16/02/2015

Meng Kannerzäit am Krich -Deel 6: Liberatioun

An eiser Strooss, vis-a-vis vun eisem Haus, hu mer dacks en uniforméierte Preiss op der Trap gesi stoen. War et ee „waschechten“ oder e „Lëtzebuerger“ Preiss?

Dat weess ech net. Eisen Noper, den Zammermann, hat duerch irgendee Grond en Different mat him kritt an dee Mënsch oder Onmënsch hat dem Hary gedreet, et géif eng Handgranat a säin Haus fléien. Lire la suite

19/01/2015

De roude Léiw

In den Nachkriegsjahren feierten wir „Kinneksgebuertsdag“ auch tatsächlich am Geburtstag von Großherzogin Charlotte, am 23. Januar. Die Atmosphäre war anders als heute. Es war kalt, die Tage hatten eben erst angefangen, länger zu werden, und wer abends zum Fackelzug wollte, musste sich warm anziehen. Eine gewisse Feierlichkeit lag in der Winterluft. Lire la suite

12/01/2015

Meng Kannerzäit am Krich – Deel 5 : Mäin eenzegen Dag an der Spillschoul

Et ass lues Hierscht ginn. Ech denken et war 1944.

D’Christiane, meng kleng Nopesch, war op eemol net méi do, fir mat mir ze spillen. Seng Mamm sot, hatt géif an de „Kindergarten“ goen. Ech hunn hannert menger Mamm geseet, fir och dohinner ze goen. Meng Mamm war d’accord. Deen aneren Dag sinn ech voller Erwaardung mam Christiane a senger Mamm zu Ettelbréck an de „Kindergarten“ geschréckt. Lire la suite

05/01/2015

Héichwaasser zu Réimech am Dezember 1947

„Ech brauch Gummisstiwwele fir an d’Schoul ze goen. D’Musel steet scho bei Gretsch-Bertuys um Eck.“

No der Schoul um 12 Auer a virun der Schoul um 2 Auer ass alles bei d’Waasser gelaf. Dat woar net wäit, well d’Musel stong um Moart. An se ass nach ëmmer geklomm, bis se virun der Bréck zesumme gelaf ass! Den Héchststand.
Lire la suite

17/12/2014

Mat Vëlo a Wallis an d’Evakuatioun

Kuerz viru Chrëschtdag 1944 ass d’Rundstedt-Offensiv ugaang. Mir si vun Ettelbréck, wou déi éischt Granaten ageschloe waren, mat onse Vëloen an enger Wallis Richtung Méchela geflücht. Do sollte mir bei engem Bauer, dee mäi Papp kannt huet, fir e puer Deeg ënnerdaach kommen. Awer do war schonn alles besat mat Leit aus där Géigend. Mir sinn du weider mat onsem Gepäck op Wahl bei Famill gefuer, déi ons och spontan opgeholl hunn. Lire la suite

08/12/2014

Winterfeste

Im Leben kleiner Kinder waren damals zwei Feste besonders wichtig: Weihnachten und Ostern. Auf Namenstage wurde man höchstens hingewiesen. Vielleicht erzählte ein Familienmitglied, der Lehrer oder Pfarrer eine Begebenheit aus dem Leben des heiligen Schutzpatrons und endete mit einer Ermahnung zum Bravsein. Von Geburtstagen ging kaum die Rede. Aber, wenn nach dem Allerheiligenfest – dem Fest aller Patrone – die Tage kurz waren und abends der Himmel glühte, stand fest, dass die Engel nun für den hl. Nikolaus und das Christkind zu backen anfingen. Lire la suite

01/12/2014

Am Houseker sengem däischtere Sak

Bei eis ass ëmmer Wäert op Niklosdag geluecht ginn. Dat war fir d’Kanner dat grousst Event. Mir kruten nëmmen – haaptsächlech aus finanzielle Grënn – Saachen déi meng Eltere selwer gemaacht haten. Maï Papp dee war Woner an hat ganz geschéckerlech Hänn. Hien huet dann esou Weenercher gebaut, Baukasten och selwer gemaach. Meng Mamm huet gebak, allerlee Kichelcher mat schéine Glasuren drop. Si huet sech eng onwahrscheinlech Méi ginn. Lire la suite

24/11/2014

Meng Kannerzäit am Krich – Deel 4: An der Vakanz

De Summer hu mer eis déi meeschten Zäit am Gaart erëmgedriwwen an d’Schoulvakanzen (mäi Papp war jo Schoulmeeschter) si mer mam Zuch op Wanseler gefuer bei menger Mamm hir Leit. Dat war ëmmer eng Expeditioun! Da gouf geplangt an agepaakt a ganz dacks ass mäi Wämper Pätter (mengem Papp säi Papp vun Uewerwampech), deen e ganz praktesche Mënsch war, eng Hand mat upake komm. Et hu misste Walissen op d’Gare geschleeft ginn, eng Poussette, zwee kleng Kanner, Mäntel a Jacketten.

Wa mer dann am Zuch souzen an d’Lokomotiv huet gepaff, gezischt a gedonnert, da ware mer all erliichtert. Lire la suite

09/11/2014

D’Schoul zu Réimech nom Krich

Am Krich waren zu Réimech d’Schoulkanner gemëscht. Duerno, vun 1945 un, sinn d’Jongen nees vum Schoulmeeschter ënnerriicht ginn an d’Meedercher vun de Schoulschwësteren.

D’Klasse woaren op dräi Joer opgedeelt: Primär 1-3 a 4-6, Oberprimär 7-9. Nom 6. oder 7. Schouljoer sinn déi, déi konnten a wollten an d’Stad an de Secondaire gaangen. Lire la suite