06/01/2016

Meng Kannerzäit am Krich – Deel 11: An der Schoul zu Woltz

Ech sinn dunn zu Woltz an d’Schoul gaangen. Déi éischt Deeg ass mäi Papp mat mir gaangen, fir mir de Wee ze weisen. Hien huet op enger ganz anerer Plaz Schoul gehalen, well zu Woltz d’Bouweschoul an der Offensiv verbrannt war. Ech hu vill nei Kanner kennegeléiert, déi mech ausgelaacht hunn, well ech den Ettelbrécker Akzent hat. Ech hu mech séier dru gi fir ze schwätze wéi si, z. B.: Mooren flikt de Koob dem Hoas no, dee mat der Noas iwwert de Woas leeft durrich de Goort.

Wéi ech méi kënneg war, sinn ech selbständeg an d’Schoul gaang. Ech als „i-Butz” hat e wäite Schoulwee. Vun doheem aus gung et d’Industriestrooss erop, da laanscht de Kierfecht, de Kräizermécher, de klenge Park am Neidierfchen bis bei d’Schlottesch Schmëtt. Lire la suite

18/11/2015

Meng Kannerzäit am Krich -Deel 10: Nom Krich zu Woltz

Wéi d’Schoul de September 1945 rëm ugefaang huet, ass mäi Papp zréck op Woltz op seng al Plaz als Schoulmeeschter komm. Hien huet zu Wanseler bei eiser Famill logéiert an ass all Dag mam Vëlo op Woltz an d’Schoul gefuer. Meng Mamm a mir zwee Kanner sinn nach zu Ettelbréck bliwwen, bis mäi Papp eng Wunneng fonnt hat. Dat war net einfach, well zu Woltz hate vill Haiser es béis matkritt.

Bis Chrëschtdag 1945 sinn ech zu Ettelbréck an d’Schoul gaange bei d’Schwëster Martha. Ech erënnere mech nach gutt, datt meng Mamm ëmmer gesot huet: „Géi iwwer den Trottoir, dass de ënner keen Auto kënns.“ Dat hunn ech och gemeet. Lire la suite

22/07/2015

Meng Kannerzäit am Krich – Deel 9: De Krich ass eriwwer

Eng Kéier, d’Klacken hunn zu Haf gelaut, do koum eisen Noper eis Kellertrap erop an huet eis an de Keller geruff. Hien huet eis Kanner e rout-wäiss-bloe Lampion ginn, mat enger klenger Käerz dran, déi am Keller ugefaange gouf. Elo stunge mir erëm am Keller, wou mer higelaf sinn, wann d’Fligere koumen. Déi grouss Leit hunn e „Vaterunser” gebiet an duerno d’Heemecht gesongen. D’Christiane, eist Nopeschkand an ech, mir hunn eis Lampionen hin an hir geschwenkt an op eemol sinn se a Brand gaangen. Lire la suite

10/06/2015

Der Fetschebuer

Der Fetschebuer in Hamm,  eine begehrte Wasserstelle weit und breit, die Lebensader für die wenigen Bewohner des Äppelweg und er gab der Umgegend des Hammertälchens den Flurnamen.

Noch bis nach dem 1. Weltkrieg war es die einzige Trinkwasserstelle für die wenigen Anwohner, wie Gärtner Schosseler, Bauer Jeck, meinen Großvater, Wollweber Dumont sowie Bahnwärter Ewen im Baueschbierg. Lire la suite

01/06/2015

Kiermes ouni PS

D’Kiermes wor an ass d’Fest vun de Kanner an et mécht den Erwuessene grad esou vill Freed, wann si deene Klengen hir Begeeschterung op deene verschiddene Spiller gesinn.

Déi Eeler vun eis erënneren sech awer och un déi sëlleche Kanner, déi mam Fanger am Mond nëmmen nokucke konnten, well si déi néideg fënnef Su net haten, déi et deemools kascht huet. Lire la suite

15/05/2015

De Liewensretter

Den Heentz, mäi Stéifpapp, war zu Ouljen eng gewësse Perséinlechkeet, hie war nämlech Bannpréiter a seng uniformähnlech Kleedung, déi en am Déngscht gedroen huet, huet him de néidege Respekt abruecht.

Hie war och ni e Spillverdierwer a war dacks derbäi, wann et an engem Wiertshaus héich hir goung. Lire la suite

06/05/2015

Meng Kannerzäit am Krich – Deel 8: Erëm heem op Ettelbréck

Wéi d’Amerikaner d’Preisen definitiv „heim ins Reich” gejot haten, ass et am Land méi roueg ginn, a mäi Papp huet sech zu Fouss mam Rucksak um Réck op de Wee gemeet, fir heem op Ettelbréck. E puer Deeg drop huet hien äis e Mann mat engem Auto geschéckt, deen eis siche komm ass. Et war e schéinen, mee kalen Dag mat bloem Himmel. Et war meng éischt Rees an engem Auto. Op eemol ass e klenge wäiss a schwaarzen Hond äis virun den Auto gelaf. De Chauffeur huet versicht em auszewäichen. Mee, ze spéit, de Mupp huet eng Kéier gejingst, a wéi mir zu der hënneschter Fënster erausgekuckt hunn, louch hien op der Strooss. Hien huet keng Oder am Leif méi gerouert. „Nach een, deen de Krich net iwwerlieft huet,” sot de Chauffeur. Lire la suite

20/04/2015

Meng Kommioun

Ech hu meng éischt hl. Kommioun 1954 zu Bouneweg gemaach.

Ons Kierch war den 9. August 1944 duerch e Bommenugrëff zerstéiert ginn an ass am  Joer vu menger Kommioun duerch eng nei ersat ginn. Déi hat e ganz moderne Baustil mat engem véiereckege Klackentuerm, fir déi Zäit ongewinnt. Si war der Muttergottes geweit a krut den Numm „Maria Regina Pacis“. De schéine Mosaik vun der Muttergottes iwwert dem Portal, eng Aarbecht vum Daniel Loire vu Chartres, war eng Sensatioun. Vill Leit hunn awer gemengt, bannendra géif se éischter un eng Fabrik erënneren, mat deene strenge Linnen, den Eisestäiler an dem schwaarzen Naturschifer un de Maueren.

Lire la suite

30/03/2015

Klibberen

Et muss ëm 1935 gewiescht sinn. Et ass schonn esou laang hier …

Bei eis an der Strooss zu Déifferdeng-Fousbann huet de Schräinermeeschter Schuller gewunnt, deen zugläich Dirigent vum Kierchechouer war. Well ech (deemools) esou e léiwe Bouf war, hat de gudden Här Schuller mär eng Klibber gemaach. Handgemat, net aus dem Buttek, eng richteg Klibber, keng Jarre oder wéi déi aner Dénger geheescht hunn.

Stolz ewéi Oskar, ech gung nach an d’Spillschoul, hunn ech mech am Schoulhaff ugemellt. Lire la suite

06/03/2015

Meng Kannerzäit am Krich – Deel 7: „A wuer gi mir elo?“

Enges Daags am Dezember 44 stung meng Mamm mat Nopeschen um Trottoir zesummen ze deedegen. Wéi se erakoum, sot se zu mengem Papp, d’Nopere géifen all „fortlafen”. Mir sollten och fortgoen! Awer wuer, a wéi? Déi eenzeg Gefierer, déi mir haten, waren eng Kannerkutsch an eng Poussette. Meng Mamm huet eis néidegst Habséilegkeeten an d’Kannerkutsch gepaakt. Lire la suite