27/10/2014

Meng Kannerzäit am Krich – Deel 3: Alldag am Krich

Als Kand empfënnt een dat dagdeeglecht Liewe vill méi einfach. An de Joren 1941-1943 gouf wäit ewech gekämpft. Fir eis Kanner war d’Spillen am Gaart, am Haus oder op der Strooss ganz gemittlech. Mee d’Zäit war schwéier fir déi grouss Leit mat alle Schikanen, deenen si ausgesat waren an alle Suergen, déi d‘Liewe mat sech bruecht huet. Mee et ass de Kanner net opgefall, oder si hu sech näischt dorausser gemat, datt vun Zäit zu Zäit hu missten déi elle rout Hakekräizfändelen ausgehaang ginn, datt de Bréifdréier mat der gieler Uniform d’Post ausgedeelt huet, datt de Papp sonndes an der gieler Uniform mat der rouder Rabbelbéchs huet missten heesche goen. Lire la suite

21/10/2014

Deemools op der Sauer, ier et de Stauséi gouf

Ech si vu Léifreg an hunn nach Erënnerungen aus der Kanner- a Jugendzäit, wéi et deemools op der Sauer war. Den Dall war fréier e ganz schéinen Dall, an ass vill opgesicht ginn, haaptsächlech vu Fëscher. Fir aner Leit war en e bëssen entleeën, et hat net jiddwereen en Auto, et huet ee misse mam Vëlo fueren oder den ëffentlechen Transport huelen. Den Dall war och dofir sou schéin, well en ofgeleeë war vun alle gréisseren Uertschaften a keng grouss Strooss derduerchgaangen ass. Lire la suite

13/10/2014

Meng Kannerzäit am Krich – Deel 2: Meng fréi Kandheet

Mir ginn an de Kino

Eng Kéier koumen Nopeschkanner mech sichen, mir géngen an de Kino. Et muss am Advent gewiescht sinn. Meng Mamm huet mech ugedoen, mee ech krut eng aner Mutz u wéi soss. De Kino war e grousse Sall voller Kanner, ech gouf op e Klappstull gesat a krut gesot, ech misst brav sëtze bleiwen. Et ass däischter ginn an de Film ass ugaangen. Et war „Hänsel und Gretel”. Ech war ganz traureg mat den aarme Kanner bei der béiser Hex an duerno och ganz frou, wéi déi béis Hex am Bakuewe verbrannt ass. Lire la suite

29/09/2014

Bouneweger Geschichten

Zu Bouneweg, an der Pierre-Krier-Strooss steet eng schéi Villa, eng aussergewéinlech Architektur. Do hat an de 50er Joren den Dr. Schmit seng Praxis an hien huet och do gewunnt. Hie war e ganz beléiften Dokter, besonnesch bei den Dammen, well hie war jovial an huet sech vill Zäit fir seng Patiente geholl. Dobäi war hie Jonggesell an huet extra gutt ausgesinn. Och meng Mamm ass nëmme bei den Dokter Schmit gaang a wa meng Tatta vu Paräis an d’Vakanz komm ass, hat si ëmmer e Bobo fir sech bei dem Bouneweger Dokter tréischten an heelen ze loossen. Lire la suite

Ein ereignisreiches junges Leben

Ostern 1924

Meine Eltern, Anna Streitz und Charles Poiré, heirateten am 20. Mai 1920. Meine Mutter war eine tüchtige Näherin, aus diesem Grunde hatte sie erst später geheiratet. Mein Vater war Bauunternehmer. Er arbeitete mit zwei Arbeitern aus dem Nachbarsdorf. Heute steht noch immer ein Haus in Senningerberg, welches mein Vater gebaut hat.

Mein Vater arbeitete öfters in Frankreich, denn damals wurde noch nicht so viel in unserm Land gebaut. Er und sein Schwager Mathias Grethen beschlossen, für ein Jahr ganz nach Frankreich arbeiten zu gehen. Jeden Monat schickte Vater meiner Mutter das Geld zum Leben. Mein Bruder Jean-Pierre war damals erst zwei Jahre alt. Als aber wieder mehr Arbeit in Luxemburg war, kamen sie zurück nach Hause.

Lire la suite

28/09/2014

Mëttes huet de Rollesbierg eis gehéiert

Wéi laang läit dat zréck? Mär Déifferdenger Bouwe waren Här a Meeschter um Rollesbierg. Dat awer nëmme mëttes, well an der Krichszäit hate mer muerges vun 8 bis mëttes 1 Auer Schoul, an d’Aarbecht „à ciel ouvert” um Rollesbierg war vu muerges 6 bis mëttes 2. Hate mer dann de more Krichskascht eran, da gong et op de Bierg. „Der Berg ruft”, huet meng Groussmamm gesot.

Wat war dann do esou interessant fir eis Bouwen? Ma um Rollesbierg louch d’Minett bal direkt iwwert dem Buedem an dofir sinn d’Flanke vum Bierg opgerappt an d’Minett erausgesprengt ginn. Dann ass et mat Buggien, déi op engem laange Schinnennetz stungen, direkt mat der Damplokomotiv „Guckuck” op d’Déifferdenger Schmelz „HADIR” gefouert ginn. Muerges huet een nëmmen „gare la mine”, d’Explosiounen, d’Kräische vun de Buggien an d’Gepäifs vum Guckuck héieren, awer mëttes, jo mëttes huet de Bierg eis gehéiert. Lire la suite

27/09/2014

Meng Kannerzäit am Krich – Deel 1: Meng fréi Kandheet

1939, wéi ech gebuer gouf, war bei äis am Land d’Welt nach zimlech an der Rei, obschonn den Hitler mat senge Panzere schonn seng ëstlech Nopeschlänner iwwerrannt hat. Den 10. Mee 1940 sollte mir, déi westlech Nopeschlänner, un d’Rei kommen. Wéi si sech dunn hei am Land installéiert haten, sollt villes anescht ginn.

Mäi Papp war Schoulmeeschter zu Woltz an der Jongeschoul an zwar de Jéngsten, dat heescht deen, deen am leschte genannt gi war. Lire la suite

26/09/2014

Menger Mamm hiren Néieschatelier

Et war ëm 1925, wéi meng Mamm sech nom fréien Doud vu mengem Papp zu Esch, op der Norbert-Metz-Plaz, e Bitzatelier ageriicht hat, wou si zäitweis zwee Meedercher beschäftegt huet.

Ech hu mech, als klenge Bouf, ëmmer missen no beim Atelier ophalen, fir datt meng Mamm mech an den Ae konnt behalen. Wann ech es genuch hat, fir mat mengem klengen Dräirad iwwer de Palier vum Stack, vun engem Zëmmer an dat anert ze jauwen, hunn ech mech mat engem zolitte Magnéit ameséiert. Domat sinn ech iwwer de Buedem gefuer an hu mech wéi e Geck gefreet, wann d’Spéngelen aus den Ecken an de Foue vum ,,Plancher” oder hannert engem Dësch oder Stullbeen mat aller Vitesse erfort geschoss koumen an u mengem Zaubereisen hänke bloufen. Lire la suite

21/09/2014

Den Här Meier an d’Gnod Gottes

An de 50er Joren, wéi ech zu Bouneweg-Nord an d’Primärschoul an der Rue des Vergers gaang sinn, hate mir am Reliounsunterricht den Här Kaploun Paul Marie Meier. Déi Zäit hat de Paschtouer an enger grousser Par wéinstens zwee Kapléin, déi him gehollef hunn seng Scheewercher ze betreien.

Den Här Meier war bei ons all beléift, well hie war ëmmer fein. Hien huet och méindes mueres, wann ee sonndes virdrun net an der Mass war, keng Pouten ausgedeelt, wéi dat bei anere Geeschtlechen Usus war an, et huet mol keen eppes dobäi fonnt. Hien huet all d‘Geschichten aus der Bibel esou gezielt, wéi wann et an der haiteger Zäit wär an hien et perséinlech erlieft hätt. Lire la suite