20/11/2015
amKl

Den amerikanesche Kleeschen

… De Kaploun Wolff sot e puer Wierder op Lëtzebuergesch zu de Schwësteren, déi d’Amerikaner frëndlech ugekuckt an diskret mam Kapp gewénkt hunn. Als Äntwert op hir Begréissung hunn och de Brookins an de Burton kuerz gewénkt.

„Wann dir prett sidd, hëllefen d’Schwësteren an ech Iech mam Gezei“, sot de Kaploun an huet op en Zëmmer déi aner Säit vum Gank gewisen.

„Jo, sécher, vu mir aus.”

„Ech waarden dann hei”, huet de Burton gegrinst an op ee vun deene groussen, geschnëtze Still am Gank gewisen.

„Feigling”, huet de Brookins him iwwer d’Schëller zougepëspert, ier en dem Geeschtlechen an de Schwësteren an dat anert Zëmmer nogaangen ass.

„Hei ass alles”, sot de Kaploun Wolff an huet op den Dësch an der Mëtt vum Raum gewisen. Do louchen e laange wäisse Surplis, dee mat Spëtzt besat war, an e Chouermantel aus schwéierem Brokat mat gëllene Stären an enger gëllener Bordür. Donieft louchen eng Bëschofsmitra, e Puer wäiss Händschen an eppes, wat ausgesinn huet wéi en fatzegt Seel. Weiterlesen

08/12/2014
Schof_Leekoll

Winterfeste

Im Leben kleiner Kinder waren damals zwei Feste besonders wichtig: Weihnachten und Ostern. Auf Namenstage wurde man höchstens hingewiesen. Vielleicht erzählte ein Familienmitglied, der Lehrer oder Pfarrer eine Begebenheit aus dem Leben des heiligen Schutzpatrons und endete mit einer Ermahnung zum Bravsein. Von Geburtstagen ging kaum die Rede. Aber, wenn nach dem Allerheiligenfest – dem Fest aller Patrone – die Tage kurz waren und abends der Himmel glühte, stand fest, dass die Engel nun für den hl. Nikolaus und das Christkind zu backen anfingen. Weiterlesen

01/12/2014
Nicolascrop

Am Houseker sengem däischtere Sak

Bei eis ass ëmmer Wäert op Niklosdag geluecht ginn. Dat war fir d’Kanner dat grousst Event. Mir kruten nëmmen – haaptsächlech aus finanzielle Grënn – Saachen déi meng Eltere selwer gemaacht haten. Maï Papp dee war Woner an hat ganz geschéckerlech Hänn. Hien huet dann esou Weenercher gebaut, Baukasten och selwer gemaach. Meng Mamm huet gebak, allerlee Kichelcher mat schéine Glasuren drop. Si huet sech eng onwahrscheinlech Méi ginn. Weiterlesen

27/10/2014
Teddy Possenhaus

Meng Kannerzäit am Krich – Deel 3: Alldag am Krich

Als Kand empfënnt een dat dagdeeglecht Liewe vill méi einfach. An de Joren 1941-1943 gouf wäit ewech gekämpft. Fir eis Kanner war d’Spillen am Gaart, am Haus oder op der Strooss ganz gemittlech. Mee d’Zäit war schwéier fir déi grouss Leit mat alle Schikanen, deenen si ausgesat waren an alle Suergen, déi d‘Liewe mat sech bruecht huet. Mee et ass de Kanner net opgefall, oder si hu sech näischt dorausser gemat, datt vun Zäit zu Zäit hu missten déi elle rout Hakekräizfändelen ausgehaang ginn, datt de Bréifdréier mat der gieler Uniform d’Post ausgedeelt huet, datt de Papp sonndes an der gieler Uniform mat der rouder Rabbelbéchs huet missten heesche goen. Weiterlesen