Ausgangs deeër 20er Joeren hunn d’Baueren zu Ouljen de Karschnatz nach no der aler Method gemaach. Soubal si festgestallt hunn, dass d’Geescht, d’Kar, de Wees oder d’Huewer zeideg genuch war, gouf de Kniecht oder ee vun de Bauerejongen an d’Stéck geschéckt, fir mat der Flaus „lasszeméien“, dat heescht, hien huet laascht dem Noper säi Stéck „e Gankbreet“ geméit, fir dass Plaz genuch do wier, fir mat der Méimaschinn den nächste Gank kënnen ëmzeleën, ouni brauchen iwwer dem Noper säi Stéck ze fueren. Wann eng Rei ëmlouch, huet de Fruuchtméiert sech Seeler aus Stréi gemaach. An all Hand huet en eng gewëssen Zuel Stréihällem geholl a se mat vill Geschéck mat engem Knuet unenee gestréckt. Sou hat en dann e Seel, dat laang genuch war, fir eng déck Gaarf dermatt zesummenzebannen. Weiterlesen →