Meng Kannerzäit am Krich – Deel 11: An der Schoul zu Woltz
Ech sinn dunn zu Woltz an d’Schoul gaangen. Déi éischt Deeg ass mäi Papp mat mir gaangen, fir mir de Wee ze weisen. Hien huet op enger ganz anerer Plaz Schoul gehalen, well zu Woltz d’Bouweschoul an der Offensiv verbrannt war. Ech hu vill nei Kanner kennegeléiert, déi mech ausgelaacht hunn, well ech den Ettelbrécker Akzent hat. Ech hu mech séier dru gi fir ze schwätze wéi si, z. B.: Mooren flikt de Koob dem Hoas no, dee mat der Noas iwwert de Woas leeft durrich de Goort.
Wéi ech méi kënneg war, sinn ech selbständeg an d’Schoul gaang. Ech als „i-Butz” hat e wäite Schoulwee. Vun doheem aus gung et d’Industriestrooss erop, da laanscht de Kierfecht, de Kräizermécher, de klenge Park am Neidierfchen bis bei d’Schlottesch Schmëtt. Weiterlesen