20/11/2015
amKl

Den amerikanesche Kleeschen

… De Kaploun Wolff sot e puer Wierder op Lëtzebuergesch zu de Schwësteren, déi d’Amerikaner frëndlech ugekuckt an diskret mam Kapp gewénkt hunn. Als Äntwert op hir Begréissung hunn och de Brookins an de Burton kuerz gewénkt.

„Wann dir prett sidd, hëllefen d’Schwësteren an ech Iech mam Gezei“, sot de Kaploun an huet op en Zëmmer déi aner Säit vum Gank gewisen.

„Jo, sécher, vu mir aus.”

„Ech waarden dann hei”, huet de Burton gegrinst an op ee vun deene groussen, geschnëtze Still am Gank gewisen.

„Feigling”, huet de Brookins him iwwer d’Schëller zougepëspert, ier en dem Geeschtlechen an de Schwësteren an dat anert Zëmmer nogaangen ass.

„Hei ass alles”, sot de Kaploun Wolff an huet op den Dësch an der Mëtt vum Raum gewisen. Do louchen e laange wäisse Surplis, dee mat Spëtzt besat war, an e Chouermantel aus schwéierem Brokat mat gëllene Stären an enger gëllener Bordür. Donieft louchen eng Bëschofsmitra, e Puer wäiss Händschen an eppes, wat ausgesinn huet wéi en fatzegt Seel. Weiterlesen

22/07/2015
Teddy Possenhaus

Meng Kannerzäit am Krich – Deel 9: De Krich ass eriwwer

Eng Kéier, d’Klacken hunn zu Haf gelaut, do koum eisen Noper eis Kellertrap erop an huet eis an de Keller geruff. Hien huet eis Kanner e rout-wäiss-bloe Lampion ginn, mat enger klenger Käerz dran, déi am Keller ugefaange gouf. Elo stunge mir erëm am Keller, wou mer higelaf sinn, wann d’Fligere koumen. Déi grouss Leit hunn e „Vaterunser” gebiet an duerno d’Heemecht gesongen. D’Christiane, eist Nopeschkand an ech, mir hunn eis Lampionen hin an hir geschwenkt an op eemol sinn se a Brand gaangen. Weiterlesen

08/07/2015
K

Viru 75 Joer: Evakuatioun vun Diddeleng

Den 10. Mee 1940. Et war de Freide viru Päischten. Mäi Papp hat sech scho Gedanke gemaach, wat mir Päischten ënnerhuele kënnten. Den traditionellen Tour zu Fouss vun Diddeleng op Zoufftgen, dann iwwer Kanfen no Volmerange-les Mines koum säit der Deklaratioun vum Krich den 3. September 1939 net méi a Fro, well d’Awunner vun deene franséischen Dierfer ware wéinst der Maginotlinn evakuéiert an d’Grenzen zu Diddeleng waren zou. Weiterlesen

06/05/2015
Teddy Possenhaus

Meng Kannerzäit am Krich – Deel 8: Erëm heem op Ettelbréck

Wéi d’Amerikaner d’Preisen definitiv „heim ins Reich” gejot haten, ass et am Land méi roueg ginn, a mäi Papp huet sech zu Fouss mam Rucksak um Réck op de Wee gemeet, fir heem op Ettelbréck. E puer Deeg drop huet hien äis e Mann mat engem Auto geschéckt, deen eis siche komm ass. Et war e schéinen, mee kalen Dag mat bloem Himmel. Et war meng éischt Rees an engem Auto. Op eemol ass e klenge wäiss a schwaarzen Hond äis virun den Auto gelaf. De Chauffeur huet versicht em auszewäichen. Mee, ze spéit, de Mupp huet eng Kéier gejingst, a wéi mir zu der hënneschter Fënster erausgekuckt hunn, louch hien op der Strooss. Hien huet keng Oder am Leif méi gerouert. „Nach een, deen de Krich net iwwerlieft huet,” sot de Chauffeur. Weiterlesen

06/03/2015
Teddy Possenhaus

Meng Kannerzäit am Krich – Deel 7: „A wuer gi mir elo?“

Enges Daags am Dezember 44 stung meng Mamm mat Nopeschen um Trottoir zesummen ze deedegen. Wéi se erakoum, sot se zu mengem Papp, d’Nopere géifen all „fortlafen”. Mir sollten och fortgoen! Awer wuer, a wéi? Déi eenzeg Gefierer, déi mir haten, waren eng Kannerkutsch an eng Poussette. Meng Mamm huet eis néidegst Habséilegkeeten an d’Kannerkutsch gepaakt. Weiterlesen

16/02/2015
Teddy Possenhaus

Meng Kannerzäit am Krich -Deel 6: Liberatioun

An eiser Strooss, vis-a-vis vun eisem Haus, hu mer dacks en uniforméierte Preiss op der Trap gesi stoen. War et ee „waschechten“ oder e „Lëtzebuerger“ Preiss?

Dat weess ech net. Eisen Noper, den Zammermann, hat duerch irgendee Grond en Different mat him kritt an dee Mënsch oder Onmënsch hat dem Hary gedreet, et géif eng Handgranat a säin Haus fléien. Weiterlesen

17/12/2014
8)f- US-Panzer 80

Mat Vëlo a Wallis an d’Evakuatioun

Kuerz viru Chrëschtdag 1944 ass d’Rundstedt-Offensiv ugaang. Mir si vun Ettelbréck, wou déi éischt Granaten ageschloe waren, mat onse Vëloen an enger Wallis Richtung Méchela geflücht. Do sollte mir bei engem Bauer, dee mäi Papp kannt huet, fir e puer Deeg ënnerdaach kommen. Awer do war schonn alles besat mat Leit aus där Géigend. Mir sinn du weider mat onsem Gepäck op Wahl bei Famill gefuer, déi ons och spontan opgeholl hunn. Weiterlesen

27/10/2014
Teddy Possenhaus

Meng Kannerzäit am Krich – Deel 3: Alldag am Krich

Als Kand empfënnt een dat dagdeeglecht Liewe vill méi einfach. An de Joren 1941-1943 gouf wäit ewech gekämpft. Fir eis Kanner war d’Spillen am Gaart, am Haus oder op der Strooss ganz gemittlech. Mee d’Zäit war schwéier fir déi grouss Leit mat alle Schikanen, deenen si ausgesat waren an alle Suergen, déi d‘Liewe mat sech bruecht huet. Mee et ass de Kanner net opgefall, oder si hu sech näischt dorausser gemat, datt vun Zäit zu Zäit hu missten déi elle rout Hakekräizfändelen ausgehaang ginn, datt de Bréifdréier mat der gieler Uniform d’Post ausgedeelt huet, datt de Papp sonndes an der gieler Uniform mat der rouder Rabbelbéchs huet missten heesche goen. Weiterlesen

20/10/2014
cemetery

Entstehung des amerikanischen Militärfriedhofes bei Hamm

An einem Sonntagmorgen im Januar 1945, radelte ich zu früher Stunde, es dunkelte noch, nach Schaedhof, um eine Flasche Milch zu hamstern. Dort wirtschaftete ein Pächter polnischer Herkunft namens Witkowski. Als ich ankam, erzählte er eben seiner Frau, dass eine amerikanische Delegation auf dem Flurdreieck zwischen Flëppekräizbierg, Eisenbahnlinie und Schaedhof gewesen sei, weil dort ein Soldatenfriedhof vorgesehen sei. Eine wichtige Entscheidung, die den Bauer sehr betroffen machte, eine Mitteilung, die ihm zu groben Flüchen Anlass gab. Es war seine Art, bei jeder passenden und unpassenden Gelegenheit fürchterlich zu fluchen. So erfuhr er, dass er sein bestes Ackerstück verlor, idyllisch gelegen, eingekeilt zwischen Buchenwäldern, mit fruchtbarer Erde, auf dem noch im letzten Herbst ergiebig Weizen geerntet worden war. Weiterlesen