsbierg gemaach hunn. Mir hu muerens de Schülerzuch geholl, mir hate keng Ahnung, wou dee Lycée wier a sinn einfach deene méi eelere Schülerinnen nogaangen. Déi waren awer nomëttes fräi. Mëttes konnte mir am Lycée iessen. No 4 Auer huet d’Madeleine gemengt, wa mir no Süde géngen, misste mir d’Gare fannen. Lire la suite

15/07/2016

Spillgeschichten

Ech sinn vum Joergank 59. Mir, dat sinn meng Mamm, mäi Papp a meng grouss Schwëster, hunn zu Betten op der Mess gewunnt. Meng Elteren haten do um Kiem e klengt Reienhaus mat engem schmuelen, awer laangen Haff hannendrun. Vun der Kichen ass een direkt an den Haff komm. Esoubal schéi Wieder war, stoung d’Kichendier grouss op. Mir hunn déi meeschten Zäit do hannert dem Haus am Haff verbruecht. Lire la suite

27/06/2016

D’Schwëster Paula

Spillschoul Déifferdeng 1937

1937 war ech bei der Schwëster Paula zu Déifferdeng an der Spillschoul. 40 Joer duerno sinn ech hir erëm begéint wéi si hir 95 Joer gefeiert huet. Ech war bestuet an hat mäi Meedchen un der Hand. Trotz mengem Baart huet si mech direkt erkannt a geruff : „Hei, dee klenge Johny !“